Daat schwaarzt ass menger menger meenung ze schwaarz, well du erkenns net dat di 2 saachen, also Gesiicht an Aarm zesummenhenken. Haat am ufank och net erkannt wat et wär.
An dann nach déi Hautglättung fort... ass jo schued wanns dei vill Detailer di deng Cam festhälls sou zouschmiers
Beliichtung vum Gesiicht usech ass awer tiptop, flott Kontraster.
Gléckwonsch zu denger D300 och, si mol gespaant op e puer Biler dovunner
Am Originalen Geseis den Aarm eweinech(wanns de Grouss kliks och), dato ass esou gewollt. Dofir hun ech de Cadrage jo och esou gemach. Benotzen oft schwarz virun engem schw. Hannergrond. Am SW ass een de Kontrast mei gewinnt mä mir gefällt et och am Faarwechen.
Merci fir d300, mä hun nach nëtt fill domat gemach well meng RAW-Programmer d300 nach nëtt ënnerstetzen.
Dei lescht Woch konnt ech op der Nikon-solutions zu Köln D3,d300 mat 200VR,300Vr 500VR ... testen> GENIAL!!
Suwäit ech wees ass den Adobe Camera RAW awer schon geupdatet gin an funktionéiert elo och mat D3, D300... aanerer wi z.B Aperture, CaptureOne awer nach emmer net :/ mee di wärten och nemmi allzelaang op sech wuarde loosen!
Hun den naien Adobe Camera Raw mä funktionneiert nëtt mat der d300. Schaffen am leiwsten mam DXO. Bei der Camara war Gratis de CaptureNX dobei, Mä sin nëtt gewinnt domat ze schaffen.
Hues de deen hei scho probéiert: Camera Raw 4.3.1
Domat misst et eigentlech goen, firäusgesaat du hues e mac, wees net op et de fir windows gett.
Bei mär funktionéiert et opschiddefall!
Enner emstänn kanns de mam DNG converter vum NEF an den DNG convertéieren, dann misst suguer den DXO se opkréien. NX muss wiirklech net sin, hehe
An d'wär jo schued d'Kamera misse stoen ze loosen oder am JPG ze verweilen...
Vill Spass!
Fannen Pose as gelongen, den Cadrage och, an de Model gefällt och, daat Donkelt stéiert mech net sou insgesamt as Foto gudd, just eng Klengegkeet stéiert mech perséinleg, an daat sin di gesträiften Ouerreng... D'Iddi u sech fir d'Fuew vum Leppesteft namol sou opzegraifen as wiekleg gudd, mee daat gesträiftend... hm naja fanen lenkt insgesamt vun der sos flotter Foto oof... vlait wann se net grad sou grouss wären ging et och vlait net sou opfaalen, mee wéi gesoot daat as meng meenung aanerer fanen et vlait gudd? mee insgesamt fanen ech Foto wiekleg gudd!
joh mengn klex brengt et su zimlch op den punkt...ech hätt wascheinlich NII erkannt dass daat SAIN Arm as...
an daat mat da Hautglättung...joh..brrrrrr keen Frend derfun... (en punktulellen Scheinheetsfehler besaiteschen joh..mee ALLES verspachtlech...NOPE ;p)
trossdem en Portrait den eppes huet! (soss hett ech mengnch nik drop geklikt...;p)
Wanns de grous klicks geseis de den Arm, kuck mein Komentar beim Klex. Dat mat der extremer Glättung hun ech ereicht bei desem Modell ugewend , eweinech op Glamour, fannen awer dat et hai passt > affaire de gout.Merci awer fir deng Remarque.
hehe jeps...haat nik gesin dass se soufills mei grouss wier...heleft effektiv puer detailer fum Pullover remzefannen!
an ok zu -afdg-...keint een effektiv als daat oofSTEMPLEN )
hm jo wei dei aaner schon sooten... extrem Hautglättung :S nett su gutt an ech fannen d'oureng guer entt gutt >.< mengen matt mi dezenten oureng di nett su deck wären wei dei do wär d'foto fleit besser