Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Killerspiele » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (2): [1] 2 nächste » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Killerspiele 2 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

wütend Killerspiele Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

folgenden Text hun ech och op mengem Blog op www.sicho.info gepostet.
ech hun en och op rtl.lu als Lieserbréif gescheckt, mee bis lo hun se en net online gesaat.

Wanns du och fenns, dass et duergeet d'ass d'Schold no engem Amoklaaf an ähnleches emmer op "Killerspiele" (waat een idioteschen Ausdrock ...) gedréckt gëtt, dann post deen Text rouëg op dain Blog, Internetsite oder Forum.

---------------------------------------

Killerspiele!

Een offenen Bréif un d’Medien, d’Politik an d’Elteren.


Den Fans vun Videospiller geet et momentan ewei villen aaneren, dei d’Debatte, dei an Kosequenz vum Amoklaaf zu Winnenden lassgetrëppelt gouf, verfollëgen: se sin faassungslos an rosen. Faassungslos doriwwer, waat fier een Leed een scheinbar ganz normalen Jugendlëchen mat der Waff vun sengem Papp ugeriicht huet. Rosen doriwwer, d’ass alt erëm - fiirun allem an Däitschland - versicht gëtt, dës krank Doot domadder ze erklären dass Videospiller aus Jugendlechen “Killer†maan.

Nei Medien gëllen als suspekt. Daat ass net nemmen bei Videospiller an dem Internet sou, daat huet och schon fiir Filmer, Rockmusek, TV, Micky Maus Hefter (dei als Schund an Schmotz vernannt goufen) an Bicher gegëllt. Angeeblech huet jo och schon dem Goethe sain “Die Leiden des jungen Werther†reihenweis jonk Männer an den Suizid gedriwwen.

D’Diskussioun leeft dobäi emmer noom selwechten Muster oof: engem neien Medium, daat vill Leit nemmen vum Héieren-Soën kennen, gëtt fiirgeworf d’Jugend ze verblöden. D’Reiz-Reaktiouns-Muster, daat däer Argumentatioun zu Gronn läit ass daat vum Pawlow. ( http://de.wikipedia.org/wiki/Iwan_Petrowitsch_Pawlow ) Mee sin Menschen ewéi dem Pawlow seng Hënn, dei op een Signal hin unfänken mat sabbelen? Nee. D’Psychologësch Fuerschung huet d’Theorie, dass sech menschlëcht Verhaalen iwwert plomp Reiz-Reaktiouns-Schemata erklären loossen kéint, schon säit Joorzëngten widderluecht.

Léif Journalisten,

Mir “Gamer†appelléieren un d’Journalisten weltwäit an fiirun allem an Däitschland, sech mat den Spiller an den Gesetzeslaagen, iwwert dei se sou reißerësch berichten, professionell ausernaaner ze setzen! Kennt dier den Ennerscheed tëschend Spiller, dei an Däitschland ab 18 fraiginn sin an deenen, dei an Däitschland indizéiert sin? Wësst dier, op World of Warcraft een Egoshooter ass oder een Onlinerollenspill? Wësst dier op Counterstrike nemmen Gewalt enthält oder Gewalt verherrlëcht? Kennt der den Ennerscheed tëscht Gewaltverherrlëchung an Gewalt beinhalten? An der Vergaangenheet hun mer leider emmer rem missten materliewen, dass d’Journalisten all daat net wossten an sech mëttels ausgesichten, souguer deels gestallten “Experteninterviews†hier Fiiruerdeeler iwwert Videospiller bestätegen geloos hun.

