Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Am Rapsfeld

 
All Fotoen an dëser Serie:
36941 Thumbnail
36943 Thumbnail
Am Rapsfeld
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.06.2013
  • Gekuckt:
    18558
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    26.06.2014
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 & Extender1.4x III
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73317]
Kommentar vum Fotograf:
steht ee Réih ... Kann mech net teschent denen zwou entscheeden .. ass keng gespigelt mais zwee verschidden Biller
gemu 27.06.2013 - 08:50
Fannen déi 1. besser wéinst dem flou deen net esou dominant ass an méi orégelméisseg ass. Um déifste Punkt bid den flou eng ouverture an d'Bild, do wou d'Réih och hin kuckt. Gefällt mer.
Schluck 28.06.2013 - 23:29
Hmm .. stëmmt den Flou ass villeicht ee bëssen zevill .. sou eng Art "Barriere" .. villeich an de Pano croppen déi 2 ?
gemu 29.06.2013 - 07:58
Daat wir mol eng Iwerleeung wert, ënnen e bessi eweg vläit am 16/10 Format oder esou ähnlech.
gtaddei1 27.06.2013 - 09:06
Jo ... Oder Yessss!
Schluck 28.06.2013 - 23:27
Genau esou! Ech hunn laang drop gelauert bis ech ët endlech do erwescht hunn .. déi eng kéier huet een d'Jogger mer ët verjoht, déi anner kéier een Auto. Wéivill Deeg hannerteneen ass ëmmer irgend eppes schief gangen .. bis ech se endlech hat.
gtaddei1 29.06.2013 - 14:10
Dei meescht wessen net waat fir eng Aarbescht dohanbert stecht!
JC1967 27.06.2013 - 09:31
Schleissen mech dem gemu hei ganz un. Dei 1st ass dei flottst. smile
Schluck 28.06.2013 - 23:26
Merci Jean-Claude, sinn frou dass ech sen endlech hunn .. lo fehlen d'Hirschen nach do .. fannen se allen zwou flott, mais den Jean-Paul sain Argument sprëcht ganz kloer fir déi 2.
icylady 27.06.2013 - 09:42
hey Schluck, mir gefällt déi 2. besser, well do daat Flou't d'Réih méi ausspuert, also d'Réih méi frei do steet, an ech hun daat Gefill de Raps wär eng Idee méi giel dorop, kann den Effet vun der Schärft sinn, een flotten Moment festegehaal smile
Schluck 28.06.2013 - 23:24
Ët kann sinn dass déi eischt een Tick méi saturéiert ass .. Merci gesoot
Abacab 27.06.2013 - 14:11
Den Titel ass "Am Rapsfeld", a wann et em d'Rapsfeld geet, dann ass di 1te méi schéin, mee..
Wann et em d'Réih geet wat am Rapsfeld steet fannen ech di 2te besser well d'Réih esou schéin an d'Lens kuckt closed_eye
Schluck 28.06.2013 - 23:20
Ee Réih am Rapsfeld .. mir ass ët eischter ëm d'Réih gangen closed_eye Merci Marc
jps 28.06.2013 - 13:55
fir mech déi zweet.
Bei der éischter gees de mam Bléck vum Réi aus dem Bild eraus an bei der zweeter bleiwt de Bléck um Réi sengem Gesicht hänken.
Schluck 28.06.2013 - 23:17
Merci Jean-Paul, ech hat am Unfank geduecht déi 1. wier besser wëll den Bléck an der Diagonal ass awer effektiv, bei der zweeter bléiwt den Bléck hänken an wandert nët aus dem Bild eraus.
jorsch 29.06.2013 - 09:43
Fir mech di éischt. De Bléck an der Diagonal ass méi dynamesch, antizipéiert d'Beweegung vum Réi. Bei der zweeter bleift de Bléck stoen.
Schluck 30.06.2013 - 21:57
Merci jorsch, aass schon intressant déi verschidden Mehnungen héi ze liesen. Se wierken allenzwou ee bëssen annercht déi eng méi roueg déi anner méi spannend ... ech kann mech ee nët entscheeden bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

downwards

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: nazaretalaragon
Am Ganzen: 3728
keen Benotzer an 449 Gäscht online