Üben ass gutt gesot! Dat do ass eng herrléch Portraitsfoto, mat vill Charakter an Emotioun. An d'Déifteschärft passt an d'Grotéin och. dat gefällt mir ganz gutt.
Merci Nico, freet mech wann se gefällt.
Wei kann ech et hin kreien, dass bei engem nächsten Versuch och d'Hoer iwert der Stier mei scharf gin. Blend mei zoumaachen? Wees ech net well ech jo eigentlech d'Gesitt scharf gestallt hun...
Jo, mat der Blend kann een do scho vill maachen. Cf. hyperfocal Distanz. Mais ass et wirkléch néideg hei, di Hoer scharf ze hun? Et gëtt sou vil Stiler wéi Portraitsfotografen, an do sin der dobei, déi nach vill méi mat der Schärft-Onschärft spillen. D'Haaptsaach ass, datt een (oder di zwee) Ae scharf sin. An hei huet di onscharf Mèche och mat der Haltung vum Kapp ze din. Well di ganz Hand ass jo scharf. Awer, nach eemol,- di onscharf Hoer hei stéiere fir méng Begrëffer nit, well et souwisou "Gewulls" ass, wat lo net zm Gesiichtsausdrock extra vill bäisteiert. Ech muss soen, datt s du bei 5,6 hei schon eng zimmléch grouss Déifteschärft hues, well dem Paulo séng Nuesepëtzt jo nit floue ass.
Wanns du méi genee wëlls gesi, wat an der Portraitfotografie méigléch ass, da surf mol e bëssen. Fir klassesch an impecc Portraits muss du beim Studio Harcourt kucken. Dat ass quasi Perfectioun. Mais wëlls du dat? oder hues du awer léiwer spontan mat e puer Imperfectiounen?
oooh wees de, als Quereinsteiger huelen ech et wei et kennt, ech sin zwar elo amgaangen gezielt iwer hyperfocal Distanz nozeliesen, fier e bessi Theorie ze hun. Fier den Rescht ass et awer vill "Jugend forscht"
Ech hun keen Drock, et ass en Hobby deen ech vill mat menger Aarbescht kann kombineieren.
Ech sin emmer dankbar wann ech hei deen een oder aaneren Tipp kann oofstauben.