Wann dier genau hinkuckt, leif Journalisten, dann wäert dier gesinn, dass et eng ganz Lëscht vun Erzéihungswëssenschaftlern, Medienpädagogen an Psychologen gëtt, dei net vun Talkshow zu Talkshow laafen oder an der BILD no Verbuedsgesetzer jäizen, mee dei zuer Differenzéierung opruffen. D’journalistësch Suergfaltspflicht gebitt ierch äer Recherche fiirurdeelsfräi an resultatsoppen ze gestalten an an Konflikten dei zwou Säiten vun der Medaille duerzestellen. Bericht w.e.g. iwwert d’Erkenntnisser an der Medienfuerschung amplaatz pauschal fiirzeverurdeelen. Wisou erwähnt dier iwwerhaapt, d’ass den Amokleefer vun Winnenden Computerspiller op sengem PC haat, wann mol guer net bewissen ass et een direkten Zesummenhang tëschend Medieninhalten an Gewaltdooten gëtt?

Meiglecherweis hudd dier d’Gefill, den negativen Afloss vun Videospiller giff op der Hand leien, well all dei Amokleefer vun den lëschten Joorën sou Spiller gespillt huet. Wann dier unhuelt, dass doranner een Zesummenhang besteet, dann ignoréiert dier den Fait, dass Milliounen (!) Menschen sech mat sou Spiller beschäftegen an een friddlëcht Liewen féieren. D’Schlussfolgerung, dei mat Sätz ewéi “all Attentäter beschäftegt sech mat gewaltätegen Videospiller†äeren Nolauschterer/Lieser/Spectateuren opneidëgt, follëgt der selwechter Pseudo-Kausualiteit dei bei enger Aussoo wei “all Attentäter huet schon eng Keier an sengem Liewen Brout g’iess†oder “all Attentäter huet Micky Maus gelies†gin wier. Mëcht daat Sënn, leif Journalisten? Kloër, “Killerspieleâ€-Headlines bréngen Oplaag … mee d’Wourecht bleift op der Streck.

Léif Politiker,

Mir “Gamer†appelléieren un d’Politiker - fiirun allem an Däitschland - reflexaartëg Verbuedsjäizeréien, dei no Amokleef emmer rem opkommen, anzestellen! Um Stammdësch an am Béierzelt brengt daat vläit Applaus, mee dier maat äerch bei Milliounen vun wahlberechtëgten Menschen, dei sech besser mat Videospiller auskennen ewei dier selwer, lächerlech. Äer Erklärungsversich an Scholdzuweisungen - Madame Bundeskanzler, Här Bundespräsident - strotzen vun Ignoranz an Populismus. D’ass dier, Här Köhler, op der Trauerfeier all d’Menschen, dei sech mat sou Spiller beschäftegen, pauschal als “Menschen ohne Selbstachtung†( http://www.swr.de/nachrichten/bw/-/id=16...4646462/q9g05u/ ) bezeechnet, setzt deem Ganzen just d’Kroun op! Sou gëtt - fiirun allem bei jonken Léit - eng Politikverdrossenheet geschürt an dier dreiwt Menschen, dei nach wielen gin, bei aaner Parteien.

Aus eisem Liewen sin modern Medien net mei ewechzedenken. Wisou gëtt et also na emmer keng reegelméißeg Medienerzéiung an den Schoulen? Wisou gëtt sou wéineg fiir d’Opklärung bei den Elteren bezüglech Medienwierkungen an Medieninhalten gemaa? Wisou gin Schoulsystemer zougeloos, dei frustreieren an aussortéieren an eng héich Zuel vun “Schulversagern†produzéiert? Wei kann et sin, d’ass et souwäit kommen kann, d’ass verschidden Jugendlecher just nach an Videospiller dei néideg Unerkennung an Erfollegserlebnisser, dei se am Liewen brauchen, kréien? Waat mier brauchen, ass eng Kultur dei net ewechkuckt an eng Kultur vun der Unerkennung an den Schoulen. An mier mussen eis bewosst sin, wei eng Veranrtwortung Elteren vis à vis vun hiiren Kanner hun, wann et em Medieninhalter geet. Daat ass den Domaine, wou dier gefroot sidd, léif Politiker!

