Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Westwaggon

 
Westwaggon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.12.2008
  • Gekuckt:
    25777
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/320
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    602x900
  • Späicherplaz:
    476 KB
  • Originaldatum:
    ..17.06.2008
  • Fotoapparat:
    NIKON D80
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
DxO Film Pack 2.0



Fir anzesetzen: [pg_img=32393]
Kommentar vum Fotograf:
Dest Joer as dee vum SSM renovéierte "Westwaggon" méi wi eemol ënnerwee gewiescht. Hei hun ech en op der Clausener Bréck bei der Rumm erwéscht. A well deen Autorail do, mat deem ganz Generatioune vu Schüler an d'Schoul gefouert goufen (ech och), vun 1956 staamt, hun ech probéiert d'Foto esou ze verschaffe, wi wann se och deemols gemaach gi wier.

Leider sin d'Oberleitungen hei op der Nordstreck net historesch.


! D'Foto kippt net, d'Bréck as net an der Setzwo an d'Schine sin natiirléch geneigt, wéinst der Kéier.
Shantideva 22.12.2008 - 19:59
Flott! E bessi Grain hätt hei bestemmt och gudd gewierkt. Gefällt mir awer ganz gudd och sou.
galileo 22.12.2008 - 20:16
Oh jo, domat si mer an d'Schoul getuckelt......
arwa 23.12.2008 - 12:57
an an d'Oktav, op d'Fouer, op.. op ..... smile
galileo 23.12.2008 - 13:43
Nee, an d'Oktav do war et zu Fouss, an der Nuecht smile)
Maimonides 22.12.2008 - 21:10
Kéint och elo nach bal haut sin:
Zeit vergeet awer vileicht
manner séier wéi ee mengt,
oder mir liewen ze schnell.
Shantideva 22.12.2008 - 21:26
Wann mir mol unhuelen dass et keng Zeit get, an se just durch all Eenzelnen vun eis "existéiert", dann ass daat "subjektiv". tongue Ech kann mir awer virstellen dass se haut an hei (eis Gesellschaft) méi schnell leeft... zu eisem Nodeel?... (dat spillt eventuell awer guer keng Roll) closed_eye
Nicon07 22.12.2008 - 21:47
alles as relativ. Och d'Zäit! Setzen ech 10 Sekonnen op enger gliddeger Kachmaschinnsplak, dat as eng relativ laang Zäit, setzen ech awer 10 Sekonnen op ménger léiwer Fra hirem Schouss, dann as dat eng relativ kuurz Zäit...


An deem Sënn: Huelt iech Zäit, dann hudd dir der....!

smile
Shantideva 22.12.2008 - 22:02
Gudd gesin! smile
arwa 23.12.2008 - 12:56
waat ë Verglach *muahahahahaha*
galileo 23.12.2008 - 13:43
Nico !!!! Ech schréiwen dat baal nie - méi hei: R*O*F*L !!!

Maimonides 22.12.2008 - 22:32
Zeit ass an deem Senn eng reng perseinlich Erfahrung well se fir gidfereen vun eis mol mindestens en (onbewossten) Ufank an meiglicherweis och en onbewosst Enn huet. Mir liewen op jidder Fall mei laang wei mir eis koennen erenneren.
Zeit am Allgemengen huet och eng Gechicht, vileicht souguer eng kuurz: "A Briefer History of Time" (Stephen Hawking).

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 598 Gäscht online