Kommentar vum Fotograf:
... den Alphonse! (sou hu mär e mol genannt) Mat dessem Gesell haate mär-dank enger Authorisation vun der portugiesecher Regierung- d`Éier, virun den Azoren tauchen ze goen zwecks Photoreportage.
Leider war den Alphonse, e Pottwal, vun ronn 16m, iwer Waasser bedeitend mei photogen wei enner Waasser. Soubal en eis gesin haat mat de Knippsen enner Waasser ugedümpelt kommen, huet e sech geduecht "muschelt mech" an as oofgedaucht, leider an engem Tempo, deen ze fex war fir en irgendwei nach anstänneg ant Bild ze kreien.
Trotzdem war et e riesen Erliewnis niewt sou engem Wal ze tauchen, waat ech bestemmt nie mei sou wärt kennen erliewen.