n3 fannen ech am bäschten vun der schärft hier.
Dei eischt ass vun den farwen awer waitaus besser.
wei se sech festklammert an sech and woo leet ass ganz schein ze gesin. do sutz de secher laaang fier eng ze erweschen oder?
Merci Tom, et war e Genoss hinnen nozekucken;
Nee, ech soutz guer net laang do,( hunn nämlech nach nët vill Gedold, dat muss ech nach léieren )et ass eng Plaatz wou een der ëmmer gesäit, et muss ee just gutt kucken, fir se ze gesinn, an si setzen sech och ëmmer schéi brav nidder.
Verschidde Passanten, hu mech komesch gekuckt, well se net verstan hunn, wat ech do géing fotographéieren.
Ech hu just missen oppassen fir net an de Weier ze falen, well se sech ëmmer um Bord ophalen.
Du hues der jo vill firun d'Lens kritt bei denger Juegd
Wollt mol wessen welch Blend dass du do gewiehlt hues, an op se de mat Autofokus geschafft hues?
Versich manuell op den Aeen vun der Libell ze fokusséieren, zumools wanns de ganz no béi bass. Ech wees dass dat munchmol net einfach ass, mee dann klappt et nach besser mat der Schärft
hallo Jacques, ech haat mol op time priority agestallt , well di Déiren sou wibbleg sin, mam Iso hun ech dann d'Blend gereegelt, si läit tëscht ganz op an 7,2, ech war am Autofocus an hunn iwwert d'manuell Wahl d'Schärft op d'Aan geluecht
ech versichen dann mol d'next Kéier ouni den Autufocus ze schaffen,
jojo Macro ass nët sou liicht!
Nun bist du aber im Libellenparadies angekommen Wundervoll gelungene Aufnahmen, wobei mir persönlich das erste und das letzte Bild der Serie besonders gut gefallen. Respekt, Madame!!!
Di zweet an di véiert gefalen mir am beschten, schärt ass an der zweeter op der richteger Platz. Di véiert do war den Ausschnëtt villäicht ze grouss.
Di eichter an di fënneft gesäit liicht verwackelt aus. Well se gläichméisseg Onschaarf sinn. Just di drëtt ass fir mech net richteg Fokusséiert michii. Een Stativ wier och e Versuch wäert.
merci Conley, fir déi ganz Analys, déi drëtt war Blend 4 mat Focus op d'Aan, dofir ass d'Schärft dann och ganz knapp gin, hun duerno mat méi zouene Blende geschafft,
Stativ ass op där Plaatz onméiglech,(eventuell kann ech e Versuch mam Monopod maachen) well an engem klengen Hang mat Gestrüp direkt beim Waasser, ech selwer stoung schon net ganz stabil doduerch da secher och dat liicht verwackelt.
Ech üben lo mol kräfteg weider
Merci fir d'Erklärung mischii.
Erfarungen wat Fotografie am allgemengen ubelaange hues de op allefalls masseg. An do ass de Schrëtt ant Makro Fotografie méi einfach. An geet och vill méi séier ewéi bei mir! Ech weess och lo net wéi wäit's de dech schonn eran geschafft hues, awer den Ausschloss oder wat ganz einfach an't Poubelle gehéiert vun de Fotoen ass relativ grouss. Do muss de schonn vill Fotoen maachen fir dass eng Passabel derbäi ass. Net schlecht gemengt (ech muss Gaaaaanz vill Fotoen maachen)an wann's de eng Fro hues an ech kann der hëllefen maachen ech gären. PS wann ech kann!
nee, nee ech huelen dat och nët schlecht op, an an d'Poubelle sin der och scho masseg geflunn, gudd dass mer am digitalen Zäitalter sin, virdrun wär et eng richteg schéin deier ginn!