Mol den Däiwel net un d'Mauer, ech hu schon een aanere Baam, deen ech wollt all Woch eemol während engem Joer vun där selwéchter Plaatz aus verfollegen, vun engm Bauer, deem ee vu séngen ënschten Aescht am Wee houng, verstümmelt kritt, an haut, 3 Joer dono, as de Baam futti.
alles waat dir do (super-mega-ultra-giga richteg ) zu dem Nicon07 senger Foto schreiwt, ass fir mech guer näischt neits !!
Soen daat elo schon X-Fotoen-vun-him laang, dass hien ......
(d)een onverkennbaren Nicon07-S/W/Gr-Kontraststarken-flottkörnechStruktur-excellentBildopbau-Talent-and-Style huet!!!!
Huet hien wierklech missten alles eräusgin waat hien nach iergendwou an iergenwéi konnt, fir dass och deen alleralleraller leschten Skeptiker hei, iwerzeegt konnt gin, an daat och elo unerkennen kann ?????
Et bieeeeen .... jo! ça le vallait bien, Nicon!!!
Euhhhhhh, ..... wollt elo just nach eng kleng Propose machen: wier déi Foto nët besser am faarweschen ?!?!?!
DEI Foto hei kann nëmmen am s/w gudd sin, well wann ech se SOU am farwege weise, wi ech se verschafft hun, eet ech den Tonalkanalmixer driwwer gekéiert hun, na ja.... "Eeeeeeeeee, wi grell... Ze vill saturéiert........ grujeléch Farwen esou onatiirléch, also nee Nicon, mir si besseres vun dir gewinnt...." etc... ;(())
Mais eng liicht aaner Vue vum selwéchte Motiv am rgb kéint och nach eemol. Dat as versprach.
Dëss Kéier hues de mäin Jade-Humor..... ;-( .... awer nët gutt verstaanen!! ))
Daat matt : " Euuuuuuuuuh.......... wollt elo just nach eng kleng Propose machen: wier déi Foto nët besser am faarweschen ?!?!?! "
war nëmmen eng (pickesch? ironesch?) Unspillung un verschidden esou Comments, déi bei ganz gudden S/W Fotoen gemach gin!
déi hei ass genau richteg esou an dem Faarw-Choix!!
Fannen'se Eins-A esou., sowuel wat de Sujet ubelangt wéi och d' S/W-ëmsetzung. Déi ganz Tonwertskala ass vertrueden.
An hei gelëngt der och dat waat en Haaptuleies vum A. Adams war: d'Schéinheet vun der Natur, éischtens mam Apparat festzehalen, an se dann duerch eng gekonnten Bearbëschtung dem Public zougänglëch ze maachen, respektiv derfier ze begeeschteren.
Du hues dengem Frënd, de Baam, hei ob jidde Fall eng schéi Reverenz erwisen.
Respekt !
an hei hun ech nach naicht geschriwwen daat geht et dach baal net!
dei gefällt mer immens einfach top, super mier fehlen d'wieder (an daat kennt mer net oft fier)
tjo majo schööön
Lo sin ech firt zweet op dëser Foto hänken bliwwen. Se ass wierklech immens gudd. Kennt mer vir als ob den Himmel glaich erof faalen géif... Déi misst et als Pouster gin !
*************************** POINT DE MIRE ***************************
DAAT SOLL DÄIN ZIEL NO VIR SIN ... ËMMER RIICHT AUS KUCKEN ...
esou ... Richtung ... 88 ...
an esouguer bis 100 ...
an nach méi ... firwaat nët ... wanns du ët wëlls ... )
ech sinn (nach ëmmer) op der Aarbecht, an kann dir keng Foto eroplueden fir dir ze wënschen ...
dovunner oofgesin ... hun ech och keng Nico-würdeg Foto op Lager ... dofir dann hei een klengen Ständchen vun groussem Haerzen ...
HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUUUUUUUU
HAPPY HAPPY TO YOUUUUUUUUUUUUUUUUUUUU
HAPPY HAPPYYYYY
HAPPY HAPPYYYYY
HAPPY HAPPY TO YOUUUU ... NICOoOoOoOoOoOoOoOoO !!!!!