BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
|
|
EF 50 1.2 L vs. EF 50 1.4 |
|
Tjo, wéi een schon um Thema erkennt géing ech gären 2 Objektiver mateneen vergleichen. Sou et gin natierlech eng rei Reviewen. Déi soen ganz oft, dass 50 1.2 méi scharf as dann natierlech d'Firdeeler vun engem L huet (d'Glas, Dichtungen, Verarbechtung, Sonnenblend). Ouni elo an all Detail ze goen as den Firdeel vum 50 1.4, dass et vill manner CA huet.
Ouni den Preis ze kucken wollt ech epuer Meenungen vun iech héieren.
Ech soen schon mol merci am Firaus.
Eric
|
|
24.09.2008 18:33 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Ma haptsächlech fir Portrait an Event Fotoen bei wéineg Luucht...ouni Blëtz. Mee keent vun beiden huet en IS dat as secher.
|
|
24.09.2008 18:55 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Majo ech froen mech och wou ech lo dodrun kommen.... Bon egal. Jo wanns du bei weineg liicht schaffs giff ech 1.2 huelen daat huet och en USM an kanns demernos waats du knips mei seier focuseieren...
|
|
24.09.2008 19:14 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Den 1.4 huet och USM.
Ech hun mech fir den 1.4 décidéiert well den Präisennerscheed einfach ze krass as an déi 1/3 Blend mech net rett. Ech hu mer geduecht, wann et esouwäit kënnt dass ech et esou néideg hun am däischteren ouni Blëtz ze schaffen, hun ech besser ech waarden eng onbestëmmt Zäit, wiesselen iergendwann op Fullframe, wou Schnéi/Noise manner schlëmm as, an kafen mer dann den 85mm 1.2, deen an den Reviews an Saachen Bauqualitéit besser ewechkënnt wéi den 50 1.2.
Reviews déi dech interesséieren kéinten sin op dpreview.com (relativ rezent) an Fred Miranda.
__________________ www.gloda.net
|
|
24.09.2008 19:37 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Fir events gif ech der den 1.4 rooden, den 1.2 bréngt der net souvill, bis op den effekt vun der extrem opppener blend, an dat ass bei sou saachen net wichteg, dat ass mei flott fir street, experimenter oder portraits. Déi suen hues de gudd gespuert an kans nach en 85'er 1.8 dropleen.
|
|
24.09.2008 22:07 |
|
|
BlueRic
Tripel-As
Dabei seit: 22.11.2005
Beiträge: 155
Themenstarter
|
|
Jo ech denken et as den Preisenerscheed an desem Fall net wert. An wéi den Klex och soot, op engem Event as et net sou interessant mat enger opener Blend ze schaffen. Gutt ech géing dat Objektiv och fir Portraits benotzen mee ech fannen 2.8 net schlecht dann kann 1.4 net schlecht sin.
Nuje ech mengen kaafen mer mol dat ef 50 1.4 an léieren et kennen.
Dat as awer elo dat éicht Objektiv wou ech net 100% secher sin, dass et déi beschten Wahl as.
Merci un iech all fir är Hëlef.
Bis hoffentlech geschwënn emol.
Eric
|
|
25.09.2008 20:44 |
|
|
arwa
Routinier
Dabei seit: 16.03.2008
Beiträge: 252
|
|
ëch hat daat 50 1.2 L eng Keier e Weekend gelengt , hat dei Zeit selwer dat 1.4.er.
a muss soën , fir daat wat ëch ët brauch, as mir daat 1.4.er gudd duer gaangen, bzw. den Preisënnerschéed as mir och ze heich gewiescht.
hun den Moment kéen 50. er mei, mais 35 + 85 a gudd as,
daat nat. op Vollformat !
hei en Test, vleicht brengt déen dir äppes !
http://www.wlcastleman.com/equip/reviews/50mm_1.2L/index.htm
btw. virwaat keéfs du dir nët einfach en 35L + 85 1.8 zb.
daat as a mengen Aaën eng wonnerbar Kombi,geseit éen ganz vill.
hat së geschter Owend nach sou am Asaatz !
|
|
27.09.2008 13:44 |
|
|
|