Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Adrenalin

 
Adrenalin
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2009
  • Gekuckt:
    29137
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    22 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    249 KB
  • Originaldatum:
    2009:08:19 22:58:03
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EFS 10-22mm
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=38691]
Kommentar vum Fotograf:
Dest wier dann eng eischt Foto, dei ech hei veröffentlechen. Sin nach greng hannert den Oueren, waat d'Photographeiren ubelaangt, an am Photoshop nach guer nët doheem. Wollt awer mol kucken wei den eischten Versuch ukennt, an wei dier se geingt bearbeschten, fir e bessert Resultat erauszeschloen.

Sin fir all Kritik ob an warden dann mol oof.

Merci
(D'Foto ass um Bike-Festival zu Riva um Gardasee gemaat gin um Specialized Enduro-Raid)
Metalbambi 20.08.2009 - 00:21
Den Kadrgae ass scho mol net schlecht, haes en suguer nach en bessen mei dioagonal kennen maachen.
Zur Verarbeschtung:
Den ennechten Deel ass richteg beliicht, d'ass eichter den iewegten wou mei hell keint sin. Misst den Kontrast mei ob dei hell Beraicher erweideren, daat Weiss och weiss ass (z.B. lenks Scheller Helm). A falls de solls wessen wei et geet geif ech vierschloen den Biker an den MTB selektiv obzehellen, den Hg ass hell genuch.

Waat bei sou Fotoen hainsdo gud mescht ass mei Kontrast an manner gesaettegt Faarwen.

Dei Beweegungsonschaerft vum viischten Pneu ass gudd, dei get deem ganzen Dynamik. Wisou gefaellt der daat net?

Alles an allem ass et awer eng relativ gudd Sportsfoto, wou eben just en bessen Nobearbeschtung feelt.
gloda 20.08.2009 - 00:35
Point de Vue as dynamesch, technesch klappt et souwäit och (Blend as vläit bëssi ze kleng gewielt, fir genuch Déiftschärft rauszeschloen fir manner duergang, d'Zäit suert dofir dass den Fuerer net verwackelt as mee d'Rad Bewegung huet). Falls de am Auto Modus solls gewiecht sin verhal der déi Astellungen fir dass de gesäis wat mat der Bewegung an Déifteschärft geschitt as.
Fir mech as just den Hannergrond nach e bëssen ze präsent. Setz dech mol mat déngem Buch auserneen, do as bestëmmt en Kapitel iwwer den Stempel (Clone Tool) dran dat e bëssen erklärt wéis de hei opmannst déi blo Stécker Himmel lassgëss.
arwa 20.08.2009 - 09:33
also, a mengen Aaën, fir éen, déen , weis du sées, nach greng hanner den Oueren as, top. Et wieren vill Leit, dorenner och ëch, frouh, sou eng Foto sou - réusseiert - ze hun, gléef mir daat.
du wars narwëll no drunn, wonnerbar Perspektiv......... just den HG (Hannegronn) kënnt, wei schon ugemierk, e besselchen mei onschaarf sin. Wei de @Gloda soot, verhaal (!!!) dir onbedengt dei Astellongen !!
SuJo 20.08.2009 - 10:13
Ma ech soen mol merci fir dei Uweisungen dei dir mir gin hutt. Ech probeiren dann emol wei ech daat emgesaat kreien.
Jean-Jos 20.08.2009 - 13:21
Gefällt wierklech!
arwa 20.08.2009 - 14:19
ah jo, nach ätonguepes, et as jo awer nët sou, wei wanns du en
- Anfänger - a -bluter Laie - wiers (denken ëch mol ) closed_eye
SuJo 21.08.2009 - 09:47
Merci Jean-Jos


arwa 21.08.2009 - 09:49
maach daat.
as en wonnerbaren a virun allem - kreativen - Hobby

fréeë mëch op weider Fotoën
suraki 23.08.2009 - 19:27
e gudde Root kann ech hei net méi gin, do waren Metalbambi, Gloda an Arwa vir. Ech wollt awer net lanchtgoen ouni eppes ze schreiwen smile
SuJo 24.08.2009 - 12:52
Ma merci fir den Besuch dann. Hun schon bessien versicht se aanecht ze verschaffen. Geseit effectiv besser aus.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online