Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

When the bell rings !

 
When the bell rings !
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.08.2006
  • Gekuckt:
    27445
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/50
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    17 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x641
  • Späicherplaz:
    284 KB
  • Originaldatum:
    2006:08:05 12:01:52
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch
Extras:
Stativ
Ouerestëpp (déi ménger Meenung no nët vill gehollef hun ;-))

Fir anzesetzen: [pg_img=8879]
Kommentar vum Fotograf:
Déi Foto kënnt iech vläicht bekannt vir: ech hun eng ähnlech fir de Contest eropgelueden an elo packen ech mech nët méi a muss nach eng bréngen, wëll dat nähmlech mega spannend war. Eise Paschtouer ass dee Beschten: dee wäer dach tatsächlech mam Jean-Jos a mat mir op sämtlech Klackentiirm an der Paar geklommen, wa mir nët beim zweete gesoot hätten: deen ass et. Wëll et awer du nach nët 12 gelaut huet, huet hien eis säi Schlëssel uvertraut. Awer ech kann iech soen: dat ass spektakuläer, wann eng Klack op een zougeflu kënnt. Et huet ee maximal 40-50 cm hannert der Konstruktioun, fir d'Stativ opzeriichten an da weess ee jo nach nët op de Fotoapparat gutt ausgeriicht ass: d'Mëttesklack laut nun emol nëmmen 2 Minutten an alles muss stëmmen a séier goen. Dat war en Erliewnis!
Graziano 10.08.2006 - 21:44
schein foto ass och schweier sou eng klock scharf ze kreien jo schein
MarcGerard 10.08.2006 - 21:46

GANZ flott! ech giff suguer soen "immens staark"!
TheGuitarist 10.08.2006 - 21:47
ech wollt d' Bewegung vun der Klack gäere mat drop kréien closed_eye
MarcGerard 10.08.2006 - 21:48

und das ist auch gut so ...
Dan 10.08.2006 - 21:51
Däin Kommentar a Verbindung mat der Foto....super!
Daat gefällt mier immens gutt! Weider esou!
THE-BAUER 10.08.2006 - 23:38
schein foto, war bestemmt vill aarbecht, mee eng mega gudd idee
alma 11.08.2006 - 07:40
de kola an ech wollten och firun puer meint och an de kirchturm klammen, mee et war 18.50 an haaten keng stepp dobei.ech wees och net op ech mech trauen geif zu dem zeitpunkt an den turm ze klammen wann klacken lauden.

een super moment erwescht
TheGuitarist 11.08.2006 - 20:06
Merci alleguer fir äer encouragéierend Kommentarer.
@Mogway: ech hat jo e 'senior' derbäi, dee mech berooden huet a mer säi Material geléngt huet closed_eye))
@alma: du muss dat onbedéngt emol machen...awer fro fir d'éischt de Paschtouer, wéini genau d'Klacke lauden, wëll et kann ongesond gin, wann ee grad op der falscher plaz turnt, wann se ufänken ze lauden!
elmuzo 11.08.2006 - 20:26
Waaa, super Junior, déck gudd Action.
TheGuitarist 12.08.2006 - 11:48
Hey, merci!
Nicon07 11.08.2006 - 20:41
Heiliger Tinnitus, bitt für unsre Ohren, heiliger Tinnitus. Wéi dir zwee do rof koumt, do wart dir bestëmmt geläute(r)t.bigsmile hahahaha

Di Foto do as spektakulär gudd. Méng Bewonnerung fir äre Courage. Watt ee Contest awer d'de Witz an den Ideenreichtumsouwuël wi och d'Kreativitéit usport, dat misst ee mol un di grouss Klack hänken.

PS. Di heite "Bell" déi "rings" awer net, ech géif do éischter dem Hemingway säi Verb to toll, also "tolls" huëlen am Titel. Dat mécht dat ganzt nach e bësse méi "aussagekräftig".

Vu mir 9/10, datt et mol eppes hannert de Komma get.
TheGuitarist 12.08.2006 - 11:56
LOL: Heiliger Tinnitus, bitt für unsere Ohren... "dein Wort in Gottes Ohr": lo weess ech dann och mol wien deen Hellegen ass closed_eye)))))
den Hemmingway kennen ech leider nach nët: ass sécher fir méi spéid emol

P.S.: lo haas d'awer vergiess ze voten closed_eye))))))))))))
Nicon07 13.08.2006 - 12:46
Dach, dach, ech hat gevoted. Mais mat e puer Deeg Zäitverzögerung.

Den Ernest Hemmingway huet ee Roman geschriwwen, deen hien "For whom the bell tolls" genannt huët. Et get och ee Film dervun vun 1943 mam Gary Cooper an dem Ingrid Bergman an den Haaptrollen.
An hei gess du eppes iwwert de Roman gewuer:
http://en.wikipedia.org/wiki/For_Whom_the_Bell_Tolls
TheGuitarist 13.08.2006 - 13:38
Yuppi, t'ass elo eppes hannert dem Kommaclosed_eye)))
Merci fir däi Vote an déi aner Informatiounen (elo huet deen [= jean-jos], dee virgëschter keng Loscht haat mir z'erzielen wien den Hemmingway wäer, missen iwwersetzen closed_eye)))

Neckel 03.09.2006 - 16:46
LOL genial, dat gefällt mer, kuhlen Kommentar vun dir, also ech hun deng Contest-Foto well flott fond, dess ass dir och gutt gelongen closed_eye) Respekt Junior ... kann nemmen soen weider sou an nach vill Spass mam Fotographeiren... smile))
TheGuitarist 03.09.2006 - 17:49
Hey Néckel: Merci fir däi comment, e mecht mir esou vill Freed, wéi d'Fotograféieren mir Spaass mécht closed_eye
yoked_prism 30.05.2007 - 11:23
Genial et heiert een se baal lauden.
Jean-Jos 19.07.2011 - 22:54
Ech sin elo zoufälleg beim 'Stöberen' nees op dës Foto gestouss a gesin, datt ech jo guer kee Kommentar heibäi geschriwwen hat.
Ech fanne se nach ëmmer richtég gutt...et gëtt Zäit nees op esou en Tour ze goen. Very nice pic!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 605 Gäscht online