Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 11 von 11 Treffern
Autor Beitrag
Thema: Killerspiele
dawnii

Antworten: 20
Hits: 60.142
06.04.2009 16:05 Forum: Allgemeng OT


Mee wonnert dech dat ganzt?

Lobby : Waffenlobby = Vill Geld fir Papa Staat (egal wéi e Land)
Gamerlobby = vill manner Geld fir Papa Staat
ennert dem Strich, op wat kann de Papa Staat besser verzichten? As jo dann logesch..

Ausserdem get vun de Medien emmer, egal zu wéi enger Katastrophe, e Sündenbock gesicht, deen am Zesummenhang steet, an deen vill Leit gäeren aus eiser Welt verbannt hätten. Bei Amokleefer as et natiirlech Waffen an Killerspiller, zwee Haptpunkten. An den Hannergrond feschen ze goen an d'psychech Verfassung vum Amokleefer erauszefannen interesséiert déi medien- a sensatiounsgäil Leit souwisou net. An dann kommen mir zur Lobby, an ah jo : d'Computerspiller mussen rem dru gleewen.

Rezent sin 3 Däitscher gestuerwen, déi an der Türkei mat enger Alkoholvergeftung am Spidol waren. Als éischt gouf do den Kiosk besetzer ugegraff, wéi hien sou VILL Alkohol konnt verkafen. Dono d'Hotel.. Dono déi Jonk well Komasaufen jo in as.. An dono hun se dann erausfonnt : déi sin mat Methanol am Raki/Wodka vergeft gin.. Déi haten guer keng Chance. Wéi emmer : als éischt déi kleng ugräifen, dann déi grouss.

Nach sou eng Afär as CO2 a Klimawandel.. Den ugräifbaren war natirlech den Ottonormalbierger mat sengem absolut dreckegen Auto. Komm mir machen eng Taxe wou den Ferrarichauffeur blöd aus der Wäsch kuckt. Obwuel hien mat sengen 5000 km d'Loft manner verpäscht wéi deen, deen 50000km d'Joer mat sengem Polo 3 Liter mecht.. Och do war d'Lobby ze schwach. An den hellegen Al Gore huet sech doud an dämlech verdengt mat senger Schrott DVD a mat senger Hebebühn.. (jo ech hun se och gesinn..)

Fir mech as een Amokleefer eppes : krank. Deen huet een psychechen Problem. Wisou wees ech net, dat kenne mir an d'Medien jo guer net wessen, mee irgendwou muss eppes an sengem Liewen schief gelaf sin, datt hien sech zum Beispill an Spillwelten verzidd wou hien ugesinn get an geluewt get. Wou hien och eppes kann wou aanerer hien bewonneren wat am richtegen Liewen vläit net de Fall as. An irgendwann eng Kéier flitt d'Secherung eraus. An d'Resultat gesäit een dann jo..

Wanns du eng labil Persoun bas, dann kann villes dech einfach verletzen an genausou beaflossen. Dann as engem de Leed, deen aner Leit hun och Wurscht, well een jo och selwer leid..

Mech wonnert haut nix méi, zumols net wéi d'Öffentlechkeet mat den verschiddensten Themen emgeet. Et get dach nemmen gesot wat d'Majoritéit heieren well. An enger Werbung kanns du och net soen, datt den Auto awer am Endeffekt Schrott as.

Respekt fir däin Bréif, ech hoffen och datts du deen een oder aaneren domat erreschs.
Thema: Een Objektiv aus der klass 70 - *** mm?
dawnii

Antworten: 7
Hits: 28.524
18.08.2006 09:45 Forum: Technik-Diskussiounen


Sou hun lo een mount laang mat enger 750 gramm Objektiv "traineiert" an hun mech dun entscheed den leschten Weekend : 70-200 F4L. Passt an de Budget an an mäin Rucksack Augenzwinkern Hun direkt bestallt an haut as et do, meng Fra huet et doheem grad ausgepaak smile lo freen ech mech schon op den Weekend smile wäert zwar net vill Zäit hun (Lanparty enner Kollegen en Samschten) mee wäert daat scheint Steck gudd probeieren smile

