ganz schein faarwen.. gefällt mer.
wat mech bessi steieren kann, ass dass lenks su daichter ass an riets hell.. mee wees net su richteg op daat steiert oder net.. mol kucken waat dei aaner soen..
fannen et vum sujet hier leider net ganz intressant, mee d'foto ass gudd geholl!
Merci yoshi
Ech wollt am Fong déi ganz Rotonde fotograféieren, mee déi sin allen zwou vun baussen esou onregelméisseg beliicht, déi eng Sait sin direkt d'Poteau'en an d'Uewerleitungen vun der CFL, an dann liichten och nach déi orange Stroosenluuchten vun der anerer Sait drop, esou daat ech mech fir een Detail vun dem Ganzen décidéiert hun.
Excellent Foto,
awer kanns de nett probeieren dei 2 Steiler opp eng Heicht ze brengen. Menger Meenung wanns de een Schratt no lenks gaang wärs, = genau an der mett.
Fier den rescht, Foawen, Luut driwer lenks an riets, alles gefällt mer.
+++
OK, dann fier nächst Woch, dann huelen mer deen matt deem laaaaangen Rouer, oder soll ech soen matt der laaaanger Nues... och matt, an ech hoffen eisen Animateur den Focus leist sech och iwerrieden.
Ech gesin dat huet där och gutt gefall ... aaner Approsch zu enger aanerer Stonn. Et ass schon eng speziell Plaatz, ne du? Deng Nuetsopnahm gefällt mer gutt
Merci elmuzo
Jop ass effektiv eng interessant Plaatz am Moment fir Fotoen do ze machen. Just Owes spéit muss de oppassen, well dann leeft esou een Gardien mat sengem groussen Muppi do hin an hier
Salut Kola. Et wor en flotten Tour gescht owend. Ech war nach net esou flaisseg wei's du
Flott Foto vun den Faarwen hier. Ech hätt probeiert lenks an riets e besselchen of ze schenieden, esou dats du nemmen Steen vun der Facade drop gehaat häss.
Jo, daat mam ofschneiden haat ech och geduecht, an hun dun décidéiert et sin ze loossen well ech duecht dann géif een daat Rond vun der Rotonde besser gesinn.