Thema: 10mm oder 10-20mm?! |
|
Ma ech sinn och elo un engem Wäitwénkel resp. Fisheye interesséiert a wees na net wat et soll ginn... et ass och fir e bësse méi "speziell" Usiichte vu gebaier oder Objeten.
An meng enger auswiel (well ech och keng 1000 investéiere kann) ass de Sigma 10-20mm. Kann een dozou eppes soen?
merci am virraus
|
|
Thema: iPhone |
jimHawk
Antworten: |
384 |
Hits: |
836.134 |
|
|
hola! Ööhm... wees een, wéi een eng mp3 als klingeltoun huele kann, ouni datt een e Lidd mat enger weiderer Software zerschnëpple muss an dann hin an hier exportéiert?
|
|
Thema: Ausdrëck fir eng Ausstellung |
jimHawk
Antworten: |
29 |
Hits: |
106.441 |
|
|
also ech kann emol www.posterjack.de empfehlen. Ech hu bis elo 2mol eppes ausprinten gelooss an ech kann vun der Quali hier net kloen. Si bidden och Prints op Leinwand an Plexiglas un, wat natierlech och entspriechend deier ass.
http://www.posterxxl.de huet wat den Ënnergrond ugeet vill méi méiglechkeeten (Liichtkëscht, Leinwand, Acryl-Glas, laminéiert, alu-dibond, Leichtschaumplatte etc.), mee déi liwwren (nach) nët op Lëtzebuerg, wëllen dat awer anscheinend ausbauen.
|
|
Thema: Stativer |
|
mëtteg ^^
ma ech woarden einfach mol of... de moien sinn elo onerwoarterweis aaner Onkäschten op mech duerkomm X_____X
|
|
Thema: Stativer |
|
Also woar lo grad an der Stad beim Selexcion Clix a sinn baal op deen Oarsch gefall... dat klengsten a bëllegst Stativ woar 189€ OUNI Kapp X___X dofir hätt ech nach eng kéier en 100ter missen hibliederen... an dann wier d'Kamera mer (dropgeschrauwt) baaaaaal bis bei de Nuebel gaangen X___X
Fuere mol op Esch kucken, wann ech do nix fannen, da geet et muer eben op tréier... oder 't gëtt halt am Inet bestallt X___X
ahjo, merci nach fir d'Lëscht... 't fällt mer leider e bëssi Schwéier, visuell ze trennen... grad bei de Markenimm an de Präisser X___X
|
|
Thema: Stativer |
|
mengen, du hues den Link vergies
Wat benotzt dier dann esou? léiwer en Tripod? oder éischter e Mono? giff schätzen, datt een fir HDR-Opnahmen oder bei laanger beliichtung wesentlech besser mat engem tripod fiert...?!
|
|
Thema: Stativer |
|
ah ma villmols merci emol^^
fueren dann emol an d'Stad bei deen Mirgain... eppes ëm 100€ ass jo nach verkraftbar, wann et schon méi eppes zolittes ass!
|
|
Thema: Stativer |
|
achsou, merci emol ^^
hues de do zoufälleg e puer Präisser bei hand?
D'Saach ass nämlech déi: ech brauch fir e Samsteg unbedingt e Stativ, well awer och net dat éischt bescht ëm 100€ kaafen, wat Hifi oder sou nach am Keller huet. Dat heescht also, et huet kee Wert an der Mëttegstonn bis an d'Belle étoile ze flitzen?
|
|
Thema: Stativer |
|
Hola all zesummen ^^
ma ech wollt mer elo mol e Stativ leeschten. Fir den Ament wollt ech zwoar elo net nees eng grouss Investitioun maachen, dofir giff mer och e "bëllegt" duergoën.
Ech woar gëscht nach am Hifi, dat eenzecht wat'en se haaten woar eent fir 60€, 't huet awer ausgesinn, als wier et keng 20 wäert...
Fréier (jojo, deemols^^), wéi Darty nach Promarkt woar, krut een alt emol nach Hama-Stativer fir ëm déi 30€
Wees een vun Ierch wou een hei zu Lëtzebuerg Stativer ze kaafe kritt?
|
|
Thema: Gin et Couren fir mat Photopr. eenz ze gin? |
|
Hola, hu mer och elo mol endlech eng Digital Spiggelreflex ugeschaaf an wollt och scho no Kuere hei froën ^^
Am LTAM bidden se Oweskueren un (Klick), eng Kéier normal Photographie an eng Kéier digital Photographie. Huet schon eng Kéier een dëss Oweskuere gemaach? Kann ee soën, wéi se sinn?
Hu mer och e Buch iwwert d'Camera geleescht, mee dat huet mer leider net esou vill bruecht, wéi d'Bewertungen op Amazon et virginn, schlussendlech woar et praktesch nëmmen e Katalog, wou d'Zubehör besser erkläert ass X_X
|
|
Thema: Canon 450D oder 40D |
|
also nee, keng Angscht... ech hunn och wëlles léiwer, mech un e Sucher ze gewinnen, mee well ech nach ni ouni Live View geschafft hunn an dann awer vill suën dofir ausginn...
mee a wéifern schuet Stëpps de Kamera wann een d'LV benotzt? awer nët méi/manner wéi beim sucher, vu datt de Bildschierm hannen egal wéi ëmmer op fräi ass...?
|
|
Thema: Canon 450D oder 40D |
|
hola alleguerten! Ma ech sinn och e bluddegen Ufänger, dee wëlles hat, sech lues a lues an d'Welt vun der digitaler Spiggelreflexfotografie eranzeschaffen. Ech hu bis elo allerhéchstens mat esou enger einfacher 5,6MP-Digicam fotoën gemaach a hunn och nach absolut kee Schimmer vu Brennwäiten etc.
Dofir wollt ech ierch froën, wat dier vun enger Eos 450D haalt? Bon, et kritt een se jo mëttlerweil fir ënner 800€, mat 18-55mm etc.
Mee ass dat eppes fir ufänger? Verschiddener hu se mer mol ugeroden, well do och elo eng Live View drop ass, wat den Emstieg vun enger bëlleger méi einfach giff maachen... ech ka mer virstellen, datt een als Ufänger am Ufank laang problemer mam Sucher wäert hunn, wann een keng praktesch Live View huet.
Ausserdeem sinn 12 MP jo wierklech top, sou datt se sou séier net "iwwerlieft" dierft sinn, oder wéi gesidd dier dat? Vu datt esou eng Uschaafung souwisou vill Kascht, hunn ech mer geduet, datt een do awer e bëssi an d'Täsch gräift, éier een eppes keeft, wat engem villäicht e bëssi ze "onbequem" ass an dann och nach d'Loscht dru verléiert.
|
|
|