Meng Fra war erstaunt wou se et ausgepaak huet : daat Objektiv as anscheinend sou edel verschafft. Do as souguer Samet op der Sonneblend bannendran!! Ech gin geckeg smile
Thema: Macintosh
dawnii

Antworten: 73
Hits: 109.814
05.07.2006 11:19 Forum: Allgemeng OT


Hehe 100dausend Widgets.. do gesäit een jo scho baal vun lauter Widgets den Ecran net mei smile wuhaha

Datt ech den Macbook Pro eischter ging dem iMac virzeien as ganz einfach : wann een keel Laptop huet, as et tenial. Ech wees och datt een soit Maus a Keyboard wiesselen kann, sin jo net blöd, mee fanne just datt daat waat deen Moment serienmeisseg as, naja besser keint sin vum ergonomeschen hier. Design ouni fro, as einfach flott.

Wanns de schaarf op d'Macen bas, kuck der och den Refurb Store un. Do kann een munchmol gudd Affairen maan, sief et PowerMac oder iMac. Et fennt een do lo souguer schon Macbook Pro, an no der Faarwen Affaire vun dem klengen neien Macbook och wahrscheinlech geschwenn e puer "dreckeg" Macbooken smile fir munchmol bis zu 45% manner deier.

Ech perseinlech sin am Moment schaarf op een Mini PC, daat heescht sou ganz kleng Mini Laptopen oder Tablet PCen wei zum Beispill een OQO Model 01+. Dei bessi mei grouss wei een PDA, sin vollwäerteg Computeren, an wieren ideal fir mat op d'Rees. Den Präis vun aktuel nach oft iwer 2000€ as leider dann net mei sou ideal. Mee Samsung huet lo deen eischten Schrett gemaach fir och sou een klengen, fir 1200€ schon an Mac mecht bestemmt geschwenn och een. (hei den Samsung http://notebook.samsung.de/article.asp?a...9F-7C93BC37F2BC ) Dann brauch een net 20 Memory Kaarten an der Vakanz smile an et kann een schnell Basis bearbeschtung maan wann et misst sin. An et geet an dei klengsten Fototäsch dran smile
Thema: Macintosh
dawnii

Antworten: 73
Hits: 109.814
03.07.2006 08:50 Forum: Allgemeng OT


Majo ech hun well och eng ganz Rei Erfahrungen hei gesammelt vue que datt hei op der Aarbescht awer alt schon relativ vill Macen installeiert gin. Deslescht souguer 2 Quad G5.

Sou een richtegen Quad G5 mat 23" Ecran, 1 Terabyte Harddisk as natirlech schon eppes do get all Informatiker schwaach.. Super Alu Kescht, keen Kameidi an immens Performance.

Natirlech sin hei och iMac an Macbook Pro schon installeiert gin (also bleiwen lo mol komplett bei deene neien, well ech jo eischter mengen, wann haut een keeft dann eischter een neien Modell). Der klenger Macbook hun ech nach keen hei gehaat. Kennt awer bestemmt och nach.

An daat, also den Standard Macbook, as fir mech nierft dem Mac Mini den geheim Favorit. Core Duo Technologie, an awer relativ belleg.

Den Macbook Pro ging ech dem iMac souguer nach virzeihen. Daat as vun der Hardware hier baal daat nämlecht, as zwar e bessi mei deier, mee een absolut super Portabel.

Et gin awer e puer kleng Saachen dei mech nach emmer bessi um Mac steiern : hier Keyboards sin net grad sou ergonomesch wei een Standard Keyboard vun Logitech zum Beispill. Schein unzegesinn sin se jo, mee bon Design as jo awer net alles. Dann dei Mais.. nuje, och schein unzegesinn, an och een Knäppchen eleng steiert mech net sou, mee wei dei denger an der Hand leien as och net sou daat.. Do geet den scheine Design leider halt munchmol fir, an d'Funktioun get bessi gebremst. An och daat as dann rem bessi een Grond fir mech fir dem Macbook Pro. Laptop bleift halt Laptop. Do as keen eng ergonomesch Meeschterleeschtung.