Däitschland huet eent vun deenen restriktivsten Jugendschutzgesetzer der Welt - an munchereen ass och der Meenung, d’ass daat gutt esou ass. Wann Kanner an Jugendlecher trotzdem Spiller spillen, dei net fiir hiiren Alter geduecht sin, wourunner läit daat dann? Ass et net bezeechnend, d’ass Amokleef an deem eenzegen Land an der EU, daat Videospiller verbidd an op den Index setzt, verheeft fierkommen? Läit den Probleem net anzwousch aanescht ewei bei den Spiller?

Léif Elteren,

dier sidd verantwortlëch dofiir, dass äer Kanner gutt gekleed sin, gutt ernährt sin, gesond duerch d’Liewen gin an gutt erzunn gin. D’Erzéiung ass äer Pflicht, weder den Fernseh, nach Videospiller nach aaner Medien oder Institutiounen kennen äerch vun däer Pflicht befreien. Wann Kanner verwahrlost gin, ass daat een Fall fiir d’Jugendamt. Wann Kanner sech stonnelaang mat Medieninhalten beschäftegen, dei net fiir se geduecht sin, dann verwahlosen se och - medial. Do schreitet allerdéngs net d’Jugendamt an, do gëtt d’Verantwortung vun den Elteren ignoréiert an et gëtt no Verbueder fiir Videospiller gejäizt. Sou einfach, léif Elteren, kennt dier ierch et net maachen! Kuckt op d’Symptomer, kuckt op d’Ursaachen an huelt äerch selwer an d’Pflicht!

Mir “Gamer†appeléieren un d’Elteren, sech mat hiiren Kanner an den Medien, fiir dei sech hier Kanner begeeschteren, auserneen ze setzen. Wann dier äeren Kanner schon Fernseher an Konsoulen an Computeren an d’Kummer stellt, dann sollt dier och wëssen, waat domadder gemaa gëtt. Dier wäert feststellen, dass ganz vill Videospiller wonnerbar Geschichten erzielen an ganz friddlëch sin. Dier wäert och feststellen, d’ass bei ganz villen spiller, wou Gewalt dran fier kennt, dei als Stilmëttel agesaat gëtt, als Handlungsakt vun enger Geschichte oder als Kader vun engem sportlëchen Concours mat Teamcharakter, awer net weinst der Brutalitéit un sech.

Wann äert Kand Spiller huet, dei ab 18 fräigin sin oder an Däitschland souguer indizéiert goufen, dann passéiert daat haaptsächlech, well dier keen Iwwerbléck mei hudd, waat äert Kand eigentlech mëcht. Kuckt net ewech, weisst Interesse an hudd den Courage, äeren Kanner Spiller, dei net fiir se geduecht sin, ewechzehuelen. D’Verantwortung iwwert äer Kanner kann keen äerch ewechhuelen, keen Gesetzgeber, keng Verbueder an och keng Zensur!

Et gëtt an Däitschland schon laang een komplext, multistufëgt System mat Restriktiounen fiir Gewaltinhalter an Medien. Verherrlechung an Verhamlosung vun Gewalt ass schon laang verbueden! ( http://dejure.org/gesetze/StGB/131.html ) Spiller oder aaner Medien, op dei daat net zoutrëfft mee dei trotzdem net an Kannerhänn gehéieren, gin vun der “Bundesprüfstelle für jugendgefährdende Medien†indizéiert ( http://bundesrecht.juris.de/juschg/BJNR273000002.html ) an dierfen net an den oppenen Verkaaf an et dierf och keng Reklamm fiir dei Medien gemaa gin. Zeitschrëften dierfen net emol Rezensiounen iwwert sou Spiller oofdrecken an se kennen just un Erwuessener verkaaf gin, dei explizit am Buttek no deem Spill froën.

