hei huet jo nach keen eppes geschriwwen, dat verstin ech nët,
exzellenten Titel: de Stäer am Sonnebrëll ass den . um i,
flott cadréiert, schéi Pose, kënnt mer virstellen, datt nach e bësse méi Kontrast der Foto gutt doe géif,
Ech fannen dass den Hannergrond zevill vum Motive ooflenkt. Firwat Blend 18 ?
Menger Meenung no haess de d' Blend sollen obmachen an d' Meechen sou freistellen.
Daat mat der Blend 18 huet folgend Ursaach :
Ech hun mein externen Bletz nach net ganz laang, an dowéinst wosst ech en Freideg nach net wéi ech do d´ Highspeedsynchronisation astellen. Well awer op der do Plaatz relativ hell Liichtverhältnisser woren, war ech dunn mat menger kiirzter Beliichtungszeit vun 1/200 relativ séier hannen widder, an mir ass soss neischt iwerech bliwen wéi d´Blend zouzemachen fir keng Iwwerbeliichtung ze kréien
Mee mettlerweil (nodeems ech meng Beschreiwung studéiert hunn) wees ech wou des Astellung fannen, an wärt an Zukunft meng Portraitén dann mat oppener Blend kennen maachen