oula....master of disaster éischter...
Also fir e portrait matt engem Tokina op 16mm esou schaarf ze kréien (Aen) ass schon eng Konscht fir sech
Ech erkennen net waat d'Madam am Grapp huet...deen schwaarzen Eck (Vignette) stéiert hei....et wees een net op den Hannergrond schlècht beliicht ass oder eng ze kräfteg vignette hei benozt gouf (oder di 2
d'Jeans hätt Ech obgehèllt...ass mir ze déischter...
Ach... Et ass e futtisse Villchen, wann ech en mei ophellen wierkt en deck lusch...
Dat mat der schwaartzer vignette war sou geduercht fir de bleck net onneideg op der eideler mauer ze haalen. An op d'jeans hun ech u sech guer net opgepasst, my bad.
vignette ass scho richteg fir denn bléck ze guidéieren, awer pèsch schwaarz villaicht net....ech hunn emmer eng vignette dran....gesaiss se just net...meng vignetten fänken ronderem de sujet un bis an de borden...awer extreem dégradéiert....wierkt wonner
Ech klenge lo vläit borneiert, mee ech loosen se lo sou.
Mär gefällt se sou, vläit sin ech an enger woch oder sou genau denger mehnung,
Mee lo fannen ech se sou gudd, dat mat der jeans kucken ech mer awer eng keier un.
eng "mise au point", ech fannen deng Approche an d'Kompositioun gudd mais de do Genre Fotografie ass net mei Fall...merci awer fir den Drecksaak...ech si net gewinnt hei um Site esou genannt se gin...
ech mengen hei ass en messverstaendnis ... den miisamm huet sech selwer mat drecksack gemengt geif ech soen ... an mengen hien huet dein kommentar och messverstaanen
Huiii sorry mann, eischtens war deen kommentar (mäin) doudeierlech gemengt, an zweetens hun ech geschriwwen, "ech Drecksaak" fir mech an mech eleng, deen Drecksaak ass u mech geriicht a soss guer keen, deen Kommentar vun mär ass a kengster weis sarkastesch oder ironesch gemengt.
Ech soen der nach eng keier (ganz eierlech) Villmols Merci dass de e Bild Kommenteiers wat der vum Inhalt net gfällt, wou ech (also meng Persoun) an deem Fall näischt geschriwwen hätt.
Ech geif mer et nie Umoosen hei irgenteen Drecksaak ouni Triftege Grond ze Nennen!
Miisamm,
wat soll dat do ?
De Miau huet denger Foto e Kompliment gemaach.
Hien huet gesot dass deng Foto gutt wier, obschonns se net säin Goût ass.
Méi éierlech geet et jo awer bal net, an seng puer Wierder soen méi aus wei een, séier gelies, kéint mengen.
Kuck meng äntwert beim Miau, wei gesoot ass deen Drecksaak un mech geriicht (a soss keen), sorry dass ech dat net däitlech genuch dohin geschriwwen hun.
Ech schätzen dat ganz vill wann de Miau mäi Bild gudd fennt trotz dass den Inhalt him net gefällt.
Fir ee Mëssverständnis muss ee schonn zu 2 sinn. Du hues dech villäicht net kloer ausgedréckt, mais ech hunn et och villäicht falsch interpretéiert. Esou Saachen ginn besser direkt gekläert, esou wei mir dat elo hei gemaach hunn.
Dat op der Lauer,
dat Kaazeméissecht,
miau, a bal S/W,
ënne riets am Eck,
an de Frust
fir op der Juegd
nach just
schwaarz Schanken
ze fänken,
illustréiert däin Titel.
Oder net ?
Trauer och villäicht
well de Puss
ze spéit komm ass
fir deen Maufel do
(nach knackeg
a gutt am Fleesch)
zur Zäit an
lieweg ze fänken.
1. waat huet hat do am grapp ?
2. as daat t'Jacqui ?
3. krank foto
ech keinnt mer awer dobai eng mei "düster" verarbeschtung fierstellen ... gengre texturiwerlagerung mat schreipsen an kranker stemmung, wanns de verstees .... düster eben ... sou wei t'Jacqui
1. E futtisse Villechen, mumifizeiert oder sou
2. Jop
3. Ech wees, merci
Do ginn ech der e ganz kloeren Jein, well sou mat texturiwweerlagerung hun ech nach net probeiert, gett also wahrscheinlech guer net sou wei ech mer dat Virstellen, ass alles mat Aperture gemeet, sin nach net sou am Photoshop dran .
An d'Jacky ass dach e leift meedchen...
ech schreiwen elo express erréich elo eppes hei hinner well ech mer net ganz eenz sinn wat ech vum Bild hale soll. Nodeems ech et elo schon zeg mol opgemaach hunn wées ech et nach net richteg.
iergendwéi fannen ech et krass a flott , an et fehlt mer awer eppes an der Veraarbechtung, wat .... kann ech der net soen, ... ausser dass däin Déierchen hei total ënnergeet, wat d'Foto awer erëm e bëssen futti mëscht ?
Ech hunn scho laang kee Bild méi esou laang ugekuckt, an dat as .....
edit : en interessante Modell dat och nach net fäert sech e bësse knaschteg ze maachen .... coool
Déi éischt episoden sin schon am stream ze fannen.
Endlech mol eng gelongen Mëschung teschent den klassichen Romerofilemer an den ultra-brutalo Italo Zombiefilmer aus den 80er. An trotzdem gett will Wert opp Story geluecht an interessant Personnagen. Opp allen Fall superspannend US-Serie, wann een esou Filmer gaeren huet.
ech fannen et gutt, awer iergendeppes fehlt
wann ech biss wees waat dann kommen ech zereck ann soen der et dann..
well et ass mer nach een Rätsel waat hei fehlt.....
Ech fannen dass hei just daat fehlt, wou een sech wuel fillt mam Bild nee?!
Et bleift emmer en liicht onbehagen, deen "kuck wats de gemeet hues" bleck.