Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wou d'Gold Traapen erof leeft

 
Wou d'Gold Traapen erof leeft
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.10.2006
  • Gekuckt:
    35314
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    236 KB
  • Originaldatum:
    2006:09:24 08:00:21
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Philharmonie  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=10874]
Kommentar vum Fotograf:
D'Reflets op den Trepplëcken kommen duerch d'Sonnestrahlen déi duerch e Gebei op der aner Stroossesait reflektéiert goufen.
JADE 10.10.2006 - 23:24
Wierklech ganz flott gin ... an zemols, dass ët och original esou gin ass ... also dass fir daat Gold keen PS am Spill ass ...

Wierklech schéin ... wier eng Idee fir d'Architekten

an fir den Rescht ...
Cadrage (villäicht just lénks e puer mm schneiden), Perspektive, Bildopbau, etc ... och ganz gutt

N.B.:
° an wann déi ënnescht Trepplécken drëschen wieren, wier ët nach vill besser, mee ... do konnst du jo och näischt machen ... smile
° ass daat een Villchen deens du do erwëscht hues?
° deen Vote (10) ass ganz spontan ...
No_Saint 11.10.2006 - 00:05
Nee d'Gold ass natierlëch wann och nët escht.
Daat ganzt war och just e Schauspill vun e puer Minuten bis d'Sonn eben ganz op war.
Mee esou sinn Ech alt belount ginn dofir, datt Ech Sonndesmoies ëm siewen opgestaan sinn fir dann ëm aacht hei bei der naasser Trap ze stoën.
° Et gëtt leider nach keen Handy matt Fön, soss hätt ech Trepplécken och nach séier gedrëchent .

° Jo, daat schingt effektiv e Villchen gewierscht ze sinn, dé wor mier emol nët direkt opgefall.
JADE 11.10.2006 - 00:13
Wollt dir daat mat engem Riesen-Ventilator och schreiwen ... mee hun ët awer sin gelooss ... closed_eye))
Ochiniwa 10.10.2006 - 23:33
WOW, haat geduecht du haess am PS geschafft... mee deen Effekt ass einfach super! Schon ganz vill Photoen vun der Phil gesinn, an dei laafen engem esou lues no.. do sinn esou speziel Photoen mat engem extra Touch wei dei heiten eng Erfreschung...

josedipa 11.10.2006 - 00:23
super
Nicon07 11.10.2006 - 09:07
Et hat séch wiirklech rentéiert, fréi opzestoën. Dee Reflex di gesäit esou echt aus, dat as scho bal net méi ze gleewen. Méi kann ech net soën, esou iwwerwältecht sin ech.
spako 11.10.2006 - 12:00
Fannen se och immens schein ... besonnesch eben duerch dei Reflektioun op den Traapen... gin dem Jade aawer Recht mam Cadrage.. ech haett vlait och daat klengt Steck lenks oofgeschnidde well daat Steiert ee bessen...
Penguin 11.10.2006 - 12:23
Gudd gesin :o)
D'Photo gefällt mir gudd matt deenen gro Téint & dann daat edel Gold :o)
MarcGerard 11.10.2006 - 13:19

super!!!
probéier mol am carrée! (enne fort!?)
carrée as schéin ;D
No_Saint 11.10.2006 - 20:36
Du hues Recht matt engem Carré ging de Bléck nach méi direkt op dé gëllenen reflet faalen an de giel/blo Farwkontrast ging méi zur Geltung kommen. Déi Foto hei war awer geduecht fir e concours mamm Thema "Linien und Kanten", dofir hunn Ech hei den Akzent op Traap geluecht, déi esou wuel Linnen wéi Kanten ze bidden huet, an als Zuesatz eben dé Reflex.(hunn'se allerdings nët agschëckt well Ech keng Zait méi hat fir se ze verschaffen).
BlueRic 11.10.2006 - 13:35
Ganz schéin gin! Dat do war den richtegen Moment op der richteger Plaatz, an dann nach super gemach. Flott kadréiert.
Dan 11.10.2006 - 14:30
Déi Foto ass dier ganz gelongen!
klex 11.10.2006 - 18:03
Ass daat eng DRI? Wa jo fannen ech dat et och kéint dobäi geschriwwe gin...
Daat ännert awer näischt drun dat et eng ganz gudd Foto ass smile
MarcGerard 11.10.2006 - 20:35

ech menge just den himmel..
klex 11.10.2006 - 20:46
Jop, wollt ech domadder soen...
No_Saint 11.10.2006 - 20:53
Nee, ass keen DRI, allerdings (wéi de Maggele treffend festgestallt huet) hunn Ech den Himmel ausgetosch, dé mer duerch e Beliichtungsfehler ganz ausgefriess war.
(war nach nët esou ganz waakrech)
rom 14.10.2006 - 11:10
Ausgefriess? Waat heescht daat? Ech huelen mol un, dass den Himmel em déi Zäit nach nët sou hell gewierscht as, oder?
klex 14.10.2006 - 12:53
eben, dri ass jo schlussendlech net aanescht wi e montage, an daat ass digital art closed_eye wann et net do steet kéint een éiren mengen d'wär sou gewierscht...
No_Saint 16.10.2006 - 22:18
Eben esou wéi dai Bild vun der Philharmonie oder ?
klex 28.10.2006 - 14:29
Weder DRI nach montage, soss sténg et do.
Arockalypse 11.10.2006 - 18:06
/removed/
OK-Photography 11.10.2006 - 19:52
also hett et jo bessi anescht formuleiert mee inhalt wier DEFNITIV deen selweschten gewiescht!!closed_eye
einfa den GLANZcool
fu mir eng 10
OK-Photography 11.10.2006 - 19:53
hmm...wu blaift meng 10?wuel en klengen henkert...dan na enka...closed_eye
patty 11.10.2006 - 19:54
mega cool gefällt mer immens gudd , gudd dass dei sonn do wuar smile
Prometheus 13.05.2007 - 19:33
As wirklech eng Glanzleechtung
No_Saint 14.05.2007 - 19:30
Merci !!
DigArt 31.08.2007 - 00:22
dei foto rockt

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 489 Gäscht online