Motivauswahl, Bildgestaltung | |
Ween kennt daat net: Du gesais eppes schéines, fotograféiers et, an méi spéit wanns de d'Foto kucks gefällt se der einfach net, aus wéiengem Grond och emmer. Fir dass daat der an Zukunft sou wéineg wéi méiglech geschitt, hun ech e puer Tips aus eegener Erfahrung gesammelt, mat deenen der d'Fotograféieren flaicht besser geléngt. Daat sin natierlech nemmen Tips, an keng Erfollegsgarantien. Auswahl vum Motiv: Eppes, daat ech ongewollt emmer maan, an waat mer awer perséinlech och vill helleft, ass sech bei méi klengen Motiver kuerz iwwerléen wéi deen Objet aus enger aanerer Perspektiv ausgesin géif. Sou kennt een heiansdo op Idéen op déi een soss ni komm wier. Schliesslech kann een manner schéinen Objet vun enger aanerer Sait flaicht suguer eppes schéines verstoppen. Wanns de eng Kéier guer naicht sollst fannen, waat der gefällt, dann denk eimfach drun, dass Konscht een groussen Firdeel huet: Et kann alles benotzt gin, waat een fennt. Wann een et richteg emsetzt gesait et herno gudd aus. Genau sou ass et och an der Fotografie: Egal op d'Motiv schéin an nei ass, flaicht suguer glänzt, oder op et verrascht, voller Dreck oder soss eppes ass, aus alles kann een eng gudd Foto maan. ![]() Allgemeng Emsetzung: Aus der Architektur kennt eng, oft hellefraich, Berechnung, déi sech den "Goldenen Schnett" nennt. Vereinfacht emgesaat an d'Fotografie beseet déi ongeféier, dass wann een déi ganz Bildfläsch an Drettel andeelt (an der Héicht an an der Breet) an dann d'Haaptmotiv op een (oder méi) fun deenen 4 Schnettpunkter setzt, dass dann d'Foto automatech méi harmonech erschéngt. Dest geet net emmer, an soll net emmer benotzt gin, et ass just eng kleng Hellef. | |
![]() | ![]() |
Eng Saach déi sech zwar vum selwen versteet, wourop een awer emmer soll oppassen, ass, dass bei dem auserwielten Bildschnett naicht mei am Wee steet. Eng Mauer, déi ganz um Bildrand steet, oder eng Persoun, déi ganz hannen am Bild steet, fällt flaicht an der Hetz net op, mee demno wéi kann se herno déi ganz Foto vermiesen. | |
![]() | ![]() |
Eppes, daat bei Landschaften an bei Mierfotoen ganz wichteg ass, ass emmer drun ze denken, dass den Horizont riicht muss sin. Ween well schon eng Foto, wou een mengt en Scheff géif all Moment aus dem Bild erausfaalen. Wann een net su begaabt ass den Fotoapparat riicht ze haalen, dann kann een sech och eng kleng Setzwo kaafen, dei een kann op den Fotoaparat uschléissen. ![]() |