ahaaa! du bass dat also deem di foto do an der expo an der schoul geheiert! Ech fannen se guer net schlecht, ouni dass ech lo soen kann firwat. vlait wier et nach besser gewiesst wann deng schester den kapp an dei aaner richtung gedreint hätt...
Bass du dann och deen mat deenen aaneren streetshots?
jep daat sin ech den kapp e bessen méi an d'kamera, do hues de recht ma ech hun der 3 do hänken, sin des kéier relativ vill Street-Fotoen dran ... also ech hun der nach 2 ganz hannen vis-à-vis zu der Dier fier rop an den C301 an du?
Ass dat och deng wou een 2 "emoen" (oder su ähnlech) treppelen gesait? Di fannen ech och deck gudd... Ech kann keng streetfotoen
Ech hunn der 3: di fenster an den wolleken, dann nach su bessi abstrakt architektur an nach di anscheinend sou abstrakt (?!) landschaft nierwt dengen do fir rop an den C301
neee, also ech kann mech net erenneren 2 emoen beim treppelen fotograféiert ze hun ;P mee ech mengen ech wees wéiengs de mengs, se gefällt mir nämlech och gudd deng fenster an den wolleken gefällt mer och gudd an deng landschaft wärt ech mer lo haut mol ukucken