Also ech hat och un en Cord geduecht wéinst dem typeschen Opbau vum Kühler mat denen Rillen.
Den Engelchen um Capot huet mech ower éischter op Duesenberg bruecht.
Me sou oder sou: Duesenberg, packard, auburn... wor henno alles dat selwecht.
Bravo, fir exakt ze sin a GRAHAM-PAIGE Typ 97 Joorgang 1939 3,6 Liter 6 Zylindermotor mat Kompressor.
Zu Cord ass folgendes ze soen: den 812 war eng traction avant, dese Graham ass awer hannen ugedriwen, also ké Cord chassis. Cord ass 1937 faillite gaangen an d'Iwerreschter si vun Hupmobile opkaaf gin. 1940 huet Graham de Modell HOLLYWOOD erausbruecht mat enger restyltener Cord Karosserie. D'Formen fir de Karosseriebau haaten se vun Hupmobile kaaft.
Wou soll ech de Schampes schecken?
An 1962 a "Madison Square Gardens Inc.", déi et haut nach emmer gett. Vun 1945 un hun se sech nach just mat Immobilien beschäftegt an d'Autosbranch un den Henry J. Kaiser verkaaf, den dann nach eng Zäit ennert dem Numm "Frazer" weidergewurschtelt huet...
P.S. Du hues vergiess mer ze soen wou ech de Schampes schecke soll, de Knolles waart scho vleicht drop...
Tjo, wéi an mer dat elo... wann den Schampes hei an der Stad ass, dann huet den Knolles nach laang näischt dervunner.
Solle mer net einfach all op Veianen fueren an se mam Knolles zesummen knacken?