t'ass zimmlech seier gaangen, wei ech dei foto gemaach hun und doweinst, ass se evt ze vill bliicht. haat mer och geduercht ob ech net nach eng silhuette vun enger persoun uewen an d'liicht rasetzen soll... mee dofir gin meng fähegkeeten am ps net duer
Ech fannen se net ze hell uëwen. Fir méch as déi Foto do immens. A wa sch0n 2 vun deen éischter metaphysesch oder spirituell ugehauchte Bridder am photogen hire Komment heizou gin, da soen ech mam Schiller: "ich sei, gewährt mir die Bitte, in eurem Bunde der Dritte."
Also ech fannen dat Bild hei passt echt gudd zu Ouschterdaag: Aus der Däischtert erop an d'Liicht.
ech haat zwar net sou vill an dei foto raninterpreteiert et war mei oder manner en zoufallsprodukt. mee t'ass awer flott ze wessen, wei dei eng oder aaner foto ob en aaneren wirkt.
Wat heescht dat? Sënn get et emmer. Sënn as glaich Richtung. Dat heescht: do wou kee Sënn dran as, geet et an all Richtungen, also as awer Sënn dran, a souguer méi Sënner, wi wann et eendeiteg as. Well bis elo huës du jo nach net eng Persil-Ariel-Coral-Dash-Wäiss Foto eropgelueden. Dat wier eng absolut ouni Sënn.