heielei kuckelei do as en jo rem eisen rabonzl ... an direkt eng (anti)reklamm matbruecht
also dei luucht as interessant, den schreftzuch keint fläit nach mei erauskommen an ennen riets, daat steiert mech bessen (daat wat do och emmer am wee leit)
mier wellen mei gesin !
...!!!
Hm. Iergendwei eng ganz speziell Beliichtung, mee mer gefällt et. Waat ech nach "cool" drun fannen sinn dei Loftblosen an der Pipett (och wann een daat bei Parfum doudsecher aanescht nennt), well een dei su gudd gesait iergendwei.
Op den eischten Bléck daischter, mee sie gefällt mer aawer (helleft der net wierklech weider, ech wees :P)
Welcome back!!
edit: ech ginn dem waissen Kanengchen Recht: mer welen mei gesin
Ech fannen se net extra :/
Also wat mer mol net gefällt ass dass een den Schlauch su gudd geseit.
Se schengt och e bessen schief ze sin. An jo... ze vill zentréiert, et geseit een den "Deckel" oder wat och emmer net an ennen riets deen Schiet ass och net schéin.
jo, dat eenzecht wat hei iwwerluet as dat as 't stativ.
an awer nach epppes immens wichteges zu déngen astellungen, well déi widderspriechen sech:
du hues 400 ISO benotztz, dat as fir wann et méi däichter as; dann reagéiert de sensor méi séier op luucht! du gewënns domat 2 blenden visavis zu 100 iso
dann hues de eng blend 20 benotzt! dat as jo bal eng zoue blend, du verléiers hei mindestens 5(!) blenden
dat sin am ganzen 3 blenden déis de verschenks!
ergo (lol) :
nächt kéier kanns de bei déngen 400 iso bleiwen!
mee...
eng grouss blend (gouss blend as klenge wäert (z.b.4), kleng blend as grousse wäert (z.b. 22)
an déng zäitastellung kéins de dann an der theorie méi kuerz man, mee vu dass déng foto eigendlech ennerbeliicht as kanns de déng 30 sekonnen halen
nach een tip: nächst kéier luucht u man, däi bildopbau man an oppassen das alles riit as, an DANN réicht déng kummerluucht ausman fir déng stemmungsluucht ze benotzen. an du kanns nach (iergendeppes) an den hannergrund setzen fir dass déng lakotz net esou am schwaarzen opsëfft.
dobäi kanns de absolut op 't mariechen lauschteren an déng flesch z.b. méi lénks an 't bild setzen, a rietz an den hannergrond eng wäiss plack mat enger anerer luucht drop déi der z.b. ee flotten degradé mecht! oder du leefs am hannergrond wéi ee blöden mat enger tescheluucht duerch 't géigend! dat geet coh