jimHawk
Jungspund
Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13
|
|
Hola all zesummen ^^
ma ech wollt mer elo mol e Stativ leeschten. Fir den Ament wollt ech zwoar elo net nees eng grouss Investitioun maachen, dofir giff mer och e "bëllegt" duergoën.
Ech woar gëscht nach am Hifi, dat eenzecht wat'en se haaten woar eent fir 60€, 't huet awer ausgesinn, als wier et keng 20 wäert...
Fréier (jojo, deemols^^), wéi Darty nach Promarkt woar, krut een alt emol nach Hama-Stativer fir ëm déi 30€
Wees een vun Ierch wou een hei zu Lëtzebuerg Stativer ze kaafe kritt?
|
|
17.07.2008 09:30 |
|
|
jimHawk
Jungspund
Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
achsou, merci emol ^^
hues de do zoufälleg e puer Präisser bei hand?
D'Saach ass nämlech déi: ech brauch fir e Samsteg unbedingt e Stativ, well awer och net dat éischt bescht ëm 100€ kaafen, wat Hifi oder sou nach am Keller huet. Dat heescht also, et huet kee Wert an der Mëttegstonn bis an d'Belle étoile ze flitzen?
|
|
17.07.2008 10:03 |
|
|
spako
Tripel-As
Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226
|
|
also den Topvision an der Belle etoile ass souwisou net mei do... zu mengem groussen Iergeniss... :-(da fiers de vlait besser an d'Staat, ech ka mer gudd vierstellen dat de Mirgain och e puermei Praisswaert Stativer huet.. main Manfrotto huet emt dei 105 euro kascht, mee et ka sin dats de mei een aale Modell fir mei belleg kriss... ech kann der och main Giotto Stativ verkaafen ;-) mee wei gesoot et ass net wiirklech stabil ;-)
|
|
17.07.2008 10:18 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
@ JimHawk
Spuer nëmmen net um Stativ, wëll soss kannste mol enttäuscht gin.
Manfrotto hun der an allen Praislagen, déi sin och stabil. Ech hat mol an der Zait eent vun Cullman, dat war séier ausgeléiert. Doerno hun ech mer een Draibeenstativ vun Manfrotto, dem Gewicht no mengt een et wär een Studiostativ, kaaf wat e bësschen déier war, wéivill weess ech net méi, et ass schon 10-12 Joer hier, zu menger Iwwerraschung war deemols esouguer nach een Eenbeenstativ dobai, och ganz gutt Qualitéit, fir op wait Reesen benotzen ech dat.
|
|
17.07.2008 10:48 |
|
|
jimHawk
Jungspund
Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
ah ma villmols merci emol^^
fueren dann emol an d'Stad bei deen Mirgain... eppes ëm 100€ ass jo nach verkraftbar, wann et schon méi eppes zolittes ass!
|
|
17.07.2008 10:51 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
Héi mol e Link op hieren Katalog, en ass zwar vun 2006- 2007, méi en aktuellen ass net um Site ze fannen.
An den Link fir op hiren normalen Site, en ass mengen ech just op englesch, eng aner Sprooch hun ech net fonnt.
|
|
17.07.2008 11:00 |
|
|
jimHawk
Jungspund
Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
mengen, du hues den Link vergies
Wat benotzt dier dann esou? léiwer en Tripod? oder éischter e Mono? giff schätzen, datt een fir HDR-Opnahmen oder bei laanger beliichtung wesentlech besser mat engem tripod fiert...?!
|
|
17.07.2008 11:08 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Wann et net ze deier sin soll, ech hätt hei zwee Stativer ze verkaafen. En Benbo Trekker an en Manfrotto. Den Trekker ass zwar aal, mee wéineg benotzt an den Manfrotto (mat 3D-Kapp) ass knapp ee Joer aal. Du kinnts der se jo mol ukucken an dann schwäzen mer iwert den Präis.
Ech verkaafen se iwrigens well ech mer en Manfrotto 190CXPRO3 am Carbon/Magnesium geleescht hun ... et gönnt een sech jo soss näischt
|
|
17.07.2008 11:16 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
@ Charly: *sabber*
Sou, mat der Formatéierung vum Photogen Forum wärt dat wat ech aus ménger Excel Datei gezun hun zwar en bëssen duergerneen ausgesin mee wanns de visuellen Triage mechs kanns de vläicht eppes mat denen Recherchen ufänken déi ech gemach hun iert ech mer een Trépied kaaf hun. Du mierks, vun den dräi Faktoren STABIL, LIICHT, BËLLEG kanns de der ëmmer nëmmen zwee kombinéieren.
