Mäi Gott, wat war ech deemols nach sou jonk! A wann ech haut di Foto do gesin, da mengen ech, déi wier gëschter opgeholl gin. Hun ech elo schon eng Demenz?
Di Farwe si mega, egal, ob s du geflucht hues beim scannen. Ech hu gemengt, di nei modern scansoftwaren géifen den orange mask automatesch ignoréieren an et wier méi tricky, Filmer ouni Mask ze scannen.
Mech huet se ë bëssen un däin CinéStill errënnert mat den iwerbetounten rout a giël Téin, mais vläicht mengen ech daat och nëmmen...
Normal Farwnegativfilmer ouni Mask gëtt ët schon laang nët méi, bleiwen da just nach Diafilmer an ech fannen dass déi am einfachsten ze scannen sin. Ech muss zwar soen dass ech schon eng gudd Zäitchen kee Scanner méi dofir benotzen sonder se mat enger Pentax K1 II "scannnen". Daat geht vill méi schnell an a besserer Qualitéit wéi mat engem Flaachbettscanner egal op Epson V750 oder V850 woen ech emol ze behaapten
Ganz éierléch, ech hun och schon dru geduecht, mir eng Table lumineuse ze kaafen an dann d'Negativer mat enger vu méngen Nikons mam 60mm Macro (quasi ouni Verzeechnung) ze "scannen".
Daat errënnert mech drun wéi eisen Techniker ëmmer gesoot huet: "Demols wéi d'Welt nach an Uerdnung war an d'Baachen a Beton gelaaf sin, daat woren nach Zäiten!"