merci Miau,
ech hat eng aner Versioun wou d'Bild hannert der Fra geschnidde war, also nemmen de Mann quadratesch.
Hien huet en do esou richtech ugekuckt. Des Versioun mat der Fra, déer hiere Fouss an d'Bagette ugeschnidden sin, an déi ais dem Bild eraus geht, gefällt mer awer besser.
Fir mèch !! (perséinlech) zielt bei enger Street net d'Kompositioun alleng, ob Fouss oder Bagette ugeschnidden as oder net, as net wichtech, de Mann op dén et jo unkennt mecht d'Foto aus.
Dat zielt natierlech fier Streetfotoen, am Studio as esou eppes onverzeilech. ((-:
Ech fannen zwar, datt s du do recht hues, Suraki, an awer spillt esou eppes dach eng Roll, wann och éischter onbewosst. Am Géigesaatz zum Miau fannen ech nämléch, datt deen ugeschniddenen Fouss hei grad d'Bild no lénks opmécht, an dofir d'Fra aus dem Bild eraus geet, an da gëtt se Niewesaach (ouni et lo awer eigentléch ze sin) an dat geheit dem Betruechter säi Bléck dann automatesch no riets op de Mann. Sou liesen ech dat mol. Mais, à chacun son point de vue. Ech ka méch och an di aaner Interpretatioun versetzen.
béi der Foto kënnt mat dem Bléck, Traueregkeet an Erënnerung u vergaangen Zéiten, super eriwwer, do kann é gären den ugeschniddenen Fouss vergiessen, deen ass hei Niewesaach
merci Poly,
ech gesin dat och esou, awer net well et mèng Foto as.
Esou en Moment sausen ze lossen fir eng net perfekt
Kompositioun, wär onverzeilech. ((-:
Wirklech flott lucht an cadrage. Do kukt een direkt op deen äleren mann, heen huet esou en interessanten gesicht. Wei en ausschnett vun engem film. Haaste dem mann gefrot fir den foto se huelen? sain ausdrock wirkt natiirlech mee baal wei wan heen poséiert haet fir dech.
merci Severine ,
et war zu Paräis, wou mer zu e pur Kollegen higange sin, fir eng Ausstellung
vun Streetfotografie réaliséieren ze kennen. Déi mécht Fotoen déi mer gemach hun,
hun mer (ech) d'Léit net gefrot.
Et as net meng Art a wéis, mé do as alles esou annonym dat et kén interesseiert.
Wat ech awer emmer gemach hun, a wann, nach ememmer machen, as dat ech dorno e pour Wuert mat de Leit quatschen.
Dann get dat ganzt geknippst erem positiv obgeholl, an heiansdo kommen flott
Gespricher op (((-:
De Mann hei as awer aus der Hèft eraus geknippst gin, an hat et net emol gemirkt
op dat elo richtech as oder net .... ?
eppes wés ech awer , ... dat doten as net richtech !!!!!!!!!!
Oh je, da loosse mer alt mol hoffen, datt dat do keng Schoul mécht, wat een do op youtube gesäit. Ech fannen, eis Welt as am gaangen ze entgleisen. Sou Typercher wi deen doten, déi erreeche just, datt irgendwann jidereen, dee mat engem Fotoapparat an enger Stad gesi gëtt, riskéiert festgeholl ze gin oder de Fotoapparat iwwert d'Noss gehaaen ze kréien. An da wonnert ee séch, wann alles verbuede get....