as zwa keen genauen -vorher- mee vermettelt dIdee awa emmerhin:
!Dës Foto ass net méi am System!
wa schons lustich drun rondremzeschrauwen!
am Verglach zum Start DEFNITIV een FAARWESCHT Motiv gin!!
great job!
joh hun ech o schons geduet...hun MENG versioun awa dohem vergees...heescht wann ma daat dann norganiseiert kreien liwren ech sen no en Sonden no....
forum wier eng gudd plaatz zbsp...
also muss soen sin deck begeeschtert vun eiser arbescht war wierklech eng flott saach an hoffn kommen an der zukunft mi oft su saachen gutt arbescht alleguer
Waat passt a waat net mengen ech ass hei eischter net passend T'ass em de Spass gaang eppes zesummen ze maachen. Mer wëllen heimat jo kee Präis gewannen.
Et geet bei relativ allem waat mer maachen em Spaass, mee dës Foto ass jo ropgeluede gi fir d'Resultat ze weisen, Fotoen ginn ropgeluede fir sech selwer ze verbesseren an ze gesinn waat ukennt bei de Leit
Mäi Comment iwwregens zur Foto: Wou ech se krut war se fir main Deel scho vill ze iwwerfëllt an ze vill dru gemaach, ech war drëttläschten. Haat eierlech gesoot weineg Motivatioun fir dun nach vill drun ze maachen.
njah...mengn nik dass ech epps kritiseire fun dem waat aner Lait gemeet hun...as joh drems gaang epps ze verännren...an DAAT as joh apsolut ereescht gin!
verstin awa Johny dass et zum Schluss wuel SCHWEIER war na fill drun ze kniwwlen...(hun mech o ee mom gefroot opsch nik vlait schons ZEFILL gemeet hun......)
mee mengn dIdee as joh lo do (wa se o schons firdru XD) an geklappt huet et o supahgudd...keint een also puer sou aktioune starte wou dann vlait nik sou FILL Lait drun deelhuelen....zbsp.....
ech verstinn nach emmer net waat dorun elo aanescht soll sin...
D'ass digital art, just vun e puer zesummen eben, dann ass d'kritik eben mi allgemeng oder un deen eenzelnen wu deen deel eben gemaat huet... daat do ass jo net perfekt, firwaat soll ee keng firschléi kréien fir ze verbesseren, ech mengen d'well een et jo d'next kéier nach besser maachen !?!
et ass aanecht well een deen et alleng mecht no engem gewessen punkt ophällt well genuch drop ass. hei ass awer lo den fall, dass och wann schon genuch drop geschafft gin ass, awer nach leit an der reih stin dei eppes mussen drun maan.
Ma wei ech soot, menger Meenung no war, wou ech d'Bild krut schonn ze vill dru gemaach. D.h. do hun ech et schonn net gutt fonnt, an ech hun awer mussen domat weiderschaffen. Dofir ass dann an dem Fall Kritik dei z.B, geif u mech goen, fir mech net su ganz fair soe mer mol
Dass een et muss gutt fanne soen ech jo op kee Fall, just mir fir main Deel sinn hei Kritiken egal War vläicht bessen schlecht oder ze vill allgemeng äusgedréckt vu mir, sry
fazit: wann sech 10 leit umellen MUSSEN déi jo quasi all eppes dru man. wann bei nr- 7 schon genuch(ADG?) drop as kann een z.b. sache man wéi eng rumm, oder nemme kleng verbesserungen.
hei as ee gudd beispill, wou de Mogway(mengen ech) 't ausgangsbild an een neit bild ageplanzt huet. PS-Projet 1
flott
mär sin desskéier definitiv an eng aner richttung gangen, an ech muss soen dass de PS-Projet 1 NACH besser ukomm as.
mee éierlech: dat doen as een immens flott experiment wat nimols wäert eng ligne behalen, vu dass emmer aner leit hier fangeren am spill hun! a GENEE DAT as dat flott un dëssem spill hei! et as vir ze weisen dass eng bildveraarbechtung -ob sober, oder abstrakt) IMMENS VILL ausmecht, an dass et méiglech as zu e puer leit ENG SACH ze man déi gudd ka sin!
ech sin immens frou doriwwer dass dat gudd geklappt huet an ech mengen net dasse mer mussen eppes um system änneren!
bis déi nächst kéier dann, ech hoffen et sin nach e puer leit motivéiert matzeman!
an waat ech awer och nach IMMENS fannen an esou Projet'en, ass ...
dass wann een d'Reihenfolg vun deenen déi mattgemach hun géing änneren ... géing erëm eppes ganz aaneschtes erauskommen ... also egal wéi ... kënnt nie daat selwescht eraus ... )
an esou kéint een och eng Expo op d'Been stellen ... matt deem selweschten Ausgangsbild ... )
tiens daat wier dach eng Idee ! ... eng Ausstellung matt esou Projet's Fotoen machen ...
nee, komm ... war einfach esou een Gedankenflux ...
Eng Rumm wollt ech net maache well daat menger Meenung no d'Arbecht vum läschten an der Rei ass, also daat ganzt am fong mei flott fir ze presentéiren ze maachen. an sou vill änneren wei dass ech d'Bild an en aanert setzen wollt ech och erem net
Dass sou epes awer nie eng Linn wärt fannen an halen ass normal