------------------------------------
Make Gullmann Giotto Manfrotto Manfrotto Manfrotto Manfrotto Manfrotto Boge
n
Model 2502 MT 9180 055CL 055MF3 055MF4 055XPROB 190MF3 3021Pro
Price 200$ 244 € 270 € 170 € 249 € 168$
Where? eBay Topvisionshop.de Lagu.de eBay inc. Shipping lagu.de BHPhoto
Closed Height 66 58,5 61 64 54 65,5 56 64,8
Material Aluminium Aluminium Mag Fiber Mag Fiber Aluminium Mag Fiber ?
Weight 1800 3000 2300 2000 2000 2400 1600 2400
Min Height 63 25 8 11 11 10 11 11
Max Height 123 140 135 134,5 130,5 142 114,5 134
Max H. w/ Col 158 180 178 169 165 178,5 142 175
Segments 3 4 3 3 4 3 3 3
Spiked Feet Y Y N N N N N N
Independent Legs N Y Y Y Y Y Y Y
Snap / Twist S T S S S S S S
Invert Center Columnm N Y N ? ? ? ? ?
Horizontal C. Column N Y N Y Y Y Y Y
Angle Center Column N Y N N N N N N
Max Supp. Weight 7 7 7 7 4 6
__________________ www.gloda.net
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von gloda am 17.07.2008 12:57.
|
|
17.07.2008 12:55 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
kee wonner beim mirgain ass alles ze deier...
Zu treier haat ech am MediaMarkt een kaaf vun Manfrotto mat kapp drop vir en gudde preis.
|
|
17.07.2008 13:26 |
|
|
Metalbambi
Administrator
Dabei seit: 16.04.2008
Beiträge: 393
Herkunft: Feelen
|
|
Also zu Treier ges de secher fündeg.
Media Markt an Saturn hun gudd Preiser, den Saturn menger Erfahrung no suguer bessen mei belleg, daefs just net zevill ob den Verkeefer hiert gebraddels lausteren, dei sin mei verkeefer wei soss eppes! XD
Ech haat do och gekuckt an hun mer am Endeffekt en Manfrotto-Kapp vier ob mein uralen Cullmann-Tripod kaaf, an et geet suguer (nodeems daat ech doheem puermol gudd geflucht hun daat ech vergiess hun en Adapter ze kaafen well en klengt gewenn um Culmann war). XD
__________________ Anti-Signature
|
|
17.07.2008 13:52 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
@ jimHawk
Wann den Charly sain Manfrotto-Stativ réicht esou aal ass an net ze déier dann géif ech dat kaafen an net laang dorëmmer fréckelen an Bensin verrennen fir engt ze fannen.
|
|
17.07.2008 14:45 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Also den Manfrotto wir fir 90€ ze kréien (huet nei ca 200 zesummen kascht), mam Kapp. Den Benbo kriit een fir 70€ (huet demols 500DM kascht!) . Hei sin Biller vum Manfrotto: Manfrotto 190NAT3 Manfrotto 141NAT3
|
|
17.07.2008 21:33 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Dat as eng gudd Offer vum Charly, ech an dénger Plaatz géif zouschloen.
__________________ www.gloda.net
|
|
17.07.2008 22:17 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
|
18.07.2008 11:01 |
|
|
jimHawk
Jungspund
Dabei seit: 23.05.2008
Beiträge: 13
Themenstarter
|
|
mëtteg ^^
ma ech woarden einfach mol of... de moien sinn elo onerwoarterweis aaner Onkäschten op mech duerkomm X_____X
|
|
18.07.2008 13:09 |
|
|
Charly
Doppel-As
Dabei seit: 25.04.2006
Beiträge: 114
|
|
Also den Mëttwoch (23.) fueren ech an d'Vakanz, wann een firdrun interesséiert ass ...
Wollt se soss wann ech erem sin (18. August) annoncéieren.
|
|
18.07.2008 13:38 |
|
|
jegas
Eroberer
Dabei seit: 15.04.2008
Beiträge: 54
Herkunft: aus dem wonnerschéinen lëtzebuerger Land
|
|
|
18.07.2008 14:58 |
|
|
|