salut. Am ufank wollt ech wirklech d,Sailen fotografeieren, mé wei gesot et waren sovill Persounen am Park dass ech d,foto schon missen schneiden weil ech emmer e kapp dran hat.Mir ass et net drems gang fir eng foto "fir" dem Gaudi sei wierk zemachen ech sin eigentlech mei vun dem standpunkt aus gang "hollywood, sunset bd an de 50ger Joeren, wo esou fotoen och aus dem wenkel gemach gin si. Och hun ech eng firleift fir "Himmel" and "kräfteg" Faarwen.
eng mei propper symetrei wier hei besser bei deem bildopbau ... an awer nach e bessi mei Seilen mengen ech ... esou well se meir och net richteg gefaalen, t'bea as adg !
Ech sinn e bëssen "voreingenommen", well ech schons am Park Guëll war an et mir do immens gefall huet. Dofir muss ech leider soen, dass dat Bild mech e bëssen kaal léisst. Ech schléisse mech dem Gaga a gogo un. D'Bea ass too much fir mech, den Himmel geet an d'Aquarelle-Optik eran, an d'Schwaarz-Téin dominéieren mir zevill.
mir geet wéi dem chrisykris, well ech och schon am Parc Güll war.
Am Fong kënnt hei dem Gaudi säi Wierk net gudd zur Geltung,
Den Himmel ass mir och e bessi ze grouss an ze staark bearbecht