Ech hun zwar lo nach ëmmer nit rausfonnt, ob et wéinst dem Rollei RPX 400 ass, oder well ech mam Adox F-39 entwéckelt hun, oder well mäi Canoscan 9100 sou "grimmeleg" scant. Well wann ech méng réi gescannte Fotoe kucken, obschon ech se mat 4800 dpi scannen, da sin déi an der Vergréisseung "schwampech" an ouni wirkléch propper Kontraster. A wann ech se dann am LR oder mam DxO Sharpener probéieren ze schärfen, da kënnt dee "Grain" do raus. Wat zwar sécherléch Charme huet a passt bei dës Motiver, mais ech denke mir awer, datt méng Analoggies et besser kënnen.
Ech hun awer zevill Entwéckler am Keller stoen, fir datt ech méng Filmer lo fir deier Suen bei engem Profi entwéckelen a scanne loossen.
Ech misst vläicht ee bessere Scanner kaafen.