Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
|
|
hun welles mer vläicht en neien Fotoapparat ze kafen |
|
Hallo,
ech denken dorunner mech vun menger Nikon D40 ze trennen an mer eng nei Nikon ze kafen. Direkt an den Sënn koumen mer Nikon D90 an Nikon D300.
Ech hunn lo schonn an e puer Testberichter am Internet gelies, dat se vun der Bildqualitéit hier zimlech gläichop leien, dass awer d'D300 méi robust an individuell wier, während d'D90 och nach eng Videofunktioun huet, woubäi ech mer secher sinn, dat ech se héchstwahrscheinlech nie wäert benotzen... Ausserdem soll den Präis vun der D300 lues a lues falen, vu que dat se vun der D300s ofgeléist gëtt...
Ausserdem hunn ech nach mäin Sigma DC 18-200 mm OS HSM, an hunn néirends sou richteg fond, ob ech déi zwee och nach weiderhin optimal kann mateneen notzen.
Wier frou iwwert all Hëllef an vläicht total aner Iddien (awer Nikon sollt et sinn)
|
|
08.01.2010 16:11 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
jiddreen huet e bessen seng eegen Kriteren, dofir ass daat schweier ze soen, dei eng hu gaer eng schweier Kamera dei stabil an Hand leit, anerer leiwer eng liicht a kompakt kamera,
http://www.dpreview.com/reviews/compare_..._d5000&show=all
do kanns de bessen d Ennerscheeder zu denger D40 kucken
|
|
08.01.2010 16:34 |
|
|
Jitzi unregistriert
|
|
|
08.01.2010 17:26 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
ech geing der urooden iwwert d'gewiicht nozedenken. D300 as vill mei schweier an emstandlech matzehuelen. Wann daat en problem fier dech keint sin geing ech der urooden eng d90 ze huelen an mat den gespuerten suen nach eng schein lens ze kaafen. en gudden fotoaparat deen doheem lait mecht net vill fotoen.
|
|
08.01.2010 22:23 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Wanns de kee PRoblem mat engem manner gudden Sucher hues, a sws nemmen mat HSM/USM objektiver schaffen wells, dann ass och nach d D500 eng alternativ, oder gin et do nach ennerscheederdei ech iwwersinn hun? sensor ass wuel dee selweshcten
|
|
08.01.2010 23:57 |
|
|
Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
Jo dat mam Gewiicht hat ech mer och schonn iwwerluecht... Well bon ech hunn zua eng praktesch Täsch, mee fir am Summer an der Vakanz den ganzen Dag bei 35°C matt 1,5 kg op der Scheller duerch eng Staadt ze laatschen... il faut le faire
Den Präis deet natierlech wéi bei der D300... mee ech wier souguer bereet mi laang dofir ze schaffen!
Bon an wat d'Videofunktioun bei der D90 ugeet, ech bréciht et net mee bon, dann hu mer eben en extra.
Ech denken, ech hu mech fir d'90 entscheed.
merci alleguer!!
|
|
09.01.2010 17:31 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
also wann ech mech do lo net sollt komplett täuschen hues de um apparat selwer vun astellungen bedeitend manner bei der d5000... dobai kennt nach dee schwenkbaren ecran... jo bon schein an gudd mee mei fragilen schnickschnack fiir awer naicht dermat ze maachen! Also ech kann als d90 Besetzer, an d300-geleegeheetsknipser (main papp huet eng) naicht schlechtes iwwer beid soen!!!
mee et ass wi den dr_kim_veis seet : gewiicht spillt!
Also deen groussen ennerscheed (photograpeschen punkt hiir) vun d90 op d300:
autofocus punkten: 11 (d90) , 53 (d300)
Vue dass de hei bei der d300 sws greisstendeels (wahrscheinlech) an 'focusgruppen' (wann een daat su nennt) schaffs gin dei 11 vun der d90 unsech duer
astellungen: notamment den bracketing deen vun 3 biller (vun den EV hiir) bei der d90 op 9 biller bei der d300 klemmt, wu ech muss soen dass ech den präisennerscheed ze grouss fannen fiir daat waat een et brauch, anstaenneg hdr's mess de sws wanns de se manuell emstells!
an natiirlech d'méiglechkeet déis de bei der d90 NET hues Synchronkabelen fiir den Bletz unzeschleissen hues de bei der d300!
