Gefält mir tip top: den Hannergrond passt faarflech zum Plommekleed. Och dee klengen Aascht lenks ass genau richteg, deen schléisst Bild schéin zu der Säit oft an de Bleck geet an déi aner Richtung. Richteg schéin!
Immens léif den klengen Kärel, schéin Détailer am Plommenkleed, passenden doucen Hannergrond. Mir gefällt besonnesch hei d'Spill mat der Diagonal an der Horizontal, den Kapp ass riet. E Gléck dat hien ee Been méi kuerz huet wéi daat aanert Top Foto
Merci Georges
fir däin léiwen Kommentar
Hun d'Foto hei extra pur Grad gedréit
fir de Kapp vun der Schielmees
riet ze kréien, durfir as dat eent
Been sou lang ,wëll se soutz vill méi schief
um Ascht
Mier ass lo schon bei e puer (Vulle-)Fotoe vun dier opgefall dass de den Hannergrond mam Blureffekt méi glat gemaach hues, wat jo och ok ass (maachen dat och oft). Et ass just schued wann d'Ëmrëss vum Vull liicht mat geglätt ginn, dat verschwëmmt dann sou. Ech hoffe ech hu mech verständlech ausgedréckt... Mech stéiert dat zimlech.
Ech weess dass et net einfacht ass fir dat perfekt hin ze kréien. Ech selwer maachen et dann ëmmer esou dass ech de Beräich dee soll geglätt ginn manuell selektionéieren an dobäi bleiwen ech ëmmer e Milimeter wäit vum Objet ewech. Dat fält manner op wéi wann de Vull herno mam Hannergrond verschmëlzt. Kanns dat jo mol probéieren.
Merci fir däin Kommentar marischen.
Ech muss éierlech soen, mech stéiert
dat bei dëser Foto net!
Ech benotzen fir den Hannergrond
oft den Gaußscher Weichzeichner.
Ech soen dir awer merci fir däin Tip,
an probéieren deng Technik
gären mol aus
Déi Technik wéi d'marischen soot ass dofir ganz gutt .. ech machen ët och esou dass ech den Sujet mam "Quick Selektion Tool" selektéieren an dann eng "Mask" machen, an dann herno ob 200% kucken ob ech näicht vergiess/zevil hunn
Wonnerbar déi Schielmees! D'Plommen op sengem Käpchen sin douce, an gesin doduerch flauschech aus
Schéin Kontraster, matt engem Hannergrond deen gutt dobei passt!
Deen Surft ganz léif op sengem Aascht an huet genuch Vu. Den Hannergrond ass an der Faarf zwar ähnlech, Schielmees stécht awer genuch eraus. De klengen Aascht gefält mir och ganz gutt....Watt Beaarbechtung ugeet.....hues de bestëmmt gutt verbesserungs Virschléi kritt. An di kucken ech mir och mol genee un MR.
Merci Conley
fir den léiwen Kommentar.
Verbesserungvirschléi sin ëmmer wëllkomm
Hun héi awer lo nëmmen den Schniewel bessen verbessert
well den recht gefält mir hei eigentlech gutt!