Du hues deng Foto riicht gereckelt wéi Ech am gaang wear e Kommentar ze schreiwen an d'jupps haat Ech e Fehlermessage an de Kommentar war duerch d'Paif.
Sou, dann nach eng Kéier: Mier gefällt deng Foto well Ech de Plateau nach nët aus der do Perspektiv gesinn hunn. D'Gebeier wierken all stark kompriméiert waat sëcherlëch duerch
den Tunnelbléck (Fenster)nach verstärkt gëtt.
Schued dass dain Apparat de Kontrast nët ganz gepackt huet, eng Spot oder mëttebetount Liichtmiessung hätt do wuel gehollëf.
Virun esou, iwerrasch eis matt denge Perspektiven.
Hehe an du soos nach dei giff dir net sou gefaalen ?! Bei menger sin na gespigelt Luuchten dran, mee dei steiren just, an mein Himmel ass net su schein klor gin ..
Hm een Zoom-Effekt kennt hei gutt, haat dat probeiert geseit relativ flott aus ...
...ech wees net waat di aaner schon geschriff hun, hun lokengLoschtd aat ze liesen!
Mir gefällt datt et mol en aaner Vue vun deenen ganzen Gebaier as! D'Faarwen sin ochganz flott, sust as d'Heichhaus fleit bessi hell gerooden...