Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Gefrueren Sonn

 
Gefrueren Sonn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.02.2011
  • Gekuckt:
    22220
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    52 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    2000x1324
  • Späicherplaz:
    593 KB
  • Originaldatum:
    2011:02:01 15:14:25
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52780]
Kommentar vum Fotograf:
Et war haut kal soe ouni Sonn.:)
BlueRic 01.02.2011 - 17:08
D'Blend hätt roueg kënnen op sin. Eppes teschend 2.8 an 4.0 wir schon wahrscheinlech duergangen fir gneuch Déiftenschärft ze kréien an dann wir den Hannergrond net grad esou onroueg.

De Kadrage kéint och bessen besser sin. Entweder genau an d'Mëtt oder op en drëttel.

Se as awer schon emol scharf a gudd Beliicht.

Ech hätt d'Foto awer verklengert op max. 1200x800 (oder eben méi kleng nach) fir hei op Photogen.
Blimchen 01.02.2011 - 17:31
also ech fannen awer den Kadrage genau an der Mëtt ganz schlecht. An ganz einfach langweileg.
Den exphil huet dat schon richteg gemach Sonn mei an riets an Bild ze setzen
BlueRic 02.02.2011 - 00:08
Ech mengen dat gouf falsch verstaanen.
Se as jo quasi an der Mëtt.
Main Firschlag war se dann richteg an d'Mëtt ze setzen, dass et och symetresch as. Oder eben, wat ech éichter géing machen, se ob 1/3 sëtzen.
Et stéiert awer och net direkt esou wéi se elo as. Se as dofir elo net schlecht.
exphil 01.02.2011 - 17:38
Merci smile
exphil 01.02.2011 - 17:39
Merci smile
exphil 01.02.2011 - 17:38
Merci fir är gutt Komentaren, ech sinn fir all Hëllef dankbar. Ech hunn meng Kamera lo 2 Wochen.
BlueRic 02.02.2011 - 00:33
Elo verstin ech och deng Astellung op "Shutter Priority".

"Shutter Priority" as a mengen Aen deen Modus deen een wirklech net brauch. Et get Leit déi benotzen dat z.B. gären fir Sportsopnahmen oder esou, dass se emmer eng kurz Zait hun, mee dofir huelen ech dann "M".

Bei deser Foto häss de scho mol ISO 200 a Blend 4.0 kene wielen. Da wir den Hannergrond nach méi soft gin, an den ISO wir net onnéideg héich gewiescht.

Als Modus wir "Apertur Priority" da ganz praktesch gewiescht.
Well do kanns de da flott mat der Blend deng Déiftenschärft festleen an deng Kamera stellt dann Beliichtungs Zait esou an, dass d'Foto richteg beliicht as, eben wéi bei "Shutter Priority" just hei mat der Zait anstatt mat der Blend.
Mecht fir mech méi Sënn, well d'Blend beaflosst d'Foto emmer direkt.
Wann d'Zait dann ze lang oder ze kurz get veränners de den ISO an da geht dat.

Wanns de Froen hues da stell se roueg.
Bei den Tutorials hei op PG kanns de och scho ganz vill interessantes liesen goen.
z.B.: Blend / f-Wärt
exphil 02.02.2011 - 18:40
Merci BlueRic ,fir di präzis Rotschléi. Ech hat och eng mat den doten Astellungen gemaach, an wann ech di Photoen just beienee um Bildschierm kucken hues du Recht mat Blend 4 lenkt den Hannergrond nit soe of. Merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 435 Gäscht online