Also reng Bildqualitéit méisseg ass et wiirklech net eng Weltrees vun d90 op d300, ech ging soen dass eng d90 largement duergeet an dann kennt dono sws als wiessel hextens nach eng Vollformat an fro, wanns de mech frees
voilà mäin avis!
greetz deBaemm
P.s.: Ech hun bestemt nach epes vergiess waat ech wollt schreiwen mee dann kennt daat na no
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
09.01.2010 18:11 |
|
|
dr_kim_veis
Tripel-As
Dabei seit: 10.01.2009
Beiträge: 157
|
|
pc-sync kabel kanns de iwwert en hot shoe adapter uschleissen. daat kascht vlaicht 5 euro...
|
|
09.01.2010 19:27 |
|
|
deBaemm
Tripel-As
Dabei seit: 15.05.2009
Beiträge: 211
Herkunft: Holzem
|
|
kenns dann do op daat nemmlecht raus wei d'unschless un der d300 (up)? (ech froen als net erfahrenen bletzer
)
__________________ - If you saw a man drowning and you could either save him or photograph the event...what kind of film would you use? -
|
|
09.01.2010 22:15 |
|
|
Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
alsoooo ech soen villmols merci fir di vill infoen...
Dat mam pc-sync kabel ass wierklech net entscheedend (besonnesch bei dem Präiss), aslo vun do hier spillt dat net. Wat dat matt den autofocus gruppen ugeet, denken ech dat ECH den ennerscheed do secher net ging mierken.
|
|
10.01.2010 18:43 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Ech fannen daat grad am Hobbyberraich dGeld besser an Objektiver investeiert ass wei an Bodien, well dei gin ganz seier aal, an daat waats de haut vir 1000 euro kriss, kascht nächst joer nach 500 euro... et et ass een jo net wei dei professionell gezwong emmer um hechsten stand vun der Technik ze sen...
|
|
10.01.2010 20:51 |
|
|
Gwendoline
Jungspund
Dabei seit: 04.05.2008
Beiträge: 15
Themenstarter
|
|
ok domadder sin ech d'accord, mee hunn awer nach eng fro:
soll ech mer (vu que dat ech en sigma 18-200 mm hunn), d'D90 am kit mat engem Nikon objektiv (zB 18-105) kafen?
|
|
14.01.2010 18:47 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Spontan: Nee, dNikon 18-105 ass zwar bestemmt besser wei dSigma, mee emmer nach een baal 6fachen Zoom, an souvill Zoom ass ni gudd...
Dei 180 euro keins de zb an een 35f1.8 oder een 50f1.8 stiechen ;-)
|
|
14.01.2010 19:04 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
180€ fier een 35 f1.8? Wou??
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
14.01.2010 19:29 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
|
14.01.2010 21:49 |
|
|
mmphotos
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden
|
|
En dx...jo, mee ech geif awer, zumols bei fix brennweiten keng dx kaafen.
__________________ "Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
|
|
14.01.2010 22:23 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
das bessen geschmacksaach... Wann een net welles huet sech schweier FF Bodien ze kafen oder op Film ze schaffen, dann ass et dach kee problem....
a soulaang Nikon DX Kameran mecht bleiwt et dach och gudd weiderverkafbar
an et ass mei liicht wei een FF
|
|
14.01.2010 23:10 |
|
|
|
Dat mam Objektiv ass jo schéin an gutt Mais du kriss een net fir den Präis,
ganz ënnen op der Säit steet "...zzgl. Versandkosten..." dat heescht du kriss een net fir
den Präis et kommen mol nach +- 16 Euro Transport der zou dann bass du bei 202 Euro,
dann hues du besser gëss hei een bei een Fachgeschäft een kafen.
|
|
15.01.2010 12:29 |
|
|
pol9000 unregistriert
|
|
Et gung net em dee Shop mee drem eng d90 mat 16-106 ze kafen oder ouni, an dann dorems daat ee vir daat geld quasi een 35f1.8 kritt.
(am geigendeel zu aneren man ech hei keng Reklamm)
|
|
15.01.2010 13:42 |
|
|
|
- éischtens wollt jo just drop hinweisen well soss as ett jo falsch beroden ginn.
- zweetens "...am geigendeel zu aneren man ech hei keng Reklamm..." lies däin Beitrag wat ass dat dann? (just eng Fro?)
- drëttens geet et ëm den d90 mat 18-105
Zu der Fro weien Apparat kafen am Kit oder net, muss ech dem pol9000 Rescht ginn an zwar giff ech dann just den Body kafen oder evt. een anert Objektiv der bei, oder halt Zubehör wat een nach sou halt kéint gebrauchen well wann een schon een Sigma 18-200 huet wier et usech net sou flott nach een 18-105 derbäi ze kafen. Souwisou keent et ëmmer drop un wat fir Fotoen een well man.
Oder awer du wëlls gären een Ersatzobjektiv zum Sigma, oder wëlls villäicht mat zwee Apparaten zu gläicher Zäit schaffen, dann wier den Kit besser. (huelen mol un du hues schon een Apparat)
|
|
15.01.2010 14:26 |
|
|
|