Spiller an aaner Medien, dei net als “jugendgefährdend†agestuft gin, mee wou awer nach d’Meiglechkeet besteet dass se Jugendlecher “beanträchtegenâ€, dierfen net fiir hier Altersstuff fraigin gin. ( http://bundesrecht.juris.de/juschg/BJNR273000002.html ) Si gin, je no Contenu, vun der USK mat enger “Altersfreigabe†ab 6, 12, 16 fräigin oder erhalten keng Jugendfraigaab (ab 18). Dës Spiller dierfen normal verkaaf gin, se erhaalen awer een grousst Siegel mat der Altersfreigaab drop. Schlussfolgerung: Politiker, Journalisten an aaner Léit, dei een Verbued vun gewaltverherrlechen Videospiller fuerderen, iwwersin dass et sou eppes schon laang gëtt (cf. uewen).

Bei engem Thema wei Jugendschutz an Gewaltpräventioun ass et enorm wichtëg dass een wees, woufunner een schwätzt. Do gin et Léeit, deenen geet schon den Verdacht duer, dass Videospiller keinten “Killer†runziichten, dass se schon mat Verbueder wellen kommen. Deenen Léit ass scheinbar net bewosst, dass se dei am Grondgesetz garanteiert Meenungs- an Medienfräiheet mat Féiss trëppelen. An waat brengt et, Spiller ze verbidden an ze zenséieren, wann den Notzen dofunner vun deenen meeshcten Experten ungezweifelt gëtt?

Mir “Gamerâ€, dei sech mat Videospiller beschäftegen, hun dei Medienkompetenz dei den Elteren, den Politiker an den Journalisten an deem Thema feelt. Mier sin keng Monster, keng Killer, keng Amokleefer. Vill vun eis hun Kanner, bloggen, benotzen den Internet an allen Facetten an huelen sou un der Debatte deel. Mier sin friddlëch, mier sin ganz normal Léit an mier sin zu vill. Mier wëllen net mei duergestallt gin ewei Monster, mier wellen net mei niewend Gewalttäter, Psychopathen an Amokleefer gestallt gin. Mier wënschen eis eng oppen, op Fakten baséierend Diskussioun. Lauschtert eis no an haalt op mat der Diffamatioun vun engem Hobby, daat Milliounen an Milliounen vun Léit bedréiwen.

Merci fiir äer Zäit.

Galgon Sacha (24)

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Sicho am 23.03.2009 17:57.

23.03.2009 17:56 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

http://blog.johny.lu/?p=125

Respekt fir de Bäitrag.

__________________
404 - Not found
23.03.2009 18:08 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mmphotos mmphotos ist männlich


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 718
Herkunft: Biirden

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

All respekt.

Ironie modus un: Dass niveau los killerspiel gamer sou propper schreiwen kennen an sou argumenteieren kennen, een wonnersmile

__________________
"Wenn Dein Bild schlecht ist, warst Du nicht nah genug dran" (Robert Capa)
23.03.2009 18:10 mmphotos ist offline E-Mail an mmphotos senden Beiträge von mmphotos suchen Nehmen Sie mmphotos in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von mmphotos anzeigen
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

en ass och elo op rtl.lu als Lieserbréif online smile
23.03.2009 18:58 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
n0brein n0brein ist männlich
Foren As


images/avatars/avatar-17.gif

Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

boah ech muss zwar soen datt et am moment net su schlemm ass waat spiller ugeet.
Nom wittenberger attentat haat ech eigentlech erwaard datt spiller nees verdaiwelt gin mee daat ass net wierklech de fall.
Et get natierlech driwwer geschwaat datt den kolleg couter strike an WoW gespillt huet mee de fokus lait eischter op den schosswaffen

Videospiller sen ee ganz jonkt medium an wei all medium get alles als eischt gehaast an niddergemaa (siehe filmer, rock'n'roll, souguer bicher). Wann sech Gaming etableiert huet an als konschtform ugesin get dann schwätzt keen mei vun "Killerspiller"
25.03.2009 20:19 n0brein ist offline E-Mail an n0brein senden Beiträge von n0brein suchen Nehmen Sie n0brein in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von n0brein anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

n0brein, wann et guer net sou schlëmm ass, wisou hu se dann zu Stuttgart dat Turnéier ofgesot wou et ëm Computerspiller gaang ass? smile

