Effektiv eng schéin Luucht déits du do agefaangen hues. Wat mir leider net esou gutt gefält ass den Ënnerscheed vum Kontrast vum ënneschten Deel vun der Foto an vum Deel uewen, ënnen kontrasträich an dramatesch mee uewen ass fir mäin Goût ze vill gro an gro. Déi grouss Wollek huet ze vill Gewiicht an zitt den Bléck ganz op sech, ewech vun deem Schéinen Bierg Panorama. Den Star aus denger Foto soll jo d'Biergketten mat där dramatescher Luuchtstëmmung sinn huelen ech un? Dofir géing ech d'Foto als Panorama kuerz ënnert der groer Wollek ofschneiden.
Déi Foto ass awer bestëmmt och am faarflegen schéin ze kucken mat der Owesluucht.
Fir d'alleréischt emol e grousse Merci vir däi Kommentar, deng Analys vum Bild an datt's de dech domadder auserneen gesat hues.
Wéi's du richteg bemierks ass de Kontrast am ieweschten Deel vum Bild méi schwach, ech hun do och d'Déiften reduzéiert soss hätt déi massiv donkel Wollek d'Bild regelrecht "erschloen". De But war awer primär déi gigantesch Wollek zesummen mat de Bierger ze weisen, dofir och den Titel "Wollekespill"
Deng Propose d'Foto als Panorama an ouni d'Wollek ze verschaffen passt allerdings och richteg gutt, d'Vue, a virun allem den Androk vun der Landschaft ass komplet aneschters an d'Bild kritt eng ganz aner Dimensioun.
Ganz intressant Foto! Mir gefällt hei d'Mise en scène mat der Wollék ganz gutt, ech gesin et och wéi de wuff mat dem aarme Kontrast uewen am Bild an dem "gro a gro". Fir d'Variant "Star" misst fir méng Begrëffer méi Raum ënne sin.
Wéi dem wuff schon erklärt, hun ech d'Wollek staark opgehellt an domadder de Lokalkontrast reduzéiert, vu dat d'original Tounwärter vun der Wollek no der SW-Konvertéierung extrem donkel waren, dës awer praktesch als Haaptsujet e groussen Deel vum Bild ausmecht.
Deng Propose mat eppes méi Raum no ënnen stëmmt, ...trotzdeem déi ganz Wollek mat op d'Bild, an e.v.t.l. am Carré gewisen hätt fläicht insgesamt méi stëmmeg gewierkt.
Merci Jean-Jos fir deng Meenung an Appreciatioun