Also ech fannen d'ass de hei ganz schein mat der Luut gespillt hues, hätt se vläit aanescht quadreiert, an dei lenks eweg geloss, mä sin ob keen Fall en Expert do dran, flott
Ganz flott mat der Luucht gespillt, an d'Vignette passt och. Ech hätt di onschaarf Bléi mam Sécateur ofgeschnidden, dann wier den Cadrage besser gewiescht
Merci fier är Kommentarer
Zum Hannergrond : et ass eng Foto vun mengem Bouf (12), dei hien läschen wollt well se ganz donkel wor. Ech hun him gewisen dass een mat PS vill eraushuele kann (hun se opgehellt, geschärft, ...), awer wei et zum Cadrage komm ass, sin et Diskussiounen gin
Ech hätt se leiwer als Quadrat oder eben Heichkant zougeschnidden, ... Quadrat wor "blöd" (LOL), an bei Heichkant wor him uewen zevill "näischt" plus hien huet deen klengen Fitzelchen lenks "léif" fonnt
Also hun ech him ugebueden se hei ze weisen, an op Kommentarer ze waarden
Also : Merci nach eng Kéier