oh daat ass schon 1-2 wochen hier mengen ech, hun haut mol den dossier vun den fotoen opgema vir ze kucken waat ech sou geknipst hun kommen der secherlech na no
zur erklärung vum bild: et sin alles nimm vun freieren proffen vum Majerus oder mengen ech och leit mat denen en zesummen geschafft huet. deelweis suguer ganz bekannter (antscheinend)
lol nee wei geil xD fron mech firwaat deen guide eis daat nett gesoot huet... haaten eis proffen angscht mier gengen o engkeier su eppes maan... hmmm... daat ass ett fleit ;P
Hei ass mol eng gudd Geleenheet engem aaneren seng Meenung iwwert deen Sujet ze froën.
Lo mool am Eescht, fënns du dass esou "Konschtwierker" et wiirklech verdingt hun an engem Musée ze hänken? Ech wees, Diskussionen iwwer Konscht gin et genuch, weini waat als Konscht ugesin gëtt, etc, mee wann ech dat doo esou gesin fannen ech et wiirklech e bëssen traureg. Wat mech dann awer nach am meeschten iergert ass weivill Zäit sech Konschtkritiker huelen fir esou Wierker säitenlaang ze analyséieren an "déif Sënner" drann ze fannen. Ech well lo keng Diskussion lancéieren! Wollt nemmen froën wei's du, Yoshi, dat sou empfënns, oder wei huert ierch den Guide dat eriwwerbruecht?
mhjo also daat doten wierk empfannen ech net als koschtwierk... e puer vun sengen biller sin wierklech immens flott, awer bei villen denken ech mer net wierklech dass et dawert wier se an engem musee auszestellen. den gudden jong as jonk gestuerwen an haat e puer ganz flott wierker, an doweinst ass en dann op eng keier bekannt. ass lo meng meenung. woubai ech net soen well, dass et einfach ass seng wierker ze maan, eng fest liewensastellung an ideen haat den jonken mensch secherlech. daat gesait een un sengen sprech dei en oft an seng biller setzt. mee daat heiten bild... nuje
jah yoshi ech gin der zwar recht... fier mech ass daat bild do och keen richtegt konschtwierk... well ween kenn neicht esou maan? Jo deen herr kenschtler ass frei gestuerwen an ech mengen och dass daat een grond ass firwaat seng wierker lo ausgestall gin mee nach een wärt sin dass heen zu villen leit vun ufank un gesoot huet heen geng beruffskenschtler gin an dun hun sech di meecht fleit geduecht wu heen gestuerwen ass, se missten sein wonsch erfellen... hm wees nett genee... mee Mojoo du hues recht esou eppes geheiert nett an en musée, well Konscht ass daat do nett
Et gin och bëschtemmt Léit dei fannen dat Bild do fantastesch. Et ass kloër dass d'Meenungen do auserneen gin, mee wann ech mer d'Bild ukucken kann ech mer einfach net fiirstellen dass et derwäert ass fir dat firun esou engem groussen Publik auszestellen, egal vun weiengem Kënschtler et gemoolt gouff. Mee nuje, et kann een jo och einfach derlaanscht goën
ech muss zwar och nach soen, dass den guide eis bei deem doten bild gesoot huet, dass daat guer net sollt an d'ausstellung kommen, mee dass daat eng art notizblaat oder sou gewiercht wier vum Majerus an dass dei leit dei d'ausstellung matbruecht hun sech geduercht hun, se sollten daat och mol do ran maan. also et ass schon en gudd steck aanech wei den recht vun sengen biller, vir dei leit dei lo jsut daat heiten gesin hun
Eigentlech huet hien de Michael Majerus daat net gemolt fir dono behaapten et wier Konscht, daat just en iwwerdimensionalen Post-it vun him wu e Notize geholl huet...
Oh, hu jo grad gesinn dat de Yannick daat firdru scho soot :/
Nujee, dann eben nach engkéier. Ass emmer gudd ze wessen waat dohannert stecht, da gesäit een et nemlech ganz aanescht.
jop, mee fannen et trotzdem lusch dass se daat dohi gehaang hun och wann een dat wees
obschon ech fannen, dass et am fong guer net su schlecht do an deen raum passt et huet eppes
den marc? also mmphotos, as lo den eenzegen den ech kennen den inaktiv as, an jo den gleicht him mega. Mais wees net op den bei iech an der Klass as :S
bah hm ween ass dann nach drop ; also den lex mol nett xD deen gesin ech nett... hmm an ech hun natierlesch rem kA ween nach bei ierch an der klass ass ° eieiei
Ech stoung letzen freideg mol firum Mudam fiir mer daat gebai endlech mol unzekukken an daat eenzegt Bild waat ech vun baussen gesinn hun war daat do, daat as mer och schon duergaang, ech fannen daat do sou lusch datt ech et schon rem baal gudd fannen