De Raph vu Lincoln Hawk, wéi se de 17.1.09 als Virgrupp vu King's X am Atelier gespillt hun!
De Rescht wéi ëmmer hei.
Ech frée mech iwert all Kommentar!
Gefällt mir ganz gudd. Et muss een just drop klicken fir dass se och richteg scharf ass, awer dann get den Blëck direkt op d'Gesiicht gezun wells du d'Schärft eben genau op der richteger Platz hues. Den Verlaaf vun der Guitarre, an der Diagonal vun ennen lenks bis uewen riets ass och ganz gudd. Wirklech flott cadréiert, flott faarwen, asw. asw.
Merci Shantideva!
Leider wees ech och net wéi dat kënnt dass vill vu ménge Fotoen am "Klengen" net wierklech scharf wierken!
Freet mech awer dass se dir gefällt, asw
D'Farwen hu mir och besonnesch gutt gefall...
Exportéier se einfach mat maximal 800 an der Breet an maximal 800 an der Heischt, dann brauch een net drop ze klicken. De Problem kennt dovun dass hei dann just eng verklengert Versioun ugewisen get (vun 800 Pixel) an den Server kann se net sou gudd verklengeren wéi eng Software um Computer, an dofir verléiert d'Foto un Schärft.
De problem deen ech mat der foto hun ass datt se lincoln hawk net wierklech widderspiggelt. D'foto ass schein, schaarf, huet flott faarwen mee se braicht e bessen roughness
Villmols Merci fir däin éierleche Comment!
Si frou och emol sou Sachen ze héiren... leider hun ech d'Band nët virum Concert kannt. Wéi eng Form vu "roughness" kéins du dir dann hei virstellen?
Oder ass op ménger Säit vläicht eng Foto déi méi déngen Virstellungen entsprécht?
lincoln hawk klengen zimlech schweier an dreckeg, deng foto ass vun den faarwen, vum opbau an einfach och vum moment hier immens propper an clean, daat kann ganz gudd sen passt awer net ombedengt bai d'band
Ech war leider net um concert, dann ass et schweier ze beuerdeelen mee hun sech d'kollegen net mei bewegt? Vun de färwen hier ass se, fier mech, ze knalleg/poppech, waat natierlech un der beliichtung vum atelier lait, mee do hässte nodreiglech nach eppes maache kennen, nee?
Nee d'Kollegen" hun sech weider guer nët bewegt!
Nodréiglech gin ech eigentlech nët gär vill u Fotoe kniwelen well ech se sou wëll, wéi et dee Moment wou ech ofgedréckt hu, war!
Mee daat ass sécherlech mäi perséinleche Choix.
där meenung sen ech och, mee et geet jo net nemmen em daat waat ee gesait mee och em daat waat een heiert an waat een fillt um concert an do ass aperture dai frend
Ech si komplett averstan mat dir!
Wann's de wëlls kann ech dir d'Foto am RAW schécken an du verschaffs se wéi's du se am beschte fënns!
Géif mech wierklech interesséiren... waat mengs de?