nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
|
|
Ola,
also ech sichen elo keen neit Material an direkt hunn ech keng fro zu eppes speziellem, mee fir dei Fro hunn ech sos keng spart fonnt.
Also ech hunn mat mengem Agent vun der Assurance geschwaat waat wir wann ech main Fotoaparat aus dem Auto geklaut kriit. Also assurance vum Auto kennt dofir net op mee sie soot mer et giff eng Assurance ginn dei kascht +/-30€ Joer (kënnt op den wert vum apparat un) do huet een dann alles Versichert zb wann ennaas gëtt fällt oder geklaut gëtt. Wann een bedenkt dass een bei enger ausrüstung seier op puer dausend Euro ass kann een sech daat weiklech iwwerleen.
Ass iegenteen deen soueppes huet vun Iech??
|
|
18.09.2007 10:49 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Esou eng Assurance kann eventuell interssant sin. Ech hun zwar keng.
Mee, oppassen! Assurance musse jo Sue verdingen, an duefier sin se emmer frou, wann e Client der bréngt. Wa si awer bezuele sollen, da secheren se sech duech komesch Klauselen dacks of, sou dass een awer näischt kritt.
Op kee Fall gleewen wat den Agent engem verzielt, mee de Kontrakt ier en ennerschriwwe gët Zeil fier Zeil studéieren! Wat do fier Saachen dra stin! En normale Mensch kann do dacks nëmme "Nee Merci" soen.
Ech ka mer z.B nët fierstellen, dass eng Assurance mer am Joer 2009 2000 Euro an de Grapp dréckt, well ech méng Digital Spiggelreflex, déi ech 2007 kaft hun, an der Summervakanz am Mier versenkt hun.
Je nodeem wat een u Material huet kann et vläit méi interessant sin d'Assuranceprimm all Joer selwer, z.B op engem Spuerbuch mat guddem Zënssaatz unzeleen. Dat ka sech vläit méi rentéieren.
|
|
18.09.2007 12:27 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Den Agent ass meng Cousine daat wert mech schon net unschaissen jo ech muss lo mol kucken waat ech dann remkreien an wourober den wert vum aparat gekuckt gett.
|
|
18.09.2007 14:21 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech hu mussen all Rechnung vun all Stéck waat ech assuréire wollt firlé'en.
Mee déi meescht Assurancen ginn der näicht rem wanns de et am Auto geklaut kriss! Well et ass ganz einfach: du solls sou eppes net am auto leie loossen. Héchstens wou se et kéinten unhuelen wir a Fäll wou et wirklech just zum Transport dra war an du wars z.B. op enger Raststätte an hues eng Paus gemaach oder sou. Mee wanns de et soss einfach, wéi dei meescht hei et maachen, am Auo emmer léiss an iergendwann gëtt et geklaut, kriss du kee Frang erem.
An fir 30€ sou eppes oofzedecken, dodru gleewen ech net. Daat ass vill ze weineg. Wann herno däi Rucksak vun 4000€ Gesamtwärt geklaut gëtt, gëtt dann souwisou den aktuelle Wärt geschaat, net den dens du bezuelt hues. Ech hätt bei der 30D do z.B. e gudde Strapp manner ze gutt wéi déi 1200 déi ech demols bezuelt hun dofir. Daat ass awer "normal" an ass bei alles esou.
__________________ 404 - Not found
|
|
18.09.2007 14:30 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
Ech kommen e besse vum Thema of.
Hei e Beispill aus dem Beräich Auto:
Ech zitéieren den Agent: Mat der Vollkasko bezuele mier Alles! Dier kënnt äre Kapp a Rou leen. Dun as et geschitt. Beim Erausfueren aus der Garage téitscht den Auto d'Garagendier, déi nët richteg op war, Schued em di 700 Euro un der Garage. D'Assurance bezillt awer keen Cent well et "méngem Papp" séng Garagendier war an ech Famill mat him sin. Wow, wat fier eng Assurance! Wier ech dem Noper duech d'Dier gefuer dann hätte se bezuelt.
Duefier selwer liesen a kengem gleewen.
|
|
18.09.2007 15:03 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Also dei mat der garage ass zwar egalwaat.
Majo Johny ech muss och elo bei hat goen mat all mengen Rechnungen dann kucken ech mol waat et seet. Dass de den Vollen wärt net remkriss ass kloer mee daat ass bei allem sou...
Hues du dann soueng assurance?
|
|
18.09.2007 15:11 |
|
|
the_zipper
Doppel-As
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 125
|
|
Dei sach mat der Garagendier ass emmer sou, soubaal et innerhalb der famill ass bis mengen ech 2ten oder souguer 3ten grad kennt assurance net dervir op!
An dann fann mol en Spuerbuch waat der nach en gudden zenssatz get
dann sees de mer dei bank do ginn ech dann meng suen placeieren
|
|
18.09.2007 18:59 |
|
|
CK
Eroberer
Dabei seit: 27.01.2006
Beiträge: 69
|
|
Also meng Assurance fir den Fotoapparat kënnt och fir Vol aus dem Auto op, mee nemmen wann d'Material an der Mall ass (een also naischt vun baussen geseit), an nemmen bis 10auer owes, duerno muss den Auto entweder an enger Garage stoën oder op engem bewachten Parking.
|
|
18.09.2007 20:23 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
nikel, ech hun eng déi mech geif dergéint schützen wann een idiot mech stéisst an da geschitt ass, also normale Schued am fong.
__________________ 404 - Not found
|
|
19.09.2007 12:45 |
|
|
nikel
Foren As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 73
Themenstarter
|
|
Ah,
ma ech ginn lo demnext bei man agent soubal ech Rechnung vun der 40d hunn kann en mer dann mol en Prais man.
|
|
19.09.2007 13:34 |
|
|
Jean-Jos unregistriert
|
|
Ech hat dat Thema schons emol extensiv beliicht
D'Fonctioun Sichen am Forum hëlleft iwwrégens normalerweis weider (Stechwuert Assurance oder Versecherung)
Hei de Link fir drop ze kommen:
Versecherung
|
|
20.09.2007 18:38 |
|
|
|