Zum Johny sengem eischten Post :
Den RAW am Linux, jo do keint ech och frecken.. den ufraw Dialog as schon immens gudd gemaach.. Och am Preview as d'Foto excellent.. just bei der Konversioun versaut den Plugin emmer d'Qualiteit an daat dermossen, datt d'Bild fir mech onbrauchbar get.. do get et bei ISO 100 schon sou voller Noise wei bei ISO 1600.. am Preview as et awer super an proper.. an den dcraw deen mecht besser resultater, mee Anstellungen an Preview.. fehlanzeig.. An dann kann een direkt Fotoen am JPG maan..
Den Gimp as gratis an eleng dofir genial. Als real Alternative zum Photoshop gesinn ech en och net. Mee wann een net sou vill Teuronen aus well gin fir eng deier PS Lizenz (ok, dir kennt jo all saugen an cracken.. mee bon.. irgendwann wellt dir daat och net mei maan), dann muss een halt op aaner Saachen auswäichen.

Zur Geschwindegkeets androck op deene verschiddene Computer a Macen. Jo et mengt een emmer den Mac wier mei schnell. An daat hängt net un der Hardware. Och een iMac haut as nemmen een Laptop am PC Beräich. Do sin mir nach guer net op PC Niveau am Beräich vun der Hardware. Lo net mei wäit eweg, mee nach net drun. An se mateneen vergläichen, dann sin mir bei den Äppel mat de Bieren.. Dann kann een och een Ubuntu Linux PC mat PIII 866 nierft een P4 3.6 mat Windows XP stellen an kucken ween mei schnell as.. an gleef mir do gesäit den PIII 866 dann guer net sou schlecht aus, well een Linux (an och iwregens Mac) Filesystem schon vill mei fex as wei een NTFS, an daat nemmen als Beispill. Mechs de natirlech dann den Ubuntu op den decken P4, jo dann as et een Fliiger. Leider kann een Mac OS X net op eengem neien PC installeieren, fir eng Keier ze vergläichen. Mat engem Windows vergläichen, deen kann nemmen schlecht eweg kommen sou wei deen Betriebssystem opgebaut as.

Ech sin gespaan wei den Vista opgebaut as, an wann deen sech net vill ännert geigeniwer XP get et bei mir och een Mac als nächsten Computer smile vläit souguer een Mini fir bei d'Tele smile
Thema: Een Objektiv aus der klass 70 - *** mm?
dawnii

Antworten: 7
Hits: 28.524
Een Objektiv aus der klass 70 - *** mm? 28.06.2006 09:06 Forum: Technik-Diskussiounen


Mjo wei ech soot, ech maan een neien Thema op. Ech ersetzen geschwenn gäeren mäin eischt Objektiv komplett. Daat as een 18-200. Scheine Zoom, mee bon, d'Schärft as dann net sou daat.. och relativ vill Verzerrungen an den Ecker.. Den eischten Deel, 24-70 hun ech schon. Lo bräischt ech geschwenn eppes fir den recht, 70 - *** mm.

Majo ech wollt mol kucken ween weieen Objektiv empfiehlt :

Als eischt den 70 - 200 4L vun Canon. Den Präis vun knapp 700€ nei fannen ech ganz ok. Mee weilt gäeren na bessi mei dervun heieren.. Daat waat ech dervun gesinn hun, hun ech immens gudd fonnt : relativ liichtstark, an schein schaarf Biller.

Den 70 - 300 IS vun Canon kenne ech och schon, haat ech och schon drop. Fannen datt deen fir deen relativ klengen Präis immens Qualiteit huet.. Mee dun hun ech daat mat den Hochformat Photoen gelies.. daat huet mir dun awer schon net mei sou gudd gefall.

Dann huet Sigma och nach een 70-200 2.8 .. Do as den Präis scho mei säfteg, an d'Objektiv scho relativ grouss a schweier, dofir kennt daat eischter net a Fro. Genau sou wei dei 2.8er vun Canon. Ech wees net op ech daat wirklech bräicht. Mee trotzdem, wann een sou eent huet, ech liesen ganz gäeren Vir an Nodeeler dervun.
Thema: Sigma 24 - 70 F2.8 EX
dawnii

Antworten: 2
Hits: 18.955
RE: Sigma 24 - 70 F2.8 EX 28.06.2006 08:56 Forum: Technik-Diskussiounen


