Ass gutt ginn. Just d'Schierbelen sinn bal all op der selwechter Distanz. Et géif nach méi impressionant wierken wann e puer Schierbelen méi no wieren.
eh géif just wei schon gesoot gouf d Distanz vun den Schierbelen varieiren, oder d' Verdeelung eventuell ...an och hir Form, et mierkt en zevill dat déi selwecht Schierbel emmer rem remkënnt
Vir genau ze sinn sinn et 8 verschidden Schierbelen, déi an anerer Gréisst an Ausriichtung ëmmer rëm kommen. Mat der Déift sinn ech wei gesot selwer och nach net zefridden.
Super PS Aarbecht, respekt! Wann ech elo eppes misst aussetzen dann wier et just dass eng Frontschéiw ni zersplittert. Wann een dat net weess ass et egal.
Se kann eventuell duerch räissen well et jo 2 Scheiwen sinn, déi op een Plastiksfilm gebak sinn (Verbondscheiwen). Dat verhënnert dass d'Scheif kann an Stecker briechen, an d'Stecker d'Insassen kennen verletzen. Ausser d'Säitenscheiwen sinn aus normalem Sécherheetsglas. Dat ginn ganz kleng Stecker. Soit... egal... dat war jo just een onwichtegen Detail.
Mol am Eescht, ech hunn den Auto mat zerbrachener Scheif fonnt, hunn just déi fléiend Splitteren bäigesat.
Och déi Fënsteren briechen ënnert engem staark genuchen Choc.
Et ass jo gutt... se briechen (=räissen), awer et entstinn keng Stecker well se duerch den Plastik verbonnen bleiwen. Dat sollt elo keng laang Diskussioun ginn an och keng schlecht Kritik sin. Ech hunn dat sou niewebäi gesot well ech joerelaang an engem Betrib geschafft hunn deen Autosscheiwen hierstellt.