Ech war elo e puer Mol zu ënnerschiddlechen Dageszäiten do op der Platz, mä d'Liicht war nii esou richteg gutt, a vu dat een d'Äis un der Staumauer praktesch nëmmen frontal ka photographéieren geet d'Plastizitéit e bessi verluer.
Recht hues de, spektakulär gesäit et op jidde Fall aus an deng Serie gefällt..!!
Ech war owes géint 17 Auer do, do kënnt d'Sonn theoretesch jo vu vir, mais well se hannert dem Hiwwel stoung, war alles am Schied. Ech duecht, moies kéint et vun hanne beliicht gin, mais lo ass et jo warm an dréif, also ass dat och keng Optioun méi.