Eng kleng Deirefoto aus dem deifsten Dschungel vun Berlin... :-)
Dei schein gring Schlang sutz am Aquarium am Berliner Zoo. (Also, natierlech hannert Glas...)
terrarium heescht dat... oder kann 't schlang schwammen ?
sin awer schéin erféiert, hun dat um thumbnail net fir eng schlang gehalen déck cool wéi se een ukuckt *zidder*
Nee, et ass en Aquarium... Well zu Berlin gett et den Zoologischer Garten, wou et dann normal deire gett: Keen Knut...
An da gett et nach en Gebai Aquarium, wou et op 1. Etage Fesch ze kucke gett, op der 2. Reptilien an op der 3. Insekten an Amphibien... Mee dat ganzt heescht einfach Aquarium.
Bislo baal deng beschten Berlinfoto wei ech fannen. Den Zoo huet mech vill beandrockt, vill méi wei ech geduecht hätt wou ech menger Frendin de Gefaale gemaach hun fier matzegoen. Zuer Foto: Zentréierung an dei selektiv Fokusséierung gefaale mer ganz gudd an natierlech dei saaat (mat 3 a) Faarwen dei dat Gefill eriwwerbrengen wat mech dovun oofhällt hier de Kapp ze kraulen. Vlait géif e bessen noschärfen an der Géigend vum Kapp hëllefen fier den Effekt vollkommen ze maachen.
schéin hues du déi erwëscht ...
déi Ton-sur-Ton Faarwen (Schlang+Hannergrond) an déi Drëpsen machen ët fir mech eng méi speziell Déierenfoto aus ... esou wéi een se alt emol am GEO gesäit