__________________
404 - Not found
25.03.2009 20:27 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
n0brein n0brein ist männlich
Foren As


images/avatars/avatar-17.gif

Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

daat haalen ech natierlech och fier iwwerdriwwen, mee wann sech nach een un di zait vum erfurter attentat erennere kann, do gouf eeschthaft driwwer geschwaat 18+ spiller komplett ze verbidden, an d'attentat un sech gouf counter strike ugehaang.
Een turneier waat gereckelt get ass dogeint peanuts
25.03.2009 20:38 n0brein ist offline E-Mail an n0brein senden Beiträge von n0brein suchen Nehmen Sie n0brein in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von n0brein anzeigen
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von n0brein
daat haalen ech natierlech och fier iwwerdriwwen, mee wann sech nach een un di zait vum erfurter attentat erennere kann, do gouf eeschthaft driwwer geschwaat 18+ spiller komplett ze verbidden, an d'attentat un sech gouf counter strike ugehaang.
Een turneier waat gereckelt get ass dogeint peanuts


d'Turneier ass net gereckelt gin, mee carréement VERBUEDEN gin.
Desweideren fennt do awer demnächst eng Waffen-Expo statt ... 'nuff said.
25.03.2009 20:40 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
n0brein n0brein ist männlich
Foren As


images/avatars/avatar-17.gif

Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Sicho
Zitat:
Original von n0brein
daat haalen ech natierlech och fier iwwerdriwwen, mee wann sech nach een un di zait vum erfurter attentat erennere kann, do gouf eeschthaft driwwer geschwaat 18+ spiller komplett ze verbidden, an d'attentat un sech gouf counter strike ugehaang.
Een turneier waat gereckelt get ass dogeint peanuts


d'Turneier ass net gereckelt gin, mee carréement VERBUEDEN gin.
Desweideren fennt do awer demnächst eng Waffen-Expo statt ... 'nuff said.


et gouf gesoot datt se sou eng verustaltung am moment net erlaabe kennen, daat ass keen generelle verbued vun ESL oder gaming turneiren. Ech well sie lo net verteidegen (vu mier aus sollten se daat turneier spillen) mee et keint vill vill schlemmer sen, mat engem oofgesootem turneier kann ech liewen, ouni bioshock oder left4dead net

Mier gamer reegen eis gär op, an ech maan do definitiv keng ausnahm, mee ech muss soen datt di daitsch regierung an di öffentlech rechtlech medien et des keier zimlech gudd hinkritt hun. Et get zwar emmer gesoot datt den dude "killerspiller" gespillt huet mee et get och hannendrun gesoot datt dei alleng net den ausleiser oder d'ursaach fier den attentat waren.

Waffen sen an daitschland als ok ugesin, ee sportler oder jäer därf waffen hun an jiddereen ass ok domat, daat ass alles just eng saach vun der zait.
An 30 joer sen mier et dei virtuell realiteiten, oder waat och emmer dann nei an cool ass, verdaamen an d'schold vun allem drop schieben Augenzwinkern
25.03.2009 20:49 n0brein ist offline E-Mail an n0brein senden Beiträge von n0brein suchen Nehmen Sie n0brein in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von n0brein anzeigen
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Stadt Stuttgart (bzw. den Buergermeeshcter) huet carrément d'Ausféierung vun der ESL verbueden! http://www.heise.de/newsticker/Stuttgart.../meldung/135025 An dei gin och lo fiirun Geriicht kloën fiir dei verlueren Suën anzekloën.

Deswéideren huet den Bundespräsident all (!) d'Gamer als Menschen ouni Selbstachtung duergestallt an behaapt, dass "den gesonden Menschenverstand" schon engem giff soën, dass een daat alles verbidden misst.
Dem Schäubele kennt sou eng Paranoia nemmen recht, fiir nach mei "Big Brother" ze etabléieren an d'Madame von der Leyen huet lo na mei Fudder fiir d'Internetsperrung duerchzedrecken!
Ech hoffen et gin genuch Gamer dei deenen Populisten an den Wahlen weisen, wou den Hummer hänkt.

