Dat ass jo alles schéin a gudd wats de mam Hannergrond gemach hues (Téinung), AWER um Auto passt d'Reflexioun iwwerhaapt net mat der Atmosphäre iwwerteneen. Zb spijelt sech am schwarzen Lack den bloen Himmel deen awer dem Hannergrond no nët méi hellblo sin kann, mais éischter en orange/roud touch huet.
Déi Wiss am Hannergrond (uewen riets dat klengt Feld) misst der Logik no déi selwecht Fuerw/Beliichtung hun wéi déi wou den Auto drop steet (-> e klengen Logikfehler )
Daat mam Himel war awer sou, mei wei hellegkeet an kontrast hun ech net geänert, eeben just partiell...den himmel war nach blo an hannen eeben schon orange. An dei wiss hannen an dei fier hun ech zesummen deichter gemaach. Dei haaten also och am original deen ennerscheed.
Hei kanns de jo vergleichen:
http://www.photogen.lu/photo_view.php?id=28095
Waat mir direkt - negativ - opfellt, ass d'Rumm :S u sech fannen ech d'Foto net schlecht, du hues dir eng Landschaft an Luucht rausgesicht ma fir sou Detailer am Photoshop kann ech dir nitt virunhellefen
Rummen sinn jo mol emmer afg an meeschtens steieren se mech mee daat brongt passt fir mech nitt zur Foto an och d'Schreft geseit bessen gezwongen dohinnergesaat...mee zur Faarw kann een dir ze gudd haalen daat ech se am Moment um Laptop kucken, ech kann och nach engkeier den PC uschmeissen fir d'Faarwen op engem anstennegem Monitor ze kucken....
Ups an jo, lo wouste et sees mat de Streifen...mee d'Schreft gefaellt mir trotzdeem nitt, mee ass sws eng ganz kriddelech Affaire...wier jo nitt dei eischt Diskussioun iwwer Schreften op Photogen
Ech fannen et hei net passend dat d'rumm dezentréiert ass, firunallem fannen ech se awer net flott win der Fuaw. An d'Schreft ass ze kleng an wi de Mika scho seet gesait gezwongen aus.
Den Hannergrond ass gudd gewielt, d'Felge komme flott eraus, mee wen Auto usech net, deen as ze däischter.
Hun lo na nie su Fotoen gemat, wees net wi schwéier et ass, mee Indirekt opgehellt mat Bletz oder nodréiglech nach opgehellt am Photoshop, firunallem de viischden Deel vum Auto, dann gif e scho vill mi zur geltung komen.
Soss ganz flott
Mam ophellen probeieren ech nach bessen mei rauszehuelen, d'rumm mengen ech elimineieren ech dann leiwer
Zu der Hellegkeet, hun se um laptop verschafft, an deen as nach guer net calibreiert an neicht, kann och gudd sin dass etdofier ze deichter as.
Edit: waat ech nach vergies haat: villmols merci fier är comments. Probeieren se sou gudd wei meiglech nach emzesetzen
(jo een DRi, keint een maan, mee ech haassen se:P Probeieren awer mol )
mam ophellen haat ech schon probeiert, ech krein et einfach net hin ouni tonnen ellen reflexer drop ze kreien. Wann do een eng idee huet kann en se jo fleit gin