Präis/Leeschtungs Verhältnis.. fir knapp 470€ kritt een en super Objektiv, vun ganz gudder Finitioun, schein schaarf an alles. As wirklech net schlecht. An ech konnt op d'Hochzäitslescht net een Objektiv fir iwer 1000€ drop setzen ... soss, eierlech gesoot, hätt ech et wahrscheinlech gemaach smile hehe

Daat nächst, wourop ech schaarf sin, as een Ersatz fir den Recht vun mengem eischten Objektiv : daat war een 18-200 (och Sigma, net deier, flotten Handling, mee leider deelweis uech onschaarf.. zumols bei deckem Zoom an schlechtem Liicht..) an ech hun jo lo een 24-70. Daat heescht vun 70 - 200 oder 300 get daat nächst, wahrscheinlech eischter no den Flitterwochen.

Do gin et der jo och e puer. Ech maan een neien Thema op smile
Thema: Sigma 24 - 70 F2.8 EX
dawnii

Antworten: 2
Hits: 18.955
Sigma 24 - 70 F2.8 EX 22.06.2006 10:14 Forum: Technik-Diskussiounen


Dann och mol eng kleng Empfehlung vun mir :

Vue que datt ech den 15ten Juli bestued gin (an och an engems Gebuertsdaag hun) haat ech mir op d'Hochzäitslescht een neit Objektiv gesaat, an zwar deen Sigma 24-70 F2.8 EX. Et war och lo schon ganz bezuelt an ech war et schon sichen, well et wees een jo ni mat den Objektiver, op een Chance huet oder halt net.

Majo ech haat dann mol Chance : super schaarf Fotoen mecht daat Steck, akkuraten Autofocus, an trotz der Greisst richteg handlech.

Et huet fir verschiddener vläit e puer nodeeler : iwer 700 gramm schweier (mat menger Canon EOS 350D + Battery Grip + Bletz as een sou op locker 2 Kilo schon..) an et brauch een riséé Filter (82 mm.. kascht dann och ca. 90 teuro.. fir een UV).

Alles an allem een Super Objektiv, kann daat och roueg weider empfehlen.
Thema: 1 oder 2 Objektiver?
dawnii

Antworten: 9
Hits: 27.168
15.02.2006 08:34 Forum: Material


Net den Plastik, mee zum Beispill den Objektivopsaatz as och aus Plastik, deen vun der Kamera aus Metal. Irgendwann as deen aus Plastik hinüber.. an d'as definitiv vill mei eng rabbeleg Konstruktioun, also den 50mm 1.8 II. Den 17-85 IS as jo och eng aaner Präisklass schon.

Kennt een den Tamron 28-75 F2.8?? Deen as relativ oft Testsieger hun ech gesinn, mee as deen dann och derwäert??
Thema: 1 oder 2 Objektiver?
dawnii

Antworten: 9
Hits: 27.168
14.02.2006 09:15 Forum: Material


Also ech hun och den 18-200 vun Sigma do, an jo, d'Liichtstärkt as wirklech.. nujee. Mee bon, et kuckt een op den Präis (300€) an dann op d'meiglechkeeten fir een Ufänger wei mech (immens vill) an dann awer dei relativ gudd veraarbeschtung.. Ok den Zoom fällt eraus wann een en net unhällt, mee daat as awer usech schon alles.. Also bei mengem mol. Den EF 50mm 1.8 II deen ech och hun, deen as vill mei mies verschafft, komplett aus Plastik.

Waat d'Bild ubelaangt : jo do huet den 18-200 e puer Defauten : Kessenverformung an den Ecker no baussen. Mee trotzdem fir sou een bellegt Objektiv fannen ech daat net schlecht. D'muss een emmer no Präis leeschtung kucken.. Fir 300€ kritt een leider keng 2 Objektiver dei Top sin.. Och mol net eent vun 2.

Tamron huet och sou eent an daat huet een Kolleg probeiert an deen war immens enttäuscht dervun.

Mee eppes as secher : ech wäert och eng Keier tauschen wann ech nach bessi mei Erfahrungen gesammelt hun.

Een 24-70 F2.8 vun Sigma interesseiert mech ganz staark. An dann nach een besseren Zoom, vläit sou een 70-300 Canon mat IS.
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren)
dawnii

Antworten: 103
Hits: 183.452
13.02.2006 12:54 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech haat am Elan alt och rem eppes vergiess ze schreiwen..