Et ass einfach eng Sauerei waat fiir Kommentairen een sech am Joër 2009 als Videospiller gefaalen loossen muss ...

Ganz schlëmm fannen ech zudeem nach dei detaileiert (an reißeresch) Berichterstattung an den Medien. Sou kreien Nachahmer nemmen Ideen, Inspiratiounen an souguer nach Motviatioun, well se wëssen dass duerno deck iwwert se geschwaat gëtt asw.
Sait Littleton kommen dei Amokleef an Schoulen jo reischt verheeft fier. Wonenrt mech net nodeem deemols jo ganz genau beschriwwen gouf wei se fiirgaangen sin asw. asf. Wann ech lo sou eppes weilt maan, bréicht ech mer just dei Berichter unzekucken an ech keint mer schon een evtl. Plang schmieden.

Mat deem Absatz hun ech mer et lo genee sou liicht gemaa wei d'Politiker och - ech gin einfach iirgendengem d'Schold drun (an deem Fall der iwwerdriwwener Brichterstattung) sou d'ass ech ma keng Gedanken mei brauch ze maan Augenzwinkern

Awer en bessi fannen ech et dennoch bedenklech, dass sou extreem doriwwer bericht gëtt. Fiirun allem wann een wees, dass et an Däitschland een Gesetz gëtt, dass een net dierf iwwert Zuch-Suizider berichten, fiir Nachahmung ze vermeiden ... Augen rollen Mee vläit huet do d'Bunn och hier Fanger mat am Spill gehaat, dei negativ Publicity vermeiden wéilt. D'Gamer hun jo leider keng Lobby ...
25.03.2009 21:05 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

http://www.golem.de/0904/66255.html

böse böse böse böse böse
01.04.2009 13:18 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
n0brein n0brein ist männlich
Foren As


images/avatars/avatar-17.gif

Dabei seit: 13.10.2005
Beiträge: 92
Herkunft: Bettenduerf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Sicho
http://www.golem.de/0904/66255.html

böse böse böse böse böse


du wees schon datt dest joer wahlen sen Augenzwinkern
03.04.2009 15:25 n0brein ist offline E-Mail an n0brein senden Beiträge von n0brein suchen Nehmen Sie n0brein in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von n0brein anzeigen
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

an ech hoffen dass et dann do ellen rabbelt *g*
05.04.2009 12:09 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
dawnii dawnii ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 26.01.2006
Beiträge: 11

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Mee wonnert dech dat ganzt?

Lobby : Waffenlobby = Vill Geld fir Papa Staat (egal wéi e Land)
Gamerlobby = vill manner Geld fir Papa Staat
ennert dem Strich, op wat kann de Papa Staat besser verzichten? As jo dann logesch..

Ausserdem get vun de Medien emmer, egal zu wéi enger Katastrophe, e Sündenbock gesicht, deen am Zesummenhang steet, an deen vill Leit gäeren aus eiser Welt verbannt hätten. Bei Amokleefer as et natiirlech Waffen an Killerspiller, zwee Haptpunkten. An den Hannergrond feschen ze goen an d'psychech Verfassung vum Amokleefer erauszefannen interesséiert déi medien- a sensatiounsgäil Leit souwisou net. An dann kommen mir zur Lobby, an ah jo : d'Computerspiller mussen rem dru gleewen.

Rezent sin 3 Däitscher gestuerwen, déi an der Türkei mat enger Alkoholvergeftung am Spidol waren. Als éischt gouf do den Kiosk besetzer ugegraff, wéi hien sou VILL Alkohol konnt verkafen. Dono d'Hotel.. Dono déi Jonk well Komasaufen jo in as.. An dono hun se dann erausfonnt : déi sin mat Methanol am Raki/Wodka vergeft gin.. Déi haten guer keng Chance. Wéi emmer : als éischt déi kleng ugräifen, dann déi grouss.

