hehe, dat as witzeg. ech hat ierch nach gesin do eroffueren a wollt schon nokommen. mee vu dass ech kee kannt hun hun ech dat emol si gelooss DAT hud der do ënnen also gemach! flott, flott bon, firwats de den audi an de VW esou knapp ofgeschnidden hues weess ech net. et kann ee secher och nach méi mat der déift spillen an deem parkhaus. dat doen gesäit e bessi "kleng" aus ...
schued
wanns de e bessenun autoen intresseiert bass kanns de jo eng keir mat op en treff goen. den 25. desen mount ass en treff um kierchbierg. kanns de dir et jo iwerleen an den 16. juni ass en treff deen ech vun der schoul aus organiseiert hun zu deifferdeng:www.oversize.lu an dann gees de bei kingz of custom
Jo d'Nr Schëlder :/
Mee och soss ass d'Foto iergendwei ... et feelt eppes! De Format ass zwar extra, mee fir de Recht wees ech net su richteg. Fir unzefänken ass de Wäissoofgläich net richteg agestallt (Ech wees, daat op der Plaz maan nervt emmer bessen, mee dofir fotografeiert een jo am RAW )
Als Autos-fan geif ech gären nach mei Fotoe gesinn, sinn der enzwech online?
ech géing ët gutt fannen wann den Hannergrond an den Vierdergrond däischter/am Däischteren wieren ---> technesch kann ech dir dofir leider nët hëllefen ... ... villäicht awer aanerer hei op PG
ech soen einfach ganz naiv emol esou:
... also wann ët machbar ass ... een Maximum vun Luuchten am Parking ausmachen an nëmmen wéineg an indirekt Luuchten unloossen (déi wäit eweg sin vun daer Plaaz wou d'autoen stin
... an wann daat nët méiglech ass ... dann PS