Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Russland an der Arktis

 
All Fotoen an dëser Serie:
39835 Thumbnail
39836 Thumbnail
39837 Thumbnail
39838 Thumbnail
39839 Thumbnail
Russland an der Arktis
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.02.2014
  • Gekuckt:
    10610
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
    september 13
  • Fotoapparat:
    canon G15
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76773]
Kommentar vum Fotograf:
Barentsburg, eng russesch Siedlung vu fréiere Kuelemineuren op Spitzbergen
et war iergendwéi en Zivilisatiounsschock, wéi mir no 2 Wochen an der Wildnes do ukomm sinn,
zerfaalen Holzheiser, grouss 4eckeg Këschten mat russeschen Molereien , den Lenin trount an der Mëtt vun der Siedlung, um Bierg de sozialistische Stär an d'Parole Miru Mir (Weltfrieden), an daat Ganzt bal um Nordpol
ween e bessi méi wësse wëllt: http://de.wikipedia.org/wiki/Barentsburg , wann e weider googelt fënnt ee vläicht och méi
sorry fir d'Bildqualitéit et war sou e s..Wieder, dass ech nëmmen d'G15 mat erausgeholl hunn
vläicht och emol drop klicken, fir daat Ganzt méi grouss ze gesinn
icylady 06.02.2014 - 10:13
Zivilisatiounschock kann ech mir virstellen, do wär ech léiwer an der Wildnis bliwen smile
mee kent schons beandrockend riwer wéi daat do muss gewierscht sinn
mischii 07.02.2014 - 22:37
ieergendwéi, muss een et awer gesinn hunn, wa ee schon do war
Merci Romy
obskur 06.02.2014 - 10:42
Interressante Reportage Michèle smile, haten och chance eng Russesch Base ze besichen.closed_eye
mischii 07.02.2014 - 22:35
merci obskur, jo sou Saachen sinn interessant ze gesinn
MsJarryman 06.02.2014 - 11:17
D'Quali ass dach OK, ëtt ass jiddefalls eng interessant Serie.
mischii 07.02.2014 - 22:34
Merci MsJarryman, freet mech
gtaddei1 07.02.2014 - 00:44
Ganz flott serie an ech beneiden dech... wollt nach emer vestigen vum Kommunismus matkreien... Ech fannen dass dei Idee nach emmer dei bescht ass fir d'Menschheet... mé do fannen ech weinech Lait dei mat mir d'accord wieren . Also ech apprecieieren ganz vill den antonio Gramsci an den Antonio Berlinguer... manner de Lenin , iwerhaupt net de Stalin et co ...
Emmerhin N5 ass super
Miau 07.02.2014 - 11:41
http://www.manfred-kriegelstein.de/17_relic_of_the_russians/feld_1.htm
mischii 07.02.2014 - 22:33
merci Wlly, fir deen interessante link
gtaddei1 08.02.2014 - 09:57
Willy ... super
mischii 07.02.2014 - 22:33
@Gennaro
do loossen ech jidderengem seng Meenung, den Här Marx hat et och bestëmmt net schlecht gemengt, wär nëmmen alles richteg ausgeluecht an ubruecht gin!
Fir de Moment futéiert sech Russland awer royalement vun der Natur vun der Arktis a respektéiert keen Ëmweltschutz, wann se vollzéien wat se do uewe welles hunn, wärte mer nach all drenner leiden
Freet mech wann d'Biller gefaalen, eng zweet Serie wärt nach kommen
gtaddei1 08.02.2014 - 09:55
NA ja waat d'Amerikaner, Chinesen, an Brasikianer maachen waert jo wuel net vill besser sin ewei daat waat d'Russen nach nemmen welles hun... Op elo US Lobby'ien mei Emweltfrendlech sin ewei d'Sovieten oder Russen ... hmmm mengen net!
Zu Deifferdeng ass de Bësch voller Dreck, vun Kaerjeng bis op Rodange fueren op manst 20000 Autoen duerch den Duerf.. an daat ass jo och gudd fir d'Kanner dei do Liewen.
Dofir ... ech mengen dass jidderen un dem ganzen Dreck do Schold huet...
Merci
Jeanny 07.02.2014 - 07:22
eng intressant Serie Michèle
mischii 07.02.2014 - 22:19
merci Jeanny
Miau 07.02.2014 - 11:43
flott Doku Mischii
mischii 07.02.2014 - 22:19
merci Willy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 549 Gäscht online