Flott am Opbau! Déi Brenessel déi lénks am Bild méi héich as wéi déi aaner an doduerch méi onscharf gett hennert mech bessen, mee ass awer usech wait vum Haaptsujet wech.
D'Faarw vum Blaat fannen ech gudd, awer Brenesselen e bessen ze blo.
(ech gin bei dir bessi méi kritech mee mengen du wells daat jo och, ne)
Jop, hun emma gär kritiken, och wa verschidde leit bestemmt scho mengen ech wéilt mech dann emmer nach räusrieden
Ok, dann mol lass: Di Brenessel wuar awa gär sou onschaarf, haat jo e stativ, do hätt ech jo nach kennen méi oofblenden, wolt besse manner déifeschärft fir dat d'Bild méi déift kritt (wéi de Numm et scho seet a net su platt wiirkt... Fuarwen hun ech besse mi kil gemaat fir dat d'Blaat besser zum Virschäin kennt.
Kennt der fläit lo fir wi wann ech mech rem wéilt räusrieden, me wann ech eng Foto maan (firunallem lo bei Naturbiller) setzen ech mech meechtens mam Bild äuserneen, huelen mer Zäit, iwwaleen waat ech iwwahapt maan a virwaat ech et sou maan, also net sou ''auf die schnelle''
Dowéinst hun ech och emma eng aklärung parad op eng kritik
Jo ok kloer...mee mech steiert et einfach bessen...keint der lo net genau son firwaat wees jo och dass de et haess kennen aanecht maan mee daat war alt mol meng meenung
Iergentwéi ass dain éichten Saatz op eng Kritik zu 80% "<objet hei asetzen> wuar awa gär sou <schlecht adjektiv hei asetzen>"
Nuje, och wanns de et gär gema hues, ech fannen et net su gudd, an wosst och dass de eben express d'Faarwen sou gema hues fir dass Blaat gudd rauskennt. Mee ech hätt dann awer nach bessi mei greng gema... et gesait esou net su realistech aus.
Jo, probéieren graat daat lescht Wuert ze kréien
Also waat ech soen wollt: Brenesselen just méi gréng maan, ass jo einfach hei daat Blaat net unzewielen
Ech hun et jo graad sou gemaat, mängs de da gif ech et lo nees réckgängeg maan? Wanns de engkéier mueres fréi iert d'sonn op ass räusgees kriss de ouni problem sou fuarwen, ouni iergenteppes anzestellen, ''net natierlech'' kann een hei also eigentlech net soen! Fläit ongewinnt well een et selwer net kennt...
ech war och scho moies dobaussen ier dsonn opgaang ass.... son jo just dass ech et géif besser fannen mat méi gréng. an haat zwar na ni moies esou vill blo drann, dass en blaat trotzdem su propper orange gin ass.
Daat bloot liicht huet null afloss op d'Orange vum blaat, gesäis de wanns de am photoshop en orangefilter droplees... Ech weisen der engkéier eng Dia, wous de gesäis dat daat ouni problem méiglech ass, mueres sou fuarwen ouni photoshop ze kréin, a so ma dann net ech hätt d'wäissbalance aanescht agestallt
Ok, wees lo dat se där ze blo ass an du se wascheinlech net sou gemaat häss...
Ech wees et! Du hues Waissbalance agestallt
Nee, lo am eecht... Hun na ni bei bloelzechen Planzen moies su eng kloer Orange gesin... och wann daat do keen afloss huet.. Hues de déi doten dann moies gema? well du sooss jo häss se méi kaal gema..
Nee hun se net mueres gemaat, mee just d'wäissbalance dorobber agestallt, waat jo amfong de nemmlechten prinzip ass, vu dat et déi fuarwen jo simuléiren, an also och net därf aanescht sin...
Ech mängen ech weisen da daat am bäschten egkéier!
Impressiounen loossen sech net emmer gutt a Wieder faassen, Lex. Mee wells du et bass man ech een Effort:
Déi uniform greng Farw vun de Brennesselen sprëcht mech net un. Dat farwegt Element as zimlech kleng an wierkt verluer a geht net dur als Contre-poids zu der Mass greng Brennesselen.
Leider as uewen lenks een Deel (gewollt) onscharf. Mee et as do, wou de Bleck rakënnt. Dat as ebessi onglecklech.
Merci, sou hun ech kritiken gär lo wees ech wésnten virwaats de se langweileg fenns...
Fläit kann ech se horizonal flippen, dann as d'roud blaat do wou de bléck rakennt... mol probéieren...