Ech wollt och nach soen datt et souwisou muss eng Kontroll am Agang vun de Fotoen gin. Soss kann een jo wirklech all Sch**** (paardon..) eroplueden.. An daat kann och net sin. Soss as den Site wirklech geschwenn voll mat Biller dei net mei vill mat Fotografie ze din hun. Den Senn vum Site as, seng Wierker aus der Fotografie ze weisen. An ech soen daat ganz bewosst sou, well et soll een et als Konscht gesinn, an net einfach wei all Daag mam Handy 3 Fotoen maan vun Kollegen an fir jidferengem daat ze weisen hopp eroplueden.. Dann as den Senn vum Site fir mech fort.

Wann eben Biller refuseiert gin, an sou wei bei mir d'lescht Keier och derbäi stoung wisou, fannen ech daat ganz ok. Dei Foto, do war ech och bessi schnell.. dei war wirklech Schrott.. do haat ech een neit Objektiv ausprobeiert an war voll an eweg an och an Gedanken smile dei war wirklech net derwäert.

Ganz eierlech, ech sin mat der Auswiel zefridden. Dei Fotoen dei een um Site gesäit, do as awer baal keng Drenner wou ech gesoot hätt nee, dei doten net. Ok, dei eng dei ech gesinn hun mam Handy eropgelueden.. daat hätt ech wahrscheinlech refuseiert.. do war fir mech näischt richteg, an virun allem sin vill Leit dei sech Zäit huelen fir daat ganzt dei sin dann getoufft wann een an 2 Sekonnen mam Handy irgendeng Foto eroplued.

Maacht ierch keen ze decken Kapp, desen Site fannen ech bis elo formidabel. Wann dir daat heiten schon hinkruut, dann geet daat och mam Rescht smile
Thema: [Coming] Voting (et muss eps aenneren)
dawnii

Antworten: 103
Hits: 183.452
13.02.2006 12:28 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Bjuer,

Mjo hun lo mol bessi duerchgelies. Net alles, sin op der Aarbescht an der Mettespaus an dei geet nu mol net duer alles schnell ze liesen. Dofir keint et sin datt ech lo vläit Saachen widerhuelen.

Mjo deen Voting deen aktuel besteet keint jo och weider bestoen Bleiwen, als Uservoting. Waat fennt den Standard-User vun Doheem gudd. Do wier et och iwerdriwwen deen Moment Kriteren vun der Photographie ze froen. Mee einfach een Standard Voting wei bis elo : Gefällt et oder net. Deen ging ech awer zum Beispill net direkt un Comments bannen. Et as jo normal, wann een zum Beispill een leiwt Deier an enger leiwer Pose oder waat och emmer gesäit waat engem gefällt dann een dann eischter ging heich voten.

An Kriteren opgedeelt wier daat dann schon ganz aanescht. An deen Speziellen Voting vun enger Jury, dei dann d'Photoen no zum Beispill enger Photogen Note bewäert, dei dann aus deene Verschiddene Kriteren vun der Photographie besteet. An do als Jury eben probeieren dei User mat der meeschter Photographescher Erfahrung ze kreien. An do ging ech och eischter genausou wei soss och een Average vun den Jury noten huelen. Ok, wann eng Note vun engem Jurymember total aus der Roll fällt, dann kann een nofroen.

Ech muss soen ech hun nach net vill Votes ofgin an der kuerzer Zäit hei mat an deser flotter Community, mee daat och nemmen well ech d'Photoen probeieren ze analyseieren, an konstruktiv kritik + vote dann vläit ze verbannen. Vu que datt ech daat weint mangelnder Erfahrung net emmer kann, lossen ech d'Votes ganz oft sin.

Waat och flott wier : Concours maan mat Themaen, dei dann vun der uewen genannter Jury bewäert gin. An do all zwou Wochen oder sou een neien Thema.

Nach eng Keier, falls ech engem Seng Iddi nach eng Keier geschriww hun : ech haat wirklech keng Zäit fir ganz duerch den Thread ze kommen smile
Zeige Beiträge 1 bis 11 von 11 Treffern

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH