Dat ass eng Iddi. Mais dat kënnt wahrscheinléch dohir, datt de 2.5cm Sucher fir op de Blëtzschung a Kombinatioun mat méngem Brëll de Paralaxefeeler net onbedingt kompenséiert huet. Dat war deen éischte Film, deen ech mat där Kombinatioun an deem Objektiv zum Deel fotograféiert hun. Lo weess ech dat fir di aaner Kéieren.
Gudd, me du hues se jo am digitalen an kéins se um PC an den 16:9 croppen, nee ?
Meng DLSR kann (am Géigensaatz zum Iphone) och och keen 16:9 mee meeschtens (ech denken och net emmer drun) cadréieren ech schon beim fotograféieren grouss genuch fir dass ech eben kann drun schneiden goen ouni dass d'Motiv drenner leid. Daat Format ass mäin Favorit, enner aanerem och well ech vill an Concoursen areechen an d'Juroren se meeschtens op enger 16:9 Telé kucken, sou ass dann d'Foto "fromatfëllend".
Ech gin der Recht mam Cadrage vun der läschter, mee wann ze vill Betong drop ass, dann ass daat wëll zevill Beton do ass virum Stadhaus. Fréier wor do mol e flotte Sprangbuer wou mir als Kanner um Oktavmäertchen eis Sprëtzrevolveren mat Waasser gefëllt hun an déi mer dann den Daag drop vum Schoulmeeschter am Klassesall ofgeholl kruten