Nach sou eng Afär as CO2 a Klimawandel.. Den ugräifbaren war natirlech den Ottonormalbierger mat sengem absolut dreckegen Auto. Komm mir machen eng Taxe wou den Ferrarichauffeur blöd aus der Wäsch kuckt. Obwuel hien mat sengen 5000 km d'Loft manner verpäscht wéi deen, deen 50000km d'Joer mat sengem Polo 3 Liter mecht.. Och do war d'Lobby ze schwach. An den hellegen Al Gore huet sech doud an dämlech verdengt mat senger Schrott DVD a mat senger Hebebühn.. (jo ech hun se och gesinn..)

Fir mech as een Amokleefer eppes : krank. Deen huet een psychechen Problem. Wisou wees ech net, dat kenne mir an d'Medien jo guer net wessen, mee irgendwou muss eppes an sengem Liewen schief gelaf sin, datt hien sech zum Beispill an Spillwelten verzidd wou hien ugesinn get an geluewt get. Wou hien och eppes kann wou aanerer hien bewonneren wat am richtegen Liewen vläit net de Fall as. An irgendwann eng Kéier flitt d'Secherung eraus. An d'Resultat gesäit een dann jo..

Wanns du eng labil Persoun bas, dann kann villes dech einfach verletzen an genausou beaflossen. Dann as engem de Leed, deen aner Leit hun och Wurscht, well een jo och selwer leid..

Mech wonnert haut nix méi, zumols net wéi d'Öffentlechkeet mat den verschiddensten Themen emgeet. Et get dach nemmen gesot wat d'Majoritéit heieren well. An enger Werbung kanns du och net soen, datt den Auto awer am Endeffekt Schrott as.

Respekt fir däin Bréif, ech hoffen och datts du deen een oder aaneren domat erreschs.

__________________
Nein, Weitwinkelblick schützt vor Torheit nicht
...

(Friedrich Halm - Späte Liebe, e bessi emgewandelt)
06.04.2009 16:05 dawnii ist offline E-Mail an dawnii senden Homepage von dawnii Beiträge von dawnii suchen Nehmen Sie dawnii in Ihre Freundesliste auf
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

d'Léit gin - no deenen neiesten äusserungen vum Innenministerium an DE - endlëch op d'Stroossen:

http://www.tf2-news.de/news-artikel,41989,1.html
10.06.2009 09:43 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
BlackPanther BlackPanther ist männlich
Administrator


images/avatars/avatar-86.gif

Dabei seit: 23.04.2006
Beiträge: 502
Herkunft: Kiischpelt

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Deen huet een psychechen Problem. Wisou wees ech net, dat kenne mir an d'Medien jo guer net wessen, mee irgendwou muss eppes an sengem Liewen schief gelaf sin, datt hien sech zum Beispill an Spillwelten verzidd wou hien ugesinn get an geluewt get.

Fir just op den Thema Psycho anzegoen hai: et as wessenschaftlechen Fakt dass Gewalt an den Medien, sei et an Kompiuterspiller oder einfach Filmer, eng Auswierkung op aggressift Verhaalen fun den Menschen huet.
Natilisch as dei am meescht betraffen Grupp och dei un daat sen den Medium PC-Spill am beschten verkaafen leiss: Jugendlecher. An der Entwecklung zum Erwuessenen graift den Mensch automatech (an oft net direkt bewosst) immens FILL aus senger Emwelt op an et as amfong keen Wonner dass grad dei bluddechsten Biller och am längsten hänken bleiwen....(bei PCspiller kent nach den Faktor Interaktioun derbai den di Saach nach mei prägend mecht)

Weigesoot as et statistech an wessenschaftlech beluecht dass den Afloss do as an dass en alles anescht wei positiv as...Konferenzen, Bicher an Artiklen gin et massenweis dozou...

geiff also mengn een Gamer den nach emmer un senger Positioun festhällt as genausou am Fehler wei eng Politik dei zouleisst dass sou Spiller (an aner Medien och!!) -Alldaach- sin...

