amBesch
Mitglied
Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44
|
|
Also: ech hu schon hei am Forum an och op villen anere Plaze gelies dass ët ëmmer besser wier z.B. en 18-55mm an en 55-200mm amplaz en 18-200mm ze kafen. D'Qualitéit wier besser. Wat mech just e bëssi ... nuje, wat ech einfach komesch fannen, ass dass praktesch ni genau gesot/erklärt gët firwat da genau zwee besser sin wéi eent. Wou sin do lo wiirklech déi grouss Ënnerscheeder. Verzeechnung oder wat? Ëmmerhin huet just een Objektiv jo och de Virdeel dass een nët wiessele muss, keen zweet Objektiv matdroen, doduerch dass een nët wiessele muss d'Gefor Knascht op de Sensor ze kréien méi kleng ass asw.
Konkret hat ech nämlech och eng Rei Berichter (bspw. http://www.kenrockwell.com/nikon/18200.htm) zum neien 18-200mm vu Nikon gelies. An déi waren duerch d'Bänk ewech ganz gudd. Dat huet och e Bildstabilisator wat jo och nët schlecht ass. Allerdéngs ass ët natiirlech nët sou ganz bëlleg (em déi 700€sou wäit ech mech erënneren).
|
|
07.02.2006 21:09 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also wann een vill op Kompaktheet leet an wirklech keng Loscht huet vill ze wiesslen, kann een als Hobbyfotograf schonn sou en Objektiv kaafen, et hänkt eben emmer dofun oof waat engem mei wichteg ass. Waat den Faktor vun max Brennwäit / min Brennwäit mei grouss get bei engem Objektiv waat et mei schweier get en qualitativt gudd Objektiv ze bauen. (bei 200/18 wir daat 11x Zoom). Daat weist sech mat Verzeechnungen am groussen WW beräich an oft am vollen Tele dass et souzesoen "mëll" ass, "weich" op däitsch, soudass een och do net mei dei qualiteit huet wei z.B. bei 70mm.
__________________ 404 - Not found
|
|
07.02.2006 21:32 |
|
|
amBesch
Mitglied
Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44
Themenstarter
|
|
@Johny: Ok, dann also Verzeechnung wéi ech mer dat geduecht hun. Ass déi da wiirklech sou grouss? Wat's de allerdéngs mat "mëll" oder "weich" mengs verstin ech nach ëmmer nët sou richteg. Mengs de nët méi sou schaarf oder wéi?
|
|
07.02.2006 21:48 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Wei staark d'Verzeechnung ass hänkt ganz vum Objektiv oof :/.
Jop nët mei zu 100% schaarf am vollen Tele.
__________________ 404 - Not found
|
|
07.02.2006 21:57 |
|
|
amBesch
Mitglied
Dabei seit: 26.12.2005
Beiträge: 44
Themenstarter
|
|
Ah, ok. Merci fir d'Erklärungen!
|
|
07.02.2006 22:01 |
|
|
coolpix unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von amBesch
Wat mech just e bëssi ... nuje, wat ech einfach komesch fannen, ass dass praktesch ni genau gesot/erklärt gët firwat da genau zwee besser sin wéi eent. Wou sin do lo wiirklech déi grouss Ënnerscheeder. Verzeechnung oder wat? |
Kuck emol hei [1] eng kleng Erklärung vom Johny dozou. Also ech sinn mat mengem Sigma 18-200 net zefridden, ass net liichtstark genuch (Blend 6,3 bei 200mm), waat oft de Fall bei desen Objektiver ass, an dofier waert et och een neit Objektiv ginn
. D'Bildqualitéit geet nach, virun allem wann een engkeier mam DxO Optics driwwer gefuer ass, mee vun der Qualitéit huet een och net d'Gefill eppes héichwaerteges ze hunn (rabelt deelweis, Objektivdeckel haellt schlecht, Tubus rutscht ganz seier eraus (also beim Sigma mol)).
[1] Waat soll ech kaafen?!?!
Dieser Beitrag wurde 2 mal editiert, zum letzten Mal von coolpix am 07.02.2006 22:15.
|
|
07.02.2006 22:14 |
|
|
dawnii
Jungspund
Dabei seit: 26.01.2006
Beiträge: 11
|
|
Also ech hun och den 18-200 vun Sigma do, an jo, d'Liichtstärkt as wirklech.. nujee. Mee bon, et kuckt een op den Präis (300€) an dann op d'meiglechkeeten fir een Ufänger wei mech (immens vill) an dann awer dei relativ gudd veraarbeschtung.. Ok den Zoom fällt eraus wann een en net unhällt, mee daat as awer usech schon alles.. Also bei mengem mol. Den EF 50mm 1.8 II deen ech och hun, deen as vill mei mies verschafft, komplett aus Plastik.
Waat d'Bild ubelaangt : jo do huet den 18-200 e puer Defauten : Kessenverformung an den Ecker no baussen. Mee trotzdem fir sou een bellegt Objektiv fannen ech daat net schlecht. D'muss een emmer no Präis leeschtung kucken.. Fir 300€ kritt een leider keng 2 Objektiver dei Top sin.. Och mol net eent vun 2.
Tamron huet och sou eent an daat huet een Kolleg probeiert an deen war immens enttäuscht dervun.
Mee eppes as secher : ech wäert och eng Keier tauschen wann ech nach bessi mei Erfahrungen gesammelt hun.
Een 24-70 F2.8 vun Sigma interesseiert mech ganz staark. An dann nach een besseren Zoom, vläit sou een 70-300 Canon mat IS.
__________________ Nein, Weitwinkelblick schützt vor Torheit nicht
...
(Friedrich Halm - Späte Liebe, e bessi emgewandelt)
|
|
14.02.2006 09:15 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Schlecht Verarbechtung an Objektiv aus Plastik kanns de net gläich stellen. mäin 17-85 IS USM ass och aus Plastik mee dei Verarbechtung ass menger Meenung no top.
Den Tamron 28-300 XR soll anscheinend den beschten sin aus der ganzer Rei vun den "Superzooms", mee do hänkt leider emmer vill dermat zesummen ob een eng gudd Versioun kritt oder net, daat ass bei baal all Objektiv sou, do huet ee keen Afloss drop.
__________________ 404 - Not found
|
|
14.02.2006 13:45 |
|
|
dawnii
Jungspund
Dabei seit: 26.01.2006
Beiträge: 11
|
|
Net den Plastik, mee zum Beispill den Objektivopsaatz as och aus Plastik, deen vun der Kamera aus Metal. Irgendwann as deen aus Plastik hinüber.. an d'as definitiv vill mei eng rabbeleg Konstruktioun, also den 50mm 1.8 II. Den 17-85 IS as jo och eng aaner Präisklass schon.
Kennt een den Tamron 28-75 F2.8?? Deen as relativ oft Testsieger hun ech gesinn, mee as deen dann och derwäert??
__________________ Nein, Weitwinkelblick schützt vor Torheit nicht
...
(Friedrich Halm - Späte Liebe, e bessi emgewandelt)
|
|
15.02.2006 08:34 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ah d'Bajonett mengs de OK, daat sollt natirlech aus Metall sin.
Den Tamron 28-75 gët oft suguer als besser oofgestuuft wei sou muencht L-Objektiv vu Canon, allerdings ass et och hei nees Chance ob een eng gudd Versioun grad erwëscht oder eng schlecht. Mat 28mm op enger Crop-Cam huet een net grad vill Wäitwénkel en plus...
__________________ 404 - Not found
|
|
15.02.2006 13:28 |
|
|
|