Déi foto hun ech schon emmer déck schéi fonnt! Haat mech scho gewonertt wéini se géif dropkommen... si gefällt mer zwar nach besser am schwaarzwäissen, fläit suguer mat besse méi ''multigrade'' wann een sou ka soen, wéi an der s/w fotografie am labo e roudfilter benotzen, doduerch gin déi hell téin nach méi hell an d'Mauer am hannergrond hätt nemmi suvill zeechnung.
Och soss, déck gudd grooden!
Wéi as déi dann hei op de Site komm ouni dass ech se gesin hun!?
Déck déck schéin Foto, gefällt mir wierklech super vun dem Opbau an der Atmosphäre hier, do kritt een direkt Loscht mat ze kuschelen!
S/W as se och flott, mee wierkt op mech bëssen aanescht, vläicht souguer bëssen traureg, sin mir nach net sëcher, muss se méi oft/méi laang kucken mol. D'Faarwen maachen a mengen Aan och vill aus, wéi aner gesoot hun, déi hei wierkt wierklech harmonesch.
Ganz schéin Foto, décken Knuddel, gutt hues du daat alt nees gemaach!