an nahc eng vum Eiffeltuerm. Rem bessen aanescht wéi déi meescht esou, mee ech wees net ob se wirklech sou gutt ginn ass an ob se net hätt kënne besser sinn, soot dir mir et.
Ech hun dei Photo lo am klengen gesin, an duecht WOW!
Lo gesin ech se am groussen an denken nach emer wow, aawer nemi groussgeschriff! As definitif eng super Opnahm... deen Cadrage mam Eiffeltuerm gefällt ma ganz gudd, och datt den Himmel su en klengen Degradé huet.. mee ech hätt ma gewenscht (fir en groussen WOW) datt d'Vue doduerch eng Vue vun der Staat gewiecht wier... daat as zua lo neicht waatste häss kennen besser maen...mee daat hätt mech gefreet . Fleit kannste daat jo am PS su als Montage eng Keier probeiren .
'net passen' ass demno wéi een et hëllt. Den Eiffelturm ass esou beliicht, ech hun, wéi ech dem Armand scho soot, näicht un d Faarwe geännert, an ech gin net esou gär un d'Faarwe frécklen bi enger Foto déi eigentlech soll realistesch äusgesinn
Ech wees och elo net ob et net bessen ze iwwerdriwwe wir matt dem Fuerwtoun wann ech daat géif maan, mee bon, misst een probéieren fir et räuszefannen.
Mee wanns de d'Foto bessen mei no ennen gesaat häss, an bessen mei vun der Stroos, oder vun der Plaatz do mat geholl häss, giff dat nach besser ausgesin, hm fannen ech mol ... Su eng Art Allé mat dem Bou vum Eiffeltuerm
Bedenk, do sinn emmer tonne Leit. Wann ech méi no ënnen kadréiert hätt, wiren do vill Leit matt drop komm, d'Glänner waat hannen bei der Wiss steet asw ... läuter Saachen eben déi d'Foto alles aanescht wéi méi schéi gemaach hätten. Mee egal, merci fir de Kommentar.
d'Fuerwe gefaale mir hei och immens gudd! Allerdengs gin ech dem Neckel Recht ech haett och vlait d'Strooss mat drop geholl daat haett der Foto nach e bessi mei Deift gin... vlait wanns de dech an d'Huppe gesaat haess wier de Point de vue (nach) mei interressant gin ... mee ech war jo net do a vlait waren einfach zevill Leit ennerwee fier daat zemaachen
Wuaw , do gesäit een ,et muss nett emmer 1.600 oder 3.200 asa sinn och 100 asa an Stativ an laaaaang belicht , gett eng super flott Foto...merci vier Daten...hätt ech nie gedurcht...super