Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Projet 001 / 001

 
All Fotoen an dëser Serie:
29656 Thumbnail
29657 Thumbnail
29658 Thumbnail
29659 Thumbnail
29660 Thumbnail
Projet 001 / 001
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.08.2012
  • Gekuckt:
    13521
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    d300s
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
LR3.6 bëssen PS

Fir anzesetzen: [pg_img=65774]
Kommentar vum Fotograf:
hunn een klengen Projet ugefangen. Ech well mir een Photo Buch mat Makroen/Landschaftsfoto/Insekten man. Mol kucken wat dobäi raus kennt. Hei sinn schonn mol déi éischt Photoen déi ech fir dësen Projet gemat hunn.

Sinn mol gespaant ob är konstruktiv Kritik.
Richie 14.08.2012 - 15:31
Eng super flott Serie nebu.
De Gras Visitor an de den Oak sinn wierklech extra gutt . Déi stiechen eraus
nebu 14.08.2012 - 20:33
Mexki Richie.

Iwwert déi nächst Wochen hoffen ech dat ech nach méi der Photoen kann afänken, well een Photobuch mat 5 Säiten ass wuel bëssen reng.
orlok 14.08.2012 - 15:42
Méng Favoriten: 3 a 4; duerno 1.
Op der 2. Foto as mer ze wéineg drop, bei der 3. feelt mer e (eventuell) bëssen d' "Faarw"

Wat mer allerdings nët extra gefällt, ass dee breeden, groschwaarze Bord ënnen (mat der Schrëft).
Schrëft ass OK, mee gëtt et da nët méi eng dezent Solutioun wéi dee Bord do?
Ech war wierkléch op den 1. Bléck erschreckt, haat tatsächléch gemengt, do wiër eppes mat der Foto nët an der Rei.
nebu 14.08.2012 - 20:42
Mexki Graf.

Jo villäicht kënnt ech bei der Zweeten Sujet probéieren den "Visitor" nach bëssen méi an Scène ze sëtzen béi engem vun mengen nächsten versich.

Mmmhh den Bord... has du do villäicht eng Iddi. Ech well an sech sou en Querformat Täsche Fotobuch maachen wat zu 99.999 % aus Photoen besteet. Ech wollt an sich just den Haaptsujet an Geographesch Koordinaten als Titel / Text benotzen. Sinn mir do awer och nach net sécher. Natierlech muss ech beim Rand vun den Säiten eppes hunn wat beschnidden kann ginn beim Drock..

Wat häls du vun engem Bord den un Bild gehaangen gëtt an net duerch Bild leeft?




orlok 15.08.2012 - 08:27
Méng (perséinléch) Meenung: Wann e Bord gewënscht ass, da soll de Bord e richtege Bord sinn an d'Bild (also d'Foto) e richtegt Bild bleiwen.
Awer kee breede Bord, deen duerch d'Bild leeft. Bei sou engem TRANSPARENTE Bord (wou een och nach d'Bild gesäit), do mengt een da wierkléch op den 1. Bléck, mat der Foto wiër eppes nët an der Rei, do wiër en Ongléck passéiert oder am beschte Fall, et wier eng reng wëssenschaftléch Dokumentatioun, an all Poesie geet dobäi verluër.
Alternativ Méigléchkeet (wéi et oft gemat gëtt): Wéi bei engem Tableau de Numm (Signatur) an aaner Daten sou dezent a passend wéi méigléch ënnen op d'Foto selwer setzen.
Awer nët wéi elo, dat et ausgesäit, wéi wann do een e Stéck duerchsichtege Scotch driwwergepecht hätt. smile

gi87 14.08.2012 - 20:11
Dei 3t an dei Lecht sin vir mesh Favoriten hei ! Schein heuste dei Festgehallen !
nebu 14.08.2012 - 20:44
Mexki Gianni

ech hoffen et kommen der nach puer dobäi
gi87 14.08.2012 - 21:31
esh och closed_eye
Scyv76 14.08.2012 - 20:35
Héi schléissen ech mech dem Gianni un, déi 3t an déi 5t sin wiirklech super, déi aaner 3 sin aawer och méi wéi gudd.
nebu 14.08.2012 - 20:46
Mexki Yves

dat freet mech ze héieren. Dann kann den Projet nach eppes ginn. Dass just nach een laange Wee.

Scyv76 14.08.2012 - 21:00
Daat dauert dann halt nach e bessi, et begéint een jo net permanent eppes interessantes vir ze fotograféieren sceptical. E gudden Ufank ass jo schon mool gemaach !
Jeanny 15.08.2012 - 06:06
flott Serie, hei ass et däi mam Klatschmohn, däi mir am beschte gefält
nebu 16.08.2012 - 17:34
Mexki Jeanny. Nach een puer aus der Serie

Mohn

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 565 Gäscht online