allerdings as och bewissen dass mei Lait fum fömmen, drenken oder soss welchen Drogen STIEWEN wei duerch Amokleef...trivial amfong...mee och do gin et scheinbar na emmer net haart genuch Gesetzer dei verhennren dass Lait, psychech labil oder net, sech an anren dGesondheet...femmen? Augenzwinkern


et as eng kriddlech Diskussioun (wei emmer wann SUEN am Spill sin!) an ech gouf och reischt duerch den ganzen wessenschaftlechen Aspekt (den ech firdru nik sou kannt hun) derfun iwerzeegt dass et WIERKLECH seng Auswierkungen huet an et wuel besser wier wann seier reageiert get!


fannen et top hai bessi iwert den Verlaaf uptodate gehaalen ze gin!good job! Augenzwinkern

__________________
No Risk, No Fun! No Brain, No Brakes...
10.06.2009 15:52 BlackPanther ist offline E-Mail an BlackPanther senden Homepage von BlackPanther Beiträge von BlackPanther suchen Nehmen Sie BlackPanther in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@BP: Gudd an och "reif" Äntwert!

Ech kann just daat hei dozou beidroen:
http://www.youtube.com/watch?v=SJF50kwwRJE

Zu menger Zeit sin et och schon sou Spiller gin. Daat hat mat Doom ugefangen. Ech kann net unbedingt behaapten dass et mir geschued huet well ech déi Zeit wou aanerer sech domat amuséiert hun aaner Dommheeten gemeet hun. Awer et ass definitiv net gudd sech déi ganzen Zeit der Gewalt auszesetzen. Een Mensch ass een Gewunnegtsdéier an Gewalt huet dodurch d'Tendenz een aaneren Stellenwert ze kréien. Awer net nemmen dodurch, d'Medien an d'Filmindustrie droen och hieren Deel dozou bei.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Shantideva am 10.06.2009 20:29.

10.06.2009 20:27
JohnJ
Eroberer


Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 54

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Kann nemmen empfehlen den link vum Shanti kuken ze goen
10.06.2009 21:20 JohnJ ist offline E-Mail an JohnJ senden Beiträge von JohnJ suchen Nehmen Sie JohnJ in Ihre Freundesliste auf
Kwitchibo Kwitchibo ist männlich


images/avatars/avatar-51.gif

Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech war den Link kuken an muss soen guud geweisen mä daat heescht jo wuel das Pappen an Mammen schold drun sin? well Kanner maan jo nemmen daat waat se gesin vun hieren (Idoler) geweisen kreien ?

Ech mengen das et immens vill mat erzeihung ze din huet!
ech hun 1000000000000Monsteren an Co gekillt Extermineirt an esou weider awer och Frentschaft Leift an loscht nei Saachen kennen ze leiren duech Consolen spiller oder PC kennen geleiert..

Et kritt een vun den Elteren een Package mat fir Liewen wann deen zimlech kleng ausfällt dann mengen ech spillen Kollegen eng GANZ grous roll...

Cheers
11.06.2009 16:07 Kwitchibo ist offline E-Mail an Kwitchibo senden Beiträge von Kwitchibo suchen Nehmen Sie Kwitchibo in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Kwitchibo anzeigen
Sicho
Foren As


Dabei seit: 22.10.2006
Beiträge: 79

Themenstarter Thema begonnen von Sicho
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech mengen et ass jo souwisou kloër, dass richtëg brutal Spiller net an Kannerhänn gehéieren. Et gin net em soss Altersmepfehlungen an an Däitschland souguer den Index an Zensur.

Mee mettlerweil geet et jo dorëm dass Daitschland quasi een Hierstellungsverbued (!) fiir sou Spiller fuerdert an domadder och den Erwuessenen fiirschreiwen well, op se sou eppes spillen dierfen oder net ...
11.06.2009 16:32 Sicho ist offline E-Mail an Sicho senden Beiträge von Sicho suchen Nehmen Sie Sicho in Ihre Freundesliste auf
Seiten (2): [1] 2 nächste » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Allgemeng OT » Killerspiele

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH