Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Basketball

 
All Fotoen an dëser Serie:
34229 Thumbnail
34230 Thumbnail
34231 Thumbnail
34232 Thumbnail
Basketball
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2013
  • Gekuckt:
    15203
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Fujifilm Finepix X10
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Misc  
Extras:
LR 3.6


Fir anzesetzen: [pg_img=70267]
Kommentar vum Fotograf:
War haut kuerz zu Ettelbréck an hat X10 dobäi. Hunn den "Night-ADV" Programm vun der X10 benotzt déi dann aus 4 Biller eng Bild zesummen Rechent wat dunn am LR an SW ëmgerechent gouf. Plaatz war sou schéin eidel. Sinn mol gespaant wat dir dovunner haalt.
mischii 30.01.2013 - 21:59
2 gefällt mir am Beschten, well do sou flott Schieder sinn, schued, dass deen helle Spot dran ass, nëmmen di ënnescht Halschent wär och flott Bild ginn
1 ass och net schlecht, d'Perspektiv gefällt mer, do géif ech awer eng kleng Objektivkorrektur maachen, dass di horizontal Linnen e bessi méi riicht ginn, well d'Bild schengt no hannen ze kippen
3 a 4 si fir mech zevill flou, do si guer keng Zeechnungen méi dran, en plus soen se nët schrecklech vill aus,
dat ass lo awer just meng ganz perséinlech Meeenung
nebu 30.01.2013 - 22:25

zu 2. Jo den Spot gëtt vun aneren Kameraen aneschter/besser gerendert unhappy Jo ofschneiden wär eng Idi wollt awer den Kuerf drop Loossen an Schieter. Ech man sou ungären Kompromësser smile

zu 1. mmmh kucken dat mol. Kann dat och villäicht duerch Perspektiv einfach kommen? Ech wollt do an sech dat eidelt verloossen mat afänken.

zu 3 & 4 Ups ech mengen do hunn ech bei der NR net ganz opgepasst.

Dat ass gutt wann een eng perséinlech Meenung kritt well domatter kann een am mëschten Ufänken, wann se wéi hei och beschriwwen an argumentéiert gouf.

Mexki mischii


mischii 30.01.2013 - 22:55
jo, bei 1 ass dat duerch d'Perspektiv bedëngt,
déi ass och gudd , an daat Eidelt Verloossent kënnt gudd eriwwer, an d'Korrektur ass net sou schwéier ze maachen
freet mech , dass meng Kritik gudd ukomm ass, et ass e bessen eng kriddeleg Saach an öfters stéisst ee widder eng Mauer,
ech sinn awer frou wann ech hëllefe kann, well ech selwer och Kritik a kaaf huelen, well soss bleiwt een op der Plaatz stoen.
An enger eegener Foto sinn ëmmer ganz vill perséinlech Gefiller dran, déi öfters net eriwwer kommen, an grad dofir ass eng objektiv Kritik gefroot.
nebu 02.02.2013 - 22:19
Ech denken dat een sech jo net gläich verbéien muss awer weis du schonn sees ass eng objektiv Kritik mat Argumentatioun een hellefreicht Saach.

Béi der 3 & 4 kann ech leider näischt méi man. Informatioun ass ob der Streck bliwwen unhappy Ech hunn der X10 do wuel ze vill zougemutt aus mengen Zidderen an 4 Biller nach een anstaennescht Bild hinzekréien.
Jean-Jos 30.01.2013 - 22:15
D'Nummer 2 sprécht un, flott nebu.
nebu 30.01.2013 - 22:25
Mexki Jean-Jos.
Jacques 31.01.2013 - 05:28
Eng flott Serie nebu!
Nummer 1 gefällt mer besonnech gudd durch d'Perspektiv déid du gewielt hues.
An Nummer 2 matt deenen flotten Schieter.
nebu 31.01.2013 - 20:31
Mexki Jacques dat freet mech.
Conley 31.01.2013 - 21:07
Perspektiv Bildopbau an't Kontraster an der éischter fannen ganz flott just ritz ënnen dat Wénkelecht Liicht stéiert en bëssen.
Di zweet do kennt mir Luucht och en bëssen hell fir, do sinn awer schéin Kontraster an flott Scheitere ze gesinn. An ënnen lenks ass och een Wénkelecht Liicht...Huet datt eppes mam zesummen Rechnen vun den Biller ze dinn nebu... dréi an't véier Ups.....
nebu 02.02.2013 - 22:15
Dat kennt sinn obschonn béi der éischter kennt et och en Reflexioun an engem Pull sinn.

Hunn lo grad nach am LR gekuckt fir déi 3 an déi 4 ze verbesseren awer ech denken do war X10 vun mengem Gezidders dann dach Iwwerfuerdert. Hunn jo lo een Gorilla fir dat deen bei sou Situatiounen hëllefen kann.

Merci Conley